Club des Jeunes Eechternoach

Club des Jeunes Eechternoach

Partager

Offiziell Facebook-Säit vum Club des Jeunes Iechternach Hei wäerte mer ierch iwwer Aktivitéiten vum Club, brandnei Scoops a wichteg Datumer informéiren.

12/01/2026

Beemechersammelen 2026 🎄

De Club des Jeunes Echternoach war de Samsden mat senge Memberen duerch Echternoach ënnerwee vir d'Chrëschtbeemercher opzesammelen. 💪🏻

Gläichzäiteg profitéieren mir dovun Iech alleguer eng gutt Gesondheet a vill Gléck am neie Joer 2026 ze wënschen 🍀🎊🥂

09/12/2025

Et ass erëm souwäit - desen Weekend ass endlech nees Chrëschtmoart!🎅🏼🎄

De Club des Jeunes Eechternoach ass dës Joer mat engem flotte Stand zu Eechternoach um Chrëschtmoart vertrueden.

Vun de bescht gegrillte Mignon‘s mat Speck a Kraiderbotter vum PartyService Osweiler, Beier vun der Echternacher Brauerei, bis zu Glühwäin a Glühviz bidde mir Iech alles un, wat op engem flotten Nomëtteg um Chrëschtmoart zu Eechternoach net feelen dierf.

Kommt laanscht a verbréngt e puer flott a besënnlech Stonne mam Club des Jeunes Eechternoach! Mir freeën eis op Iech!

EN AVANT!❄️⛄️

06/12/2025

🎅🏼❄️ Ho Ho Ho!

De Club des Jeunes Eechternoach war Gester Owend mam Kleeschen, den Housekeren an den Engelen um Tour fir d‘Eechternoacher Kanner glécklech ze maan. 🎅🏼

E grousse Merci un d’Firma Voyages Emile Weber fir de Sponsoring vun 3 Camionetten☃️❄️
www.wemobility.lu

Mir wënschen alle Kanner an Elteren ee schéine Kleeserchersdag!🎅🏼

Photos from Club des Jeunes Eechternoach's post 21/09/2025

🍇🍷 De Club des Jeunes Echternach war ënnerwee – mir waren op de Riesling Open.🍷
Et war eng flott Geleeënheet fir zesummen Zäit ze verbréngen, gutt Wäiner ze schmaachen an déi super Stëmmung ze genéissen. 🙌

Merci un all déi dobäi waren – mir freeën eis schonn op déi nächst Aktivitéit🎉

04/08/2025
26/07/2025

2 weeks to go • be part of a unique free entrance music festival • 08-09-10 august 2025 • 28h edition • www.e-lake.lu




📷

Photos from Club des Jeunes Eechternoach's post 30/06/2025

“Bësch am Krich - Krich am Bësch”
Den 5. Juli kënnt Dir an der Natur op d’Spuere vum Zweete Weltkrich goen. Um ausgeschëlderte Parcours duerch de Bësch bei Iechternach kënnt Dir Bunkeren entdecken, historesch Gefierer, Ausstellungen a perséinlech Témoignagen 🌳
📅 Samschdeg, 5. Juli, 09:00-16:00 Auer
📍 Zone “Erelchen” beim Mélickshaff (Parking ausgewisen vun der N11 aus vis a vis CGDIS )
🎟️ Fräien Entrée, keng Umeldung néideg

Mir als CJE si mat derbäi a bidden Iech Gedrénks an Iessen un. 🍻🌭

Photos from Club des Jeunes Eechternoach's post 01/05/2025

De Club des Jeunes Eechternoach huet haut traditionell um 1. Mee mat sengen Memberen e Meekranz gebonn 🌿☀️

Nächsten Sonndeg ass Rendez-vous op der Maartplatz zu Echternach. Vun 9 bis 17Auer fannt der eis op eisem Stand, mir freeën eis op Iech 🍹🍻🥂

26/04/2025

Haut hu Membere vum Club des Jeunes a vum e-Lake festival bei der „Grousser Botz“ zu Eechternoach deelgeholl👍🏻♻️🌻

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Echternach ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


17, Hooverlecker Buurgmauer
Echternach
L-6418