Centre d'Incendie et de Secours Hesper

Centre d'Incendie et de Secours Hesper

Partager

Centre d'Incendie et de Secours Hesperange - Pompjeeën Gemeng Hesper a.s.b.l. Service d'incendie et de secours volontaire

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Hesper's post 01/05/2026

Wei all Joer hunn d’Hesper Pompjeeën hiren traditionelle Meekranz gemaach an am CIS Hesper opgehaangen esou wei bei eisem Zenterchef, sengem Adjoint a bei eise Stammlokaler. 

Duerno hu mir an eiser Kasär zesumme vun dësem flotten Dag profitéiert.

01/03/2026

Eis Sportsekipp de Moie bei der zweeter Editioun vum CGDIS Run 🏃🏼‍♂️🏃🏼‍♀️

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Hesper's post 22/02/2026

Buergbrennen 2026
#2026

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Hesper's post 01/02/2026

Gëschter wor eis Jugendsektioun nees um Tour 👨🏼‍🚒👩🏼‍🚒

15 vun eise Kanner a Juglendlechen hu gëschter zesummen mat 4 Moniteuren un der Wanterwanderung zu Bissen deelgeholl. Och wann d'Wieder net perfekt wor, koumen eis Junioren trotzdem drëchen un d'Ziel. Duerno hu se sech dunn mat enger gudder Bouché am Bissener Pompjeesbau gestäerkt, bevir et dunn nees zreck op Hesper gaang ass 🥾🍽️

21/01/2026

Samschdes, den 21. Februar, lueden d'Hesper Pompjeeën nees op hiert traditionellt Buergbrennen an, fir zesumme mat iech "de Wanter ze verbrennen". ❄️🔥

D'Fest fënnt wei all Joer zu Fenteng hannert dem Kierfecht Richtung Kockelscheier statt. 

Ab 17:00 ass d'Hal wéi gewinnt fir iech op! A fir Gedrénks an Iessen ass natierlech och gesuergt! Nieft dem Gegrills gëtt et dëst Joer dann elo nei, eisen ungaresche Wëldgulasch aus lokale Bëscher! 🌭🍻 

De Fakelzuch bis bei d'Buerg geet um 19:30 beim Kierfecht lass. Kuerz drop setze mir dann eis Buerg a Flamen. 🔥🔥👨🏼‍🚒

Mir freeën eis op iech!🤩

#2026

19/01/2026

Fuesjecken opgepasst, gläich ass et nees souwäit!

De 14. Februar lueden d'Hesper Pompjeeën erëm op hire Fortissimo an.👨🏼‍🚒🥳🎊🎉 

Wou a wéini? Wéi ëmmer nees am Chalet zu Hesper am Park ab 19h00! 

Fir Gedrénks ass natierlech gesuergt, mat eiser traditioneller Happy Hour vun 19h bis 20h! 🍻🥂

Den DJ Fab versuergt iech de ganzen Owend mat beschter Musek fir dass dir och a beschter Fuesstëmmung danzen a feiere kënnt! 🎷🎶🕺 

Tickete ginn et just an der Oweskeess fir 10€ 💶

Wann dir Vältesdag also nach näischt virhutt, da kommt bis laanscht a feiert mat eis d'Fuesent! Mir freeën eis op Iech 🤩

Photos from CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours's post 07/01/2026

De Moie fréi goufe mir op e Feier zu Izeg alarméiert. 🔥🚨

Op der Plaz ukomm, hu mir direkt mat zwee Otemschutzbinome Läschmoossnamen iwwert eisen TMF an e Bannenugrëff virgeholl.
Am Ganze waren 14 Pompjeeë vun eis am Asaz. Am Laf vum Dag si mir dunn nach eng Kéier dohi gefuer fir puer Stonnen eng Brandwach ze garantéieren. 👨🏼‍🚒👨🏼‍🚒

Grousse Merci fir déi super Zesummenaarbecht un déi aner Zenteren a GISen, déi hei am Asaz waren, souwéi och un d'Streeekipp vun der Gemeng Hesper, déi dofir gesuergt hunn, dass d'Asazplaz net ze glat gouf. 💪🏼

31/12/2025

D'Déngschtekipp vun den Hesper Pompjeeën an hier Amicale wënschen e gudde Rutsch an nëmmen dat Bescht fir dat neit Joer 🍀🥂

E besonnescht Joer an der Geschicht vun den Hesper Pompjeeë geet op en Enn. Grousse Merci un dëser Plaz u jiddereen, deen eis dat ganzt Joer ënnerstëtzt a gehollef huet an zu dem flotte Joer bäigedroen hunn. De Merci gëllt awer och all eisen aktive Pompjeeën, déi Dag fir Dag hier Fräizäit an den Déngscht vun der Allgemengheet stellen🙏🏼🫶🏼

Mir freeën eis schonn op 2026! 🤩🥳

#2026

24/12/2025

D'Hesper Pompjeeën an hier Asbl wënsche schéin a besënnlech Chrëschtdeeg. Passt op iech op a kommt gutt iwwert Feierdeeg 🎄🎄

Un dëser Platz awer och e grousse Merci un all eis Memberen, déi eis iwwer dat ganzt Joer ënnerstëtzen 🙏🏼🫶🏼

Photos from CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours's post 13/12/2025

Dësen Donneschde goufe mir mat op e gréissere Brand um Houwald alertéiert. 🔥🔥

Well op der Plaz nach vill Otemschutzdréier gebraucht goufen, goufe weider Otemschutzdréier vun eis nogeruff. Um Schluss ware mir insgesamt mat 16 Leit a 4 Gefierer am Asaz. 👨🏼‍🚒🚒

A gudder Zesummenaarbecht mat de Kolleegen aus der Stad, vu Réiser a vu Jonglënster konnt d'Feier geläscht ginn an en Iwwertriede vum Brand vermeit ginn. 🤝🏻💪🏼

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Hesperange ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


112, Allée De La Jeunesse Sacrifiée
Hesperange
5863