01/06/2026
🏝️🏖️ Beach After Work 🏖️🏝️
Esou wei dat déi lascht Joeren schonn war, hu mer dëst Joer och eng Navette organiséiert vir eis Beach After Work déi vum Retrobus asbl gemaach gëtt 🚎🚌
Dat heescht dir kennt ären Auto um Brill Parking oder um Cactus Parking parken a vun do aus d’Navette huele vir bis ob eis Beach After Work ze kommen 🍹
D’Navette wäert vun 18:00h - 01:00h fueren.
Natierlech vir déi Leit wou sportlech a Fit sinn, déi kennen och zu Fouss duerch de Park kommen, de Wee ass och mat Schëlder gekennzeechent 😉
25/05/2026
📢📢 Beach Afterwork Gewënspill📢📢
Féierdag Special 🏝️☀️🔥
Gewann 5 x 2 Entrée’en andeems du des Fro beäntwers:
Wéivill Joer feieren d‘Pompjeeë Käl/ Téiteng 2026? 🍾🍾
Déi eischt 5 mat der richteger Äntwert gewanne jeeweils 2 Gratis Entrée’en fir op eise Beach Afterwork 🥳🎉
02/05/2026
Haut um Samschde waren e puer Membere vum CIS Käl-Téiteng motivéiert an hunn den Haff an d’Fassade viraus vum CIS gebotzt.
An enger spéiderer Etapp gëtt den Haff an d’Fassade hannen aus vum CIS gebotzt.
E merci geet un d‘ Gemeng Käl vir dass si eis de Steiger zu Verfügung gestalt hunn.
25/03/2026
Gëschter den Owend stoung e méi speziellen Zenario um Programm vun der Übung 🚜
Leider kann een esou Zenario net oft Üben, wëll een dofir extra Gefierer braucht vir kennen dat ze maachen, obwuel esou Accidenter all Dag geschéie kennen.
Mer soen dem ,,Holtzem Ben“ merci vir zu Verfügung stelle vu sengem Trakter 👌🏻
17/03/2026
Den Owend stoung um Programm ,,Patientenorientierte Rettung“ awer u méi spezielle Gefierer Maschinne.
E merci geet un Gemeng Käl , déi eis hiert Material zu Verfügung gestalt huet.
08/03/2026
Permanence Kannerkavalde Kayl 2026
31/12/2025
Den ganzen CIS Kayl-Tétange an och d‘Amicale wënscht iech e schéinen Rutsch an d‘Joer 2026 🎉🚒🚑🎊
24/12/2025
Den CIS Kayl-Tétange wënscht iech schéin a besënnlech Feierdeeg, wéi och e gudde Rutsch an dat néit Joer 🎅🏼🎄🍾