07/09/2026
☝️E gudde Virsaz fir d'Rentrée?
Maach een 1-Hëllefs-Cours! 🤕🫀🧠👨🚒
Oder frësch däin Wëssen op, de Cours ass ëmmer 5 Joer gülteg.
Ronn 60% vun den Accidenter passéieren doheem. Famill, Frënn a Kolleegen sinn oft di éischt op der Plaz. A villen Fäll kann e schnellt Handelen e Liewe retten.
Am Cours léiers du an engem Noutfall richteg ze reagéieren, kleng a gréisser Wonnen ze behandelen, Bluddungen ze stoppen, ze reaniméieren a villes méi! ⛑🚑🚒
Wéini?
2 Samschdeger am Oktober (17.+24.10) vun 8:30-17:00 Auer
Du hues >12 Joer ? Da schreif dech an op:
https://cours.cgdis.lu/page/module/3932/FRE/index.html?cache=no
Säitdeem den Éischt Hëllefs Cours den 1. Juli 2018 vum CGDIS nei organiséiert gouf, entsprécht dëse Cours lo och a Lëtzebuerg dem Modell vum europäeschen First-Aid-Cours. Dat heescht, dass de Cours sech elo zu gutt 2/3 op praktesch Inhalter stëtzt an déi theoretesch Deeler mëttlerweil é....