Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil

Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil

Partager

Offiziellen Account vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil

Dëse Site gëtt geréiert vum Familljeministère a soll d'Bierger iwwer seng Aarbecht informéieren. De Familljeministère garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site. De Familljeministère kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. De Familljeministère kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun Informatiounen d

Photos from Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil's post 29/05/2026

Inklusioun fänkt mat engem DUO un 🤝

D'Inklusioun um Aarbechtsmaart ze fërdere stoung och dëst Joer nees am Mëttelpunkt vum DUOday bei der ADEM - Agence pour le développement de l'emploi.

Ronn 200 Kandidaten hate sech gemellt, fir sech bei 20 Aarbechtsgeber virzestellen. Och de Familljeminister Max Hahn an den Aarbechtsminister Marc Spautz waren dobäi a konnten sech mat de Kandidaten austauschen an een Duo fir een Dag fannen.

Ob Persoune mat enger Beanträchtegung oder am reclassement professionnel – d’Kompetenzen an d’Talenter vun de Kandidate stoungen am Fokus. En Dag ganz am Zeeche vun der Inklusioun, dem Austausch an neie Perspektiven.

Bleift gespaant: Geschwënn stelle mir iech den Duo vum Familljeminister Max Hahn vir. 👀🔜

Photos from Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil's post 28/05/2026

De Familljeminister Max Hahn huet zesumme mam GERO-Kompetenzzenter fir den Alter an der Police Luxembourg de Participante vun dëser wichteger Formatioun hiren Zertifikat iwwerreecht.
Duerch dës Initiativ ginn eeler Leit forméiert, fir aner Senioren iwwer all méiglech Froen ronderëm d’Sécherheet ze sensibiliséieren, vum Schutz virun Abriecher bis bei d‘Preventioun vun Arnaquen.

D’Zil ass et, den eelere Mënschen hiert Sécherheetsgefill ze stäerken, hir Eegenverantwortung ze fërderen an z’evitéieren, dass verschiddener sech aus Angscht aus dem gesellschaftleche Liewen zeréckzéien.

👏 E grousse Merci un all déi engagéiert Participanten.

27/05/2026

🔵 Tous acteurs d’une société accessible !
L’accessibilité est un droit fondamental. Et chacun peut agir.
Le ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil, le ministère des Affaires intérieures et Info-Handicap vous invitent à une série d’événements dédiés à l’accessibilité pour tous.

📅 4 dates à travers le pays :
👉 25 juin – Esch-sur-Alzette
👉 29 juin – Marnach
👉 30 juin – Walferdange
👉 1er juillet – Grevenmacher

🕓 De 16h00 à 20h00

💬 Au programme :
Présentations
Bonnes pratiques
Échanges autour de thèmes clés : lieux ouverts au public, emploi, tourisme, communication accessible…

📚 Focus sur les lois clés en matière d’accessibilité
🎓 Certificat de participation possible
♿ Services d’accessibilité prévus

Présentation en luxembourgeois avec traduction simultanée en français et en allemand.

👉 Plus de détails et inscription : iha.lu/tasa

Photos from Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil's post 19/05/2026

🎉 Felicitatioun un Gemeng Dippech , déi gëschter mam Familljeminister Max Hahn de Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen🖊️huet, an un Ville de Differdange a Gemeng Käl , fir d’Iwwerreechung vun hirem Biergerguide.🤝
👉 Domat engagéieren dës Gemengen sech verstäerkt fir den Zougang zu Informatiounen an d’Bedeelegung vun alle Persounen, déi an der Gemeng liewen oder schaffen, wéi och fir d’Bekämpfung vu Rassismus an all Form vun Diskriminatioun.
🔗 Méi Informatiounen op www.gemengen.zesummeliewen.lu

18/05/2026

📢 De Familljeministère sicht iech!

🇱🇺 Dir iwwerhuelt gäre Verantwortung a sicht no enger neier Erausfuerderung mat engem reelle gesellschaftlechen a sozialen Impakt?
Dann mellt iech bis den 🗓️ 26/05/2026 fir de Poste vum “Directeur de l’Office national de l’accueil” iwwert follgende Link 👉 https://gd.lu/3ZX4b1

🇫🇷 Vous avez envie de relever un défi à fort impact humain et sociétal ?
Postulez dès maintenant et jusqu’au 🗓️ 26/05/2026 au poste de Directeur de l’Office national de l’accueil via le lien suivant 👉 https://gd.lu/3ZX4b1

05/05/2026

🇱🇺 Haut ass de Weltdag vun der Handhygiène! 💧✋

Wousst dir dëst? All Joer developpéiere Millioune vu Mënschen op der ganzer Welt Infektioune wärend hirer medezinescher Versuergung. Déi gutt Noriicht: vill vun dësen Infektioune kënnen duerch eng einfach awer wichteg Moossnam verhënnert ginn - eng gutt Handhygiène.

D’Hänn wäschen ass eng vun de wichtegste Moossname, fir d’Verbreedung vu Keimen ze stoppen an d’Gesondheet vun allen ze schützen.
👉 Propper Hänn = sécher Hänn!
Méi Informatiounen: https://gd.lu/MVdsZ

🇫🇷 Aujourd’hui, c’est la Journée mondiale de l’hygiène des mains ! 💧✋

Le saviez-vous ? Chaque année, des millions de personnes dans le monde contractent des infections lors de leur prise en charge médicale. La bonne nouvelle : beaucoup de ces infections peuvent être évitées grâce à un geste simple mais essentiel - une bonne hygiène des mains.

Le lavage des mains est l’un des moyens les plus efficaces pour prévenir la transmission des germes et protéger la santé de tous.
👉 Des mains propres = des mains sûres !
Plus d’infos : https://gd.lu/MVdsZ

🇬🇧 Today is World Hand Hygiene Day! 💧✋

Did you know? Every year, millions of people worldwide develop infections while receiving care. The good news: many of these infections can be prevented with a simple but essential gesture - proper hand hygiene.

Washing hands is one of the most effective ways to stop the spread of germs and protect everyone’s health.
👉 Clean hands = safe hands!
Learn more: https://gd.lu/MVdsZ

Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil

Photos from Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil's post 30/04/2026

💙 Réckbléck op en inspiréierenden Dag
Beim Aktiouns- a Sportdag « Besoins spécifiques » vun der Stad Lëtzebuerg stoung d’Inklusioun am Mëttelpunkt ✨
Nieft engem eegene Stand vum Familljeministère, huet de Familljeminister Max Hahn zesumme mam Corinne Cahen en Tour iwwer d’Stänn gemaach an sech mat ville Benevollen, betraffene Persounen a Professionellen ausgetosch.
Vill Engagement, vill Begeeschterung – an eng staark Erënnerung drun, wéi wichteg eng oppen an inklusiv Gesellschaft fir jiddereen ass 🙌

27/04/2026

Sûr d’avoir vos finances en main ? 💰
Le surendettement peut toucher tout le monde.
Plus vous réagissez tôt, plus vous avez de chances de vous en sortir — mais il n’est jamais trop t**d pour agir.
👉 Agissez dès maintenant sur www.endettement.lu

Photos from Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil's post 22/04/2026

🤝 Zesumme mat Inter-Actions asbl an der Ligue Médico-Sociale, organiséiert de Familljeministère dëst Joer déi 4.Editioun vun der Nationaler Woch fir d’Präventioun vun der Iwwerverschëldung.

Mat diverse lokalen Aktioune wëlle mir och dëst Joer erëm drop opmierksam maachen dass Präventioun vun der Iwwerverschëldung mat enger finanzieller Educatioun ugeet.💰💡

👉 Fannt de ganze Programm vun der Woch op www.endettement.lu

22/04/2026

📢 Join the team!
Dir wëllt aktiv un der Ëmsetzung vun der Accessibilitéit zu Lëtzebuerg matwierken an dozou bäidroen, konkret Barrièren am Alldag ofzebauen?
Dann mellt iech bis den 🗓️ 12/05/2026 op déi ausgeschriwwe Posten:
👉🏻 „Architecte – Expert en accessibilité“ an der Karriär A1 🔗 gd.lu/58mFSt
👉🏻 „Expert en accessibilité“ an der Karriär A2 🔗 gd.lu/b1qL8P

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Hamm ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


13c, Rue De Bitbourg
Hamm
1273

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 17:00
Samedi 09:00 - 17:00
Dimanche 09:00 - 17:00