30/05/2026
📣Jugendübung bei flotten Temperaturen bedéit üben mat Spiel an Spass.
De Schlauch war haut ons Thematik. 📒✏️
Natirlech eng kleng Wasserschlacht 🪣as nit ausbliewen🤣.
Mir si e Veräin vun Fräiwëllegen déi alles dofir maachen fir Iech an Nout beschtméiglech ze hëllefen. Dat zesummen mat onser Amicale.
Mir sinn a setzen ons a fir:
Fräiwëllege Pompjee
First Responder
Jugendpompjeeën.
30/05/2026
📣Jugendübung bei flotten Temperaturen bedéit üben mat Spiel an Spass.
De Schlauch war haut ons Thematik. 📒✏️
Natirlech eng kleng Wasserschlacht 🪣as nit ausbliewen🤣.
12/05/2026
Hei e klenge Réckbléck an Form vu Fotoe vun eisem Dag bei de Pompjeeën 📸🚒
E grousse Merci un iech alleguer, déi komm sidd! Et huet eis immens gefreet, Iech en Abléck an eist Hobby an eis Passioun ze ginn. 👨🚒🔥
E ganz spezielle Merci un d’Agility fir de Catering – ouni iech wiere mir wierklech opgeschmass gewiescht! 🍽️🙏
Merci och un eis Nopesch-CIS’en fir d’Ausstellen vun de flotte Gefierer 🚒👏
E weidere grousse Merci un Technical Rescue Team LX fir d’Presentatioun vun der Übung 💪
Natierlech och e villmools Merci un eis Gemeng an un eis Sponsoren fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung 🙏
Merci och un de Police Musée fir d’Ausstellen vum Passat 🚓
A zum Schluss nach e spezielle Merci un den Eric Di Millo fir déi flott Fotoen, déi hien iwwer de ganzen Dag gemaach huet 📸👏
Mir hoffen, Iech huet et gefall! 😊
Muer ass et esou wäit! 🚒🔥
Een Dag bei de Pompjeeën zu Groussbus!
Komm laanscht! 😉
🚒 Dag bei den Pompjeeën zu Groussbus 🚒
De Ronny hëlt iech mat op eng Rees duerch eis Fotogalerie 📸
Zanter 1847 ass vill geschitt am CIS Groussbus – 179 Joer Groussbusser Pompjeeë si schonn eng richteg Geschicht!
Wann s du och Deel vun der Geschicht vum CIS Groussbus wëlls ginn, da komm och den 10. Mee op de Dag vun de Pompjeeën um Prommenhaff.
Mir freeën eis op iech! 🔥👨🚒👩🚒
🐄 Spill léiwer net mat enger Kou… dat kann schif goen 😜
Komm léiwer e Sonndeg bei eis! 🚒🔥
Een Dag bei de Pompjeeën zu Groussbus
Do bass de op der sécherer Säit 😉
📦😉
D’Këscht huet de Felix verfeelt …
🚨 mee du däerfs den 10. Mee net verfeelen!
Komm laanscht op de Dag bei de Pompjeeën zu Groussbus 🚒🔥
Mat Action, Demonstratiounen a villen Ablécker an eis Aarbecht.
Mir freeën eis op dech!
01/05/2026
1ten Mee.
Am Kader vun enger gouf haut de Meekranz gebonnen zesummen mat Grouss an kleng.
01/05/2026
🚒 De CIS Grosbous ass elo och op Instagram!
Och eng Pompjeeën, déi et schonn zanter 1847 gëtt, huet endlech Instagram entdeckt 😉
Dir fannt eisen Account ënnert dem Numm cis_grosbous oder dir scannt einfach de QR-Code.
Daag bei de Pompjeeën 🚒🔥
Komm och du den 10. Mee op eise Daag bei de Pompjeeën! 😊
Du wëlls däi Feierläscher kontrolléiere loossen? 🧯
Dengen Kanner e flotten a spannende Dag bidden? 🎈🚒
Oder selwer den Hobby vum fräiwëllege Pompjee kenneléieren? 👨🚒👩🚒
Da bass du genau richteg bei eis! 🙌
Mir freeën eis op dech! 🔥😊
Dag bei de Pompjeeën am Prommenhaff