31/12/2025
D'Permanence Equipe vum CIS Kielen wënscht iech e Gudde Rutsch!
Centre d'Incendie et de Secours Kehlen
31/12/2025
D'Permanence Equipe vum CIS Kielen wënscht iech e Gudde Rutsch!
Eise Bam ass geplanzt!
Elo ass et un Iech:
Amicale vun de Koler Pompjeeën
CISMA - Centre d'Incendie et de Secours Mamer
Centre d’Incendie et de Secours Luxembourg
Hudd Dir innerhalb vun 72 Stonne kee Bam geplanzt, kommen mir bei Iech een drénken!
Vill Spaß 🌳
08/09/2025
Gudden Mëtteg
++INFO an ugepasste WARNUNG wéinst vill Reen++
Am laf vum Owend an bis um Dënschdeg de Mueren, kennt et bei eis zu "LËTZEBUERG" an der "GROUSSREGIOUN" zu kräftegem Reen mat lokal agelagerten Donnerwiederen.
++Wat ass lokal méiglech:
■ Méi staark Wand-Böen bis em an iwwer 60 kmh bei engem Wieder.
■ Bei engem Wieder sollt een kleng Knëppelsteng net ganz ausschléissen.
■ Vill Reen: 30 bis em 50 Liter. Op Plazen zu Lëtzebuerg, an och an der Groussregioun mol 60 an bis lokal em oder iwwer 80 Liter!!
Et wäert zu Aquaplaning kommen, an et besteet een méi grousse Risk dass et lokal zu Iwwerschwemmungen an Héichwaasser kann kommen.
D'Warnstuf fir Lëtzebuerg gouf vu GIEL op ORANGE erop gesat, an kéint am laf vun de Stonnen weider ugepasst ginn.
Wann Är Géigend bei méi kräftegem Reen schonns méi oft mat kuerzzäitegem Héichwaasser an Iwwerschwemmungen geplot war, dann sollt Dir elo Är Virsiichtsmoossnamen huelen.
D'Warnung vun MeteoLux: http://meteolux.lu/fr/vigilances/
LU-Alert: lu-alert.lu
Nach e schéine Nomëtten.
Kann natierlech gären gedeelt ginn.
23/07/2025
Update: D'Problemer sinn laut der Post behuewen. Mir sinn demno nees iwwer den 112 ze erreechen an eis Kasär ass ab elo net méi besaat.
❗Opgepasst: Aktuell ass d'Noutruffzentral CSU 112 net ze erreechen ❗
Eis Kasär ass besaat falls dir Hëllef Braucht.
59, Rue d'Olm
L-8281 Kehlen
Probéiert am Noutfall iwwer dëss Nummer unzeruffen: 49771-3400 ❗
[LE 112 EST DE NOUVEAU TOTALEMENT ACCESSIBLE]
🇱🇺 Vun 20h30 un sinn d’Problemer um Telefoniesreseau geléist ginn.
Dementspriechend ass den 112 erëm wéi gewinnt ze erreechen.
Ee Merci geet un alleguer eis fräiwëlleg an haapberufflech Pompjeeën dei wärend dem Ausfall eis 96 Kasären besat hunn.
🇫🇷 Depuis 20h30 les problèmes au niveau du réseau de téléphonie sont réglés.
Le Central des Secours d’Urgence 112 est dorénavant de nouveau totalement accessible.
Merci aux pompiers volontaires et professionnels du CGDIS qui ont occupés les 96 centres d’incendie et de secours durant la période d’inaccessibilité.
-------------------------------------------------------------------
[17h15 - PROBLÈMES D’ACCESSIBILITÉ AU 112]
🇱🇺
Bedéngt durch technesch Problemer um Telefonsreseau ginn et Accessibilitéitsschwieregkeeten fir den 112 ze erreechen.
Am Noutfall probéiert wgl. een annere Reseau ze benotzen fir den 112 unzerufen.
🇫🇷
En raison de problèmes techniques au niveau du réseau de téléphonie, des problèmes d'accessibilité au Central des Secours d'Urgence 112 sont signalés.
Si vous ne pouvez joindre le 112 en cas d'urgence merci de réitérer votre appel depuis un autre réseau.