26/03/2026
De Resonord seet jidderengem Merci, deen eis Ekipp beim "Relais pour la vie" ënnerstëtzt huet an/oder eng Spend un d'Fondation Cancer Luxembourg gemaach huet! Eis Ekipp konnt 700 € u Spenden asammeln 😃🙏
RESONORD ist ein regionales Sozialzentrum, welches für 9 Gemeinden im Norden Luxemburgs zuständig ist.
26/03/2026
De Resonord seet jidderengem Merci, deen eis Ekipp beim "Relais pour la vie" ënnerstëtzt huet an/oder eng Spend un d'Fondation Cancer Luxembourg gemaach huet! Eis Ekipp konnt 700 € u Spenden asammeln 😃🙏
14/03/2026
De Resonord mécht mat beim "Relais pour la vie" 💪
12 Mataarbechter·inne wäerten de Weekend vum 21. & 22. Mäerz esou vill wéi méiglech Kilometere goen, joggen oder Vëlofuere fir de gudden Zweck. Ënnerstëtzt eis dobäi a maacht en Don un eis Ekipp ❤️ All Don kënnt der Fondation Cancer Luxembourg zegutt. Hir Missioun ass et, d'Kriibsfuerschung virunzedreiwen esou wéi d'Hëllef fir kriibskrank Mënschen an hirt Ëmfeld auszebauen. Mir soen iech villmools Merci am Viraus fir är Solidaritéit a Generéisitéit! 🙏
All Infoen an e Link fir en Don ze maache fannt dir am 1. Kommentar.
23/02/2026
🔎Mir siche Studente fir d'grouss Vakanz (15.07.2026 bis den 30.09.2026)!
Wanns du op mannst 18 Joer hues an dech fir déi genannt Tâchen interesséiers, da schéck däi CV un [email protected] 📨
02/12/2025
Du bass Elektriker oder Installateur chauffage-sanitaire a bass op der Sich no enger Plaz, wous du dech ë.a. ëm den Ënnerhalt vun de Logementer bekëmmers, déi Resonord lount? Da schreif eis nach bis de 7. Dezember; mir hunn eng Plaz fräi 👇
02/12/2025
👉 Mir stellen an! Du bass Assistant social an hues Loscht op eng nei Erausfuerderung? Da schreif eis nach dës Woch; den Delai de candidature leeft e Sonndeg, 7. Dezember of! ✍️
„Und wenn ich wüsste, dass morgen die Welt unterginge, würde ich heute noch ein Apfelbäumchen pflanzen.“
Och de Resonord huet elo säi Baam geplanzt 😃 E steet zu Wuelessen. Gutt gemaach, Frank Dimmer a Bern Greischer!
Mir soen der Spill Gutt asbl Merci fir d‘Nominéierung an nominéieren eisersäits d’Kollege vum:
OS Woolz
OS Nordstad
OS Miersch
Dir hutt lo 72 Stonnen Zäit, soss komme mir mat der ganzer Ekipp op e Fräibéier 😁
20/11/2025
❗️❗️❗️Mir stellen an: 1 Techniker, 1 administrative Mataarbechter an 2 Assistant-sociallen. All Infoen dozou op eisem Site www.resonord.lu
10/11/2025
Mir sichen en Trockner fir e Client, deen am Besoin ass. Wien huet nach en onbenotzen doheem stoen a wëllt e fir e gudden Zweck spenden? Mir soen iech villmools Merci am Viraus!❤️
18/09/2025
De Resonord rett iwwerschësseg Liewensmëttel a stellt se op mëttlerweil 3 Site gratis zur Verfügung: Cliärref, Wëntger a Housen. All Infoen + d'Adresse vun den 3 Sitte fannt dir hei⬇️
Antigaspi-Initiative des Resonord: Dritter Standort in Hosingen - Resonord - Regionale Sozialzenter Norden Das Sozialamt Resonord ist nicht nur in der klassischen Sozialhilfe aktiv, sondern versucht auch immer dort pragmatische Lösungen zu finden, wo sich ein konkretes Problem auftut. Mit der Antigaspi-Initiative werden gar zwei Fliegen mit einer Klappe geschlagen: Überschüssige Esswaren finden dankba...
| Lundi | 08:00 - 12:00 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Mardi | 08:00 - 12:00 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Mercredi | 08:00 - 12:00 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Jeudi | 08:00 - 12:00 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Vendredi | 08:00 - 12:00 |
| 13:00 - 17:00 |