CSV Gemeng Habscht

CSV Gemeng Habscht

Partager

Dest ass d'Facebook-Seit fun der Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei Gemeng Habscht

05/06/2026
Photos from CSV Gemeng Habscht's post 24/05/2026

Den After-Work vum 22. Mee 2026 zu Äischen um Denn, war eng flott Geleeënheet fir politeschen Austausch a gesellegt Zesummesinn.

Mat ronn 70 Memberen a Sympathisante war d’Participatioun ganz grouss a weist den Intressi un engem oppenen Dialog an enger engagéierter lokaler Politik.

E besonnesche Merci geet un eisen Invité vum Owend, den Alex Donnersbach, fir seng wäertvoll Ablécker an dee konstruktiven Austausch iwwer aktuell Themen.

Esou Momenter vun direktem Dialog stäerken net nëmmen de gesellschaftlechen Zesummenhalt, mee och d’Verbindung tëscht de Biergerinnen a Bierger an der lokaler politescher Aarbecht.

Merci un all déi dobäi waren.

Photos from CSV Gemeng Habscht's post 21/05/2026

Aweihung vum alen Habschter Kiosk haut de Mëtteg beim neie C**A zu Äischen.

De Kiosk, deen deemools vu lokale Veräiner gebaut ginn ass, stoung vun 1921 un am Zentrum vun der Uertschaft. Hien huet als Treffpunkt fir d’Habschter Leit gedéngt, an ënner anerem huet d’Habschter Musek do vill flott Concerten gespillt.

1970 huet de Kiosk wéinst Stroossenaarbechten missen ofgerappt ginn. E groussen Deel vun de Stécker konnt awer erhale bleiwen, an dës goufen haut an den neie Kiosk zu Äischen integréiert.

Gläichzäiteg konnten haut och déi erhale a renovéiert Keessenhaisercher vum fréieren Äischer Fussballveräin offiziell ageweit ginn. Op där Plaz, wou haut de C**A steet, wor fréier de Fussballsterrain vum FC Olympique Äischen, deen zënter 1960 do seng Heemmatcher gespillt huet.

Photos from CSV Gemeng Habscht's post 17/05/2026

Geschter Owend ware mir um Galaconcert vun der Harmonie Habscht, wou mir duerno och an dem Alfred Schmit säi Gebuertsdag eragefeiert hunn.

Mir wënschen dem Alfred alles Guddes a vill Gesondheet fir säin 90. Gebuertsdag. ✨🎂

Photos from CSV Gemeng Habscht's post 11/03/2026

Eng ronn 50 Memberen haten sech den 10. Mäerz fir eis Generalversammlung 2026 zu Äischen am Centre Jean Wolff zesummefonnt.

No der Usproch vun eiser Presidentin an deene verschiddene Rapporte goufen eng Rei vu laangjärege Membere geéiert.

Uschléissend huet eise Buergermeeschter Serge Hoffmann een Iwwerbléck an Ausbléck iwwer déi aktuell Projeten an der Gemeng Habscht ginn.

Och déi nei Bezierkspresidentin an nach aktuell Generalsekretärin Françoise Kemp war bei eis an huet e puer Wierder un d’Versammlung geriicht.

De Virtrag vun eisem Gaaschtriedner dem CSV Vizepresident an Escher Buergermeeschter Christian Weis war eng Beräicherung fir dës Versammlung.

Bei engem gudde Patt an engem klenge Maufel hu mir dësen Owend a gemittlecher Ronn ausklénge gelooss.

Merci nach eng Kéier un Iech all fir är Präsens.

Photos from CSV Gemeng Habscht's post 24/02/2026

Um Bezierkskongress vun der CSJ/CSF/CSV Süden geschter Owend.

Mir gratuléieren dem Stephan Krier fir seng Wiel an de CSJ-Bezierkscomite.

Dem Françoise Kemp wënschen mir alles Guddes a senger neier Funktioun als Südbezierkspresidentin.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Hobscheid ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


Hobscheid