Norderney : entdecken, fuerschen, verstoen! 🦀🐚🌾 🔬
Op eiser Studierees op Norderney entdecke Schüler:innen déi faszinéierend Welt vum Watt, vun den Dünen an der Nordsee. Si maachen eegestänneg wëssenschaftlech Analysen, observéieren Déieren an hirem natierleche Liewensraum a sammelen onvergiesslech Erfarungen an der Natur. 🔍✨
🌊 Natur entdecken
🧪 Fuerschen an experimentéieren
👣 Léieren dobaussen
🤝 Als Team Erfarunge sammelen
📚 Du wëlls d’Natur wierklech erliewen an och bei esou spannende Projeten a Reesen dobäi sinn?
➡️ Dann informéier dech iwwer eis Sektiounen GPS an GSN am LTEtt a gëff Deel vun dësen eenzegaartegen Erfarungen!
outdoorlearning
LTEtt - Lycée Technique d'Ettelbruck
Official page for the Lycée Technique d'Ettelbruck
02/06/2026
Am Kader vum S-Team haten eis engagéiert Schülerinnen a Schüler sech d’Fro gestallt, wéi d’Wäerter vun eiser Schoul méi siichtbar am Alldag kéinte ginn.
Doraus ass d’Iddi entstanen, datt all Klass e Puzzlestéck kreativ gestalt, inspiréiert vun de Wäerter, déi eis Schoulgemeinschaft ausmaachen: Respekt, Toleranz, Gesondheet, Solidaritéit, Nohaltegkeet an Diversitéit.
Déi vill eenzel Puzzlestécker goufen elo zesummegesat an zu engem gemeinsame Konschtwierk veraarbecht: „A Mirror of Values“. De Spigel symboliséiert, datt d’Wäerter vun eiser Schoul net nëmmen op Plakater oder an Texter festgehale ginn, mee sech och an eisem deegleche Mënsch- a Matenee spigele sollen.
De Spigel ass elo hei am Lycée ausgestallt a gouf am Kader vum Iwwergang vum S-Team op de Projet Jeunes Ambassadeurs nach eng Kéier opgegraff an opgewäert.
E grousse Merci un all d’Klassen, d’Enseignanten, de Service technique, d’Direktioun an un all d’Schülerinnen a Schüler, déi mat hirer Kreativitéit zu dësem flotte Gemeinschaftsprojet bäigedroen hunn!
Véronique Feltes, Mandy Schweig, Carole Schroeder, Max Rodenbourg
22/05/2026
De 15. Mee huet d’Roadshow vun der «Take Off Science Show” vun RTL Statioun hei am LTEtt gemaach! Hei haten d’Schüler aus deene verschiddenste Klassen d’Geleeënheet ze entdecken wat «Science» iwwerhaapt bedeit 💡 Op e puer Statioune konnte si a flotten an interessanten Workshops an Atelieren hiert Wëssen testen an och a Gruppen géinteneen untrieden. Si hate vill Spaass an deen een oder aneren huet bestëmmt säin Talent an Interessi un deem Thema entdeckt a wee weess, vläicht gesi mir si jo eemol an der Science Show um Fernseh! 😊📺
Flashmob dans le cadre de la Journée de l’Europe au Lycée Technique d'Ettelbruck 💙
Merci aux élèves de l’option « Be active, be creative in politics » pour cette belle initiative !
19/05/2026
28.06.26 • Klimagehölze
🌿 Welche Gehölze sind für die Zukunft geeignet?
In Zeiten zunehmender Trockenheit, Hitze und Extremwetterlagen steht die Auswahl geeigneter Arten für den urbanen und ländlichen Raum im Mittelpunkt vieler Planungen.
Der Rundgang durch das Arboretum LTEtt 🌳 fokussiert auf klimawandelangepasste Gehölzarten - insbesondere solche mit hoher Trockenheits- und Hitzetoleranz, wie sie in der KlimaArtenMatrix (KLAM) oder dem Forschungsprojekt KLIMABOBA erfasst sind.
Dabei werden Arten direkt im Bestand auf ihre Vitalität, Wuchsform und ökologische Anpassung hin verglichen 🌱. Die Veranstaltung richtet sich an Fachleute, Interessierte 👀 und Lehrkräfte gleichermaßen. ☀️🌿
🗓️ So., 28. Juni 2026
🕑 14:00-17:00 Uhr
📍 Haupteingang LTEtt, Ettelbrück
Leitung: Thomas Rob und Eike Jablonski
➡️ Anmeldung: [email protected]
18/05/2026
Donneschdes stounge bei eise Schüler op der Norderney d’Analyse vun de Wattprouwen um Programm. Mat vill Eifer an Interessi hu si d’Prouwen ënnersicht. Si hunn flott zesumme geschafft, Observatioune festgehalen an hir Resultater diskutéiert 🔬
Duerno gouf nach mat grousser Begeeschterung gefëscht a parallel dozou goufen och d’Wiederdaten erfaasst an dokumentéiert 🐟 Temperatur, Wand an aner Wiederkonditioune goufen observéiert, sou datt d’Schüler e gudden Abléck an d’Zesummespill tëscht Natur, Wieder an Ëmwelt kruten 🌦️💨🌊
18/05/2026
Den LTEtt ass prett fir d'Premièresexamen!
De groussen Dag fir eis Primaner ass do! Deen Dag, op dee si jorelaang higeschafft hunn, dee si déi lescht Woche warscheinlech vill Nerve kascht huet. De Moien ass et dunn endlech lassgaang! Mir wënschen all eise Schüler ee gutt Gelénge fir déi nächst Wochen! 🍀🍀🍀
18/05/2026
Mat vill Engagement, Ausdauer an Asaz hutt dir äre Wee bis an ären Ofschlossexamen gemeeschtert!
Mir sinn als Direktioun vum LTEtt immens houfreg op iech a wënschen iech vill Erfolleg an den nächsten Deeg!
Interesséiert un de Gesondheetsberuffer? 🩺✨
Op der Sektioun GPS bei eis am Lycée:
🔬 léiers du aktiv duerch TP’en,
🧠 entdecks du de mënschleche Kierper,
🚑 preparéiers du dech op d’Gesondheetsberuffer.
Méi wéi just Theorie - hei steet Praxis am Mëttelpunkt!
Komm op eis Sektioun GPS(F) a fann däi Wee fir d’Zukunft. ✨
➡️ Méi Informatioune fënns du op www.ltett.lu ℹ️
•••
Intéressé(e) par les métiers de la santé ? 🩺✨
En section GPS au LTEtt,
🔬 tu apprends activement à travers des Travaux Pratiques,
🧠 tu découvres le corps humain,
🚑 tu te prépares aux métiers du secteur de la santé.
Bien plus que de la théorie - ici, la pratique est au centre de l’apprentissage !
Rejoins la section GPS(F) et trouve ta voie vers l’avenir. ✨
➡️ Plus d’informations sur notre site www.ltett.lu ℹ️
13/05/2026
Neiegkeeten vun der Norderney!
Haut um Mëttwoch hunn d’Schüler sech op d’Spuere vun den zuelräiche Villercher gemaach an dobäi vill spannend Aarte beobacht. 🦆🪶 Duerno goung et direkt eraus an de Watt, wou si verschidde Prouwe gesammelt hunn, déi muer am Laboratoire ënnert d’Lupp geholl ginn. 🔬
Mir wënschen hinnen all weiderhin vill Spaass op der Insel! 😄
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Emplacement
Téléphone
Site Web
Adresse
71, Avenue Lucien Salentiny
Ettelbruck
L-9080
Heures d'ouverture
| Lundi | 08:00 - 17:00 |
| Mardi | 08:00 - 17:00 |
| Mercredi | 08:00 - 17:00 |
| Jeudi | 08:00 - 17:00 |
| Vendredi | 08:00 - 17:00 |
| Samedi | 08:00 - 12:00 |
