23/05/2025
Déi Jonk sollen elo dofir opkommen, well de Pensiounssystem net méi opgeet!💥
Bis zu 5 Joer méi laang schaffe goen. CSV an DP wëllen duerch d'Hannerdier de Pensiounsalter erhéijen! Net mat eis!💜
Dass Mesure musse geholl ginn, fir d'Zukunft vun eisem Pensiounssystem ze garantéieren, ass gewosst. Déi Mesurë sollen awer fair op alle Generatiounen opgedeelt sinn. Déi Jonk kënnen net dofir, dass déi Persounen déi bis elo um Rudder waren et net hikritt hunn de System durabel ze plangen, mais sollen elo déi Zopp ausläffelen!
Et dierf och net sinn, dass esou Decisioune, wou e Groussdeel vun der Bevëlkerung betreffen, net duerch e Referendum ofgeseent ginn!🗳
Liest eise ganze Communiqué hei:
https://www.rtl.lu/news/national/a/2305100.html
