Eisen Bam steet dann och lo mat,ganz vill Helef vun eiser fläisseger Jugend🚒🌳
Merci fir d'Nominéierung Kiischpelt
Mir nominéieren dann lo:
CIS Weiler-Putscheid
Roude Léiw Asbl
Young So/u/ls
Dir hot lo 72 Stonnen Zait ären Bam ze planzen soss kommen mir bei Iech een drenken.
D'Zait leeft ⏰
Vill Spaass
-CIS Housen🚑🚒
CIS Hosingen - Centre d‘Incendie et de Secours Hosingen
Informationen und Aktivitäten zum Centre d'Incendie et de Secours Hosingen
14/11/2025
Virun 2 Deeg durften eis Leit vum CIS un enger realistesch nogestallter Verkéiersaccident-Übung deelhuelen, zesumme mam CIS Kiischpelt.
Simuléiert gouf en Accident mat enger ageklemmter Persoun, déi sou schounend wéi méiglech, mee séier misst befreit ginn. D’Rettungsscheier koum zum Asaz, an d’Aarbecht um Gefier huet héich Konzentratioun verlaangt.🧐
Nieft der technescher Säit stoung och d’Patientebetreiung am Fokus, esou wéi se och am Eeschtfall sollt gemaach ginn.
Fir d’Realitéit nach méi nozekommen, gouf d’Alarméierung iwwert de 112 gemaach, an et war souguer en Dokter vum SAMU op der Plaz!
Dës Zesummenaarbecht war mega leieräich fir all déi Bedeelegt 💪
E grousse Merci un de CIS Kiischpelt fir d’Organisatioun an un all déi matgemaach hunn, esou bleiwe mir prett fir den Eeschtfall!
23/09/2025
Bei eiser gëschter Owend-Übung ass et wéi am Eeschtfall ofgelaf: D’Meldung koum ran, et géif Damp aus engem Haff kommen. Eis Ambulanz (RTW) war als éischt op der Plaz a konnt zwou simuléiert Patienten entdecken. Eng top Geleeënheet fir eis Rettungsleit och am Ëmgang mat Verbrennungen oder gestresste Persounen ze üben 🚑
Direkt dono sinn déi éischt Pomjeeën vum CIS Hosingen unkomm an mat engem Otemschutz-Binome ran and Haus gangen, well eng Persoun als vermësst gemellt war.
Verstärkung koum kuerz drop vum CIS Weiler-Putscheid, sou wéi et och an engem richtege Asaz kéint sinn. D'Otemschutz-equipe konnt d’Persoun séier fannen an evakuéieren, an dorops hin an d’Feierbekämpfung iwwergoen.🔥
Wéi an der Realitéit, huet CIS Weiler-Putscheid eis am Asaz ënnerstëtzt an eng zweet Otemschutz-Equipe gestallt, perfekt fir den Binom-tausch an Zesummenaarbecht tëscht den Couren ze üben 🚒🤝
D’Übung war immens no un der Realitéit an huet gewisen, wéi wichteg gutt Zesummenaarbecht an Ofstëmmung ass. 👏
E grousse Merci un d’Organisateuren an un d’Kolleegen vum CIS Weiler-Putscheid fir d’Ënnerstëtzung! 💪
21/09/2025
Haut stelle mir iech eist meescht benotzent Gefier vir: eisen RTW, wat fir Rettungstransportwagen steet. Dësen ass e feste Bestanddeel vun eisem Alldag am CIS an e wichtegt Glidd an der Rettungskett.🚑
Egal ob et ëm en Häerzinfarkt geet, eng Fraktur oder souguer eng Reanimatioun eisen RTW ass ëmmer prett, mat modernstem Material an engem top ausgebilten Team un Bord.🚨
D’Ambulanz ass mat alles equipéiert wat gebraucht gëtt, fir an all Situatioun séier a professionell ze handelen. Vum Monitoring bis hin zur Immobilisatioun an iwwerwaachter Transport.
Hei e puer Impressiounen 📸 fir iech en Abléck ze ginn an dat, wat hannert der rouder Dier mat der "112" stécht 😉
13/09/2025
05/06/2025
Firun e puer Deeg stoung eng ustrengend mee wichteg Otemschutz-Übung um Programm! 🎯
Eis Pompjeeën, déi schonn eng Zäit kee Gerät méi um Réck haten, kruten als éischt eng kleng Opfrëschung zum Material, Techniken a Sécherheet 🧠✅
Duerno goung et direkt an d’Aktioun: Eng „blann“ Missioun duerch eng Streck, wou nëmmen de Schlaauch als Guidung gedéngt huet. Enk Passagen, wéineg Plaz a keen Durchbléck, do war Rou, Teamwork a Gedold gefrot! 🤝
Sou Übunge si net just eng gutt Erënnerung un d’Grondlagen, mee och eng super Geleeënheet fir sech selwer eraus ze fuerderen.
22/05/2025
Net all Asaz huet mat Feier ze dinn, heiansdo ass de Géigner onsichtbar an geféierlech: Geffahrstoffen
Bei eiser leschter Übung hu mir d’Handhabung mat sou Stoffer trainéiert. Wat maachen, wann e Container oder Kanister mat onbekanntem Inhalt ausleeft? Wéi kënne mir séier reagéieren, fir Mënschen, Déieren an d’Ëmwelt ze schützen.
Vun enger klenger Pompel bis hin zu spezialiséiertem Material hu mir verschidde Méiglechkeete getest, fir esou optimal op esou Asätz preparéiert ze sinn.
Eng wichteg Übung, fir am Noutfall richteg ze handelen!
15/04/2025
Haut stelle mir iech mol een Gefier vir, wat vläicht net sou oft am Fokus steet, mee dach eng wichteg Roll bei eis am CIS spillt, eisen MTW (Mannschaftstransportwagen).
Eisen MTW krut rezent en neien, frëschen Look duerch eng nei Foléierung. Esou gesäit en net nëmmen méi modern aus, mee fällt och nach besser op, an ganz am Stil vum CGDIS!
Dëst Gefier kënnt bei ville Geleeënheeten zum Asaz: vun Aktivitéiten mat der Jugendpompjee bis hin zu reelle Asätz an nach vieles mei. Flexibel, praktesch a prett fir all Missioun!
10/04/2025
Haut gouf et fir eis Ambulancieren eng wichteg an interessant Aféierung an eist neit Monitoring-Gerät – de Corpuls 3. 🚑🖥️
An dësem Übung gouf gewisen, wéi den Apparat funktionéiert, wéi en opgebaut ass an op wat een am Asaz muss oppassen. Well mir am CIS Hosingen geschwënn domat schaffen wärten, war et eng super Geleeënheet fir sech mat dësem modernen Tool vertraut ze maachen.
E ganz grousse Merci geet un de Gilles CLESEN, deen sech Zäit geholl huet, fir eis alles verständlech an am Detail z’erklären. Top Aarbecht!
07/04/2025
Bei eiser heuteger Übung gouf et naas, an zwar mat engem spannenden Thema: alternativ Wasserversuergung iwwert e Reservebecken. 💦🚒
Mat Hëllef vun enger Pompel gouf Waasser aus enger Baach geholl an an e Waasserbehälter gepompelt, deen als Zwëschenspeicher gedéngt huet. Vun do aus konnt eisen HLF d’Waasser usaugen an un déi verschidde Ausgäng verdeelen.
D’Zil vun der Übung war et, d’Technik besser kennen ze léieren an d’Handhabung vum Material wéi Pompelen a Becken ze trainéieren. Eng flott Geleeënheet fir Praxis, Teamwork a Kompetenz! 💪
27/03/2025
Remise de Diplômes CGDIS
Gëschter Owend goufen am Kader vun der Remise de Diplômes vum CGDIS eis Mataarbechter an Mataarbechterinnen fir hir Leeschtungen geéiert.
Am Numm vum CIS Hosingen gratuléiere mir all Diploméierten. Och un deene, déi leider net dobäi konnte sinn. Mir si stolz op Iech all!
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Emplacement
Site Web
Adresse
2a, Haaptstrooss
Hosingen
