DP Maacher

DP Maacher

Partager

Wëllkomm op der offizieller Facebook-Säit vun der DP Maacher.

Photos from DP Maacher's post 04/04/2026

Traditionellen Ousterpatt vun der DP Osten am Centre Machera 💙🐣
Mir wënschen eech schéin Ousteren! 🌷🐰

10/03/2026

Eng ganz flott AG vun der DP Maacher 💙

19/12/2025

DP Maacher huet géint de Budget Rectifié 2025 an de Budget 2026 gestëmmt.
Wisou?

➡️Bis Enn 2026 belafen d’Emprunten sech op bal 45 Milliounen.
Zënter 2016 ass quasi all Joer en Emprunt opgeholl ginn.

➡️ well e Gesamtkonzept feelt. Beispill: de Parking op Flohr oder de Réaménagement vun engem Deel vun der Tréier Strooss.

➡️ Wann een awer op d’Prioritéiten kuckt, stinn der 9 an der Erklärung, dovun sinn der bis elo just 2 ofgeschloss – an dat sinn déi, déi schonn an der viregter Legislaturperiod am Chantier waren. 3 Prioritéiten sinn an der Planung, bei 4 ass et roueg.
An eisen Aen missten dës Prioritéiten och prioritär behandelt ginn, well et
Verspriechen un d’Bierger waren.

➡️ Apropos Verspriechen: d’Emgestaltung vun der Op-/Offahrt vun der A1 um
Potaschbierg, Léisungen fir de Verkéiersfloss am Kreesverkéier Kummert, Asetzen
fir eng Bréck iwwer den Hafen direkt op d’A1… Dëst sinn alles Punkten, déi och
versprach goufen, mee wou nach näischt geschitt ass.

⬇️ Hei drënner fannt dir déi ganz d‘Stellungnahm vun der DP Fraktioun.

https://www.dp.lu/maacher/stellungnahm-zum-budget-vun-der-dp-2/

Photos from DP Maacher's post 02/12/2025

Haut de Moien waren d‘DP Conseilleren Claude Wagner, Patrick Frieden a Claire Sertznig sech den Dossier an d’Pläng iwwert den Ausbau vun den Tanken ukucken. 🔥

Als DP Maacher hunn mir zesumme mam Comité eis Bedénken an engem Bréif un de Schäfferot adresséiert.

Dir kennt och nach haut är Reklamatioun eraginn op der Maacher Gemeen. 🏢

11/10/2025

💙 well et ëm muer geet.

10/10/2025

Dir sitt häerzlech invitéiert muer vun 10 bis 12 Auer an der Fussgängerzon op de Stand vun der DP Maacher laangschtzekommen fir flott Gespréicher. 🥂

Photos from DP Maacher's post 04/10/2025

Merci dem néien Grand-Duc Guillaume fir seng éischt Visitt zu Maacher am Kader vum Grand-Duc senger feierlecher Tournée. 👑 🇱🇺

D‘Kanner vun de verschiddene Maacher Sportsveräiner hunn hiert Bescht ginn trotz dem Reen. ☔️ 👏🏼

28/09/2025

Um 42. Quetschefest zu Maacher bei ville Leit, gudder Musék an enger flotter Ambiance. 🧑‍🚒 🚒 Merci den Gréiwemaacher Pompjeeën asbl fir d‘Organisatioun!

26/09/2025

👍🏻 fir 30er Zon ronderëm d‘Grondschoul 🚗 🏫
👎🏻 fir d‘Hallefwourecht vun der CSV Maacher 🗣️😶

Erklärung ▶️ am Gemeenerot vum 04. Februar 2016 (!) huet de Patrick Frieden fir d‘DP Fraktioun schon eng 30er-Zon fir d’rue du Centenaire gefroot. 📸 👀 (Extrait aus dem Bulletin municipal 02/2016) Ënnert der Majoritéit vun CSV/Déi Gréng ass dës Propose deemols ofgelehnt ginn. 🚦

A weideren Sitzungen gouf emmer rem iwwert 30er Zon ronderëm d‘Maacher Grondschoul geschwaat a nogefroot.

Mir vun der DP Maacher si frou, dass schlussendlech eis Propose vun 2016 konnt réaliséiert ginn 👏🏼 ganz am Sënn vun engem séchere Schoulwee fir eis Kanner. 👧🏼👦🏽

16/07/2025

No eisem leschte Comité virun der Summerpaus haate mir e flott Ofschlossiessen! ☀️🍽️

En erhuelsame Summer jidderengem - mir gesinn eis secher op de verschiddene Fester 🎉🍇🛍️

Photos from DP Maacher's post 13/07/2025

Journée commémorative „Ons Jongen“ op der Kräizkapell.

Looss viru blénken d’Fräiheetssonn déi mir sou laang gesin ☀️

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Grevenmacher ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


Grevenmacher