13/05/2026
Qualitéit ass e wichtegen Deel vun eiser deeglecher Aarbecht mat eise Seniorinnen a Senioren. Den aktuelle Qualitéitsaudit vum Familljeministère bestätegt den Engagement vun eisen Ekippen:
✅ SHPA – Structure d’hébergement pour personnes âgées: 86 %
✅ CJPA – Centre de jour pour personnes âgées: 90 %
Dës Resultater weisen déi kontinuéierlech Aarbecht, déi gutt Zesummenaarbecht an den alldeeglechen Asaz vun eise Mataarbechterinnen a Mataarbechter.
E grousse Merci un all d’Ekippen, déi zu dësem Resultat bäigedroen hunn.
02/03/2026
Zesummen fir eist Doheem
Den 26. Februar hun mir eis Generalversammlung vum Heemrot ofgehalen – a Presenz vum President, dem Här Thommes.
Mir hunn zesummen op d'Joer 2025 zeréckgekuckt an déi vill Initiativen presentéiert, déi am Interessi vun eise Bewunnerinnen a Bewunner ëmgesat goufen. Et war eng flott Geleeënheet fir den Austausch a fir d’Zesummenaarbecht nach eng Kéier ze stäerken.
No der Versammlung hu mir den Owend bei engem gemittlechen Pättchen an engem gudden Maufel ausklénge gelooss.
Villmools Merci un all déi, déi sech fir eis Bewunner an Klienten asetzen!
24/12/2025
🎄 Schéi Chrëschtdeeg aus dem Pontalize 🎄
An dëser besonnescher Zäit vum Joer wëlle mir vun Häerzen eise Bewunner, hire Familljen an eise Mataarbechter Merci soen.
Merci fir d’Vertrauen, d’Ënnerstëtzung, d’Gedold an déi vill kleng a grouss Momenter vu Mënschlechkeet, déi eisen Alldag esou wäertvoll maachen.
Mir wënschen Iech all besënnlech a friddlech Chrëschtdeeg, vill Wiermt, Gesondheet a schéin Momenter am Krees vun aeren Léifsten.
🎁✨
12/12/2025
E grousse Merci a ganz häerzlech Gléckwënsch! 🎉
Am Pontalize wëlle mir haut e puer ganz besonnesch Persounen éieren 💙
👏 Catherine an Andrea – ganz häerzlech Gléckwënsch zu 25 Joer Engagement a Loyalitéit am CHNP!
E Véirelsjoerhonnert voller Asaz, Professionalitéit a Mënschlechkeet. Merci fir ären onermiddlechen Asaz an äre wäertvolle Bäitrag iwwer all déi Joren.
🌸 Gläichzäiteg soe mir dem Gilberte Äddi an hir wuelverdéngte Pensioun.
Léif Gilberte, mir soen dir vu ganzem Häerz Merci fir däi laangjäregen Asaz a wënschen dir vill Gesondheet, Freed a schéi Momenter an dësem neie Liewensofschnëtt.
🙏 Merci, datt dir Deel vun der Pontalize-Famill sidd.
24/10/2025
🥛 Visite bei der Molkerei Luxlait! 🌟
Den 20. Oktober war eisen Foyer du jour op engem flotten Ausfluch bei der Molkerei vun der Luxlait. Mir haten d’Geleeënheet, e spannende Bléck hannert d’Kulissen ze kréien an ze gesinn, wéi d’Produkter hiergestallt ginn. 🧀🥛
Firun der Visite hu mir nach wonnerbar giess – et war einfach lecker! 🍽️😋
E grousse Merci un d’Equipe vu Luxlait fir déi häerzlech Begréissung an déi interessant Erklärungen. Et war en super flotten Dag, mat vill Freed a gudder Laun! 💙
16/10/2025
🎶 Eng onvergiesslech Schëffstour op der Marie-Astrid 🚢
De 16. September hun d'Senioren aus dem Foyer du Jour an dem Pontalize e flotten Ausfluch op d’Marie-Astrid gemaach. 🎉 Mir hunn zesumme gelacht, gedanzt a gesongen — mat eisem Sänger dem Robert Messineo war d’Stëmmung einfach super! 🎤💃🍽️
Et gouf gutt Iessen, vill Freed a schéi Momenter, déi nach laang an Erënnerung bleiwen. 💛
En groussen Merci och un eist Personal ouni déi desen onvergiesslechen Moment net méiglech gewiercht wier.❤️💛
-Astrid
14/10/2025
Bei eis steet de Mënsch am Mëttelpunkt. 🌷
Fir eist Fleegenteam ze verstäerken, sichen mir eng/een Infirmière/er mat Häerz a Professionalitéit.
Wann’s du Freed hues, eelere Leit eng wäertvoll a sécher Betreiung ze bidden, da bass du bei eis genau richteg.
Infirmier(ère) chez Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) à Ettelbruck
Découvrez l'annonce d'emploi Infirmier(ère) à Ettelbruck, et déposez votre candidature en ligne ! L'entreprise Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) recrutement actuellement.
14/10/2025
Fir eist Team am Pontalize sichen mir eng/n engagéiert Aide-soignant(e).
Du bass verantwortungsbewosst, mat Häerz dobäi an gären am Kontakt mat eelere Leit?
Da schéck eis däi CV – mir freeën eis op deng Kandidatur! 💌
Aide-soignant chez Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) à Ettelbruck
Découvrez l'annonce d'emploi Aide-soignant à Ettelbruck, et déposez votre candidature en ligne ! L'entreprise Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) recrutement actuellement.
14/10/2025
Du hues Erfarung an der Betreiung oder Fleeg vu eelere Leit? 🩺
Mir sicht eng motivéiert Persoun fir eist Team am Pontalize ze verstäerken.
Bei eis steet de Mënsch am Mëttelpunkt – a mir sichen een, dee mat Häerz dobäi ass! ❤️
Educateur(trice) diplomé(e) chez Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) à Ettelbruck
Découvrez l'annonce d'emploi Educateur(trice) diplomé(e) à Ettelbruck, et déposez votre candidature en ligne ! L'entreprise Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) recrutement actuellement.
26/08/2025
🌞🚐 Schueberfouer Luxembourg-Ausfluch! 🎡🍽️
Haut war et endlech esou wäit – eis Bewunner hunn zesumme mat eisen engagéierte Mataarbechter eng onvergiesslech Rees op d’Schueberfouer erlieft! 😍🎉
Schon um Hiwee war d’Stëmmung super: vill Laachen, flott Gespréicher an natierlech – perfekt Wieder! 🌞🕶️
🎡 D’Riserad war e richtegt Highlight – mat fantastesche Vueën an vill Freed! 😍🙌
🍔🥤 Fir Iessen an Drénken war natierlech och gesuergt – lecker a gemittlech! 🍟🍰
D’Laune war einfach grandios – bei Bewunner a Mataarbechter! 🥳💃🕺
🙏 E grousse Merci un all eis Mataarbechter, déi dësen Ausfluch méiglech gemaach hunn! D’Logistik an d'Sécherheet bei esou Aktivitéiten sinn net ze ënnerschätzen 👏🛡️
💙 Dir hutt mat vill Engagement a Häerzblutt fir onvergiesslech Momenter fir eis Bewunner gesuergt – Merci! 🙏🌟
🎡💙