20/03/2026
Den 11. Mäerz huet d’CSV Gemeng Fréiseng am Uespelter Schlass hir Generalversammlung ofgehalen. Nieft dem Réckbléck op d’Aktivitéite vun der Sektioun an dem Austausch iwwert déi kommend Aufgaben an Erausfuerderunge stoung och d’Liewe vun eiser lokaler Sektioun am Mëttelpunkt.
Am Uschloss un d’Generalversammlung gouf eng Konferenz mam neien CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet organiséiert. Virun de Membere vun der Sektioun, awer och virun externe Gäscht, huet hien déi nei Steierreform presentéiert an déi wichtegst Ännerungen erkläert. Dobäi ass hien op déi zentral Mesuren agaangen an huet och d’Méiglechkeet ginn, Froen ze stellen an ze diskutéieren.
Souwuel d’Generalversammlung wéi och d’Konferenz ware gutt besicht, wat den Interessi un der Aarbecht vun der CSV Gemeng Fréiseng an un de politeschen Aktualitéiten ënnersträicht. Mir freeën eis iwwert déi positiv Resonanz a soen all de Participanten häerzlech Merci fir hir Präsenz an hiren Interessi.
31/12/2025
Mir wënschen Ierch an Äre Léifsten e gudde Rutsch an d‘neit Joer, mat schéine Momenter, Dankbarkeet, Gesondheet a vill Léift!
Hoffe mer op e friddvollt Joer, wou de Mateneen an d‘Empathie rëm am Mëttelpunkt stinn 🍀🤞🍀!
24/12/2025
Dat Waertvollst wat mer een deem anere kënne schenken, ass Zäit a Léift! Genéisst d‘Feierdeeg mat äre Léifsten a passt op Ierch op 🎄🌟☺️
CSV Sektioun Fréiseng Marc Jacoby Luc Meyer Karin Meyer Karin Kalmes Chiara Amy Rodrigues Claude Courtois Pascale Schuman Michel Weimerskirch Gé Krier
22/11/2025
Keen Iessen ouni Dessert 🍰🍩🥮🥧☕️
21/11/2025
Bei eis si Dir op manst eng Kéier e Sonnde passéiert 🍾🍷🥂💶💳👋
20/11/2025
Dëse Merci gëlt alleng IERCH!!
Mir soe Merci fir Är Presence!!
Solle mer et schonns verroden..?
17/11/2025
Mat engem Laachen am Gesiicht schafft et sech am Beschten 🙂 merci eise Raclettemeeschteren Marc Jacoby an dem Claude Courtois 🪤🧀
16/11/2025
Duerch är grouss Présence, konnte mir all zesummen e flotten a gesellegen Mëtten zu Uespelt verbréngen!
An de nächsten Deeg waerte mer nach puer Fotoën vun eisem Raclette Iessen posten.
CSV Sektioun Fréiseng seet dofir jiddferengem deen derbäi war, e ganz décke Merci!!
15/11/2025
Raclette Iessen muer de Mëtten (16. November) zu Uespelt am Centre Polyvalent - mir si prett a freeën eis op e flotten a gemittleche Nomëtte mat ierch 🧀🪤🍮☕️🍽️🥂🍷🤩
30/10/2025
Mir freeën eis - vergiesst net Ierch unzemellen 🙂
22/09/2025
De Flyer mam Détail fir eist Raclette-Iessen ass an der Produktioun 🤩
Fir den Ufank ass d’Fräihalen vum Datum (16. November), a Famill a Frënn invitéieren fir mat ze kommen, am Wichtechsten!
Mir freeën eis lo schonns op e flotten Mëtten mat Ierch all 🧀🪤