Jugendpompjeeën CIS Fiels

Jugendpompjeeën CIS Fiels

Partager

Op dëser Säit stellen mir eis als Jugendpompjeeën vum Centre d‘incendie et de secours Fiels fir.

05/01/2026

Dëse Samsden, den 10. Januar fuere mir vun 09:00-15:00 wéi all Joer rëm duerch déi ganz Gemeng Fiels Beemercher asammele fir eist Buergbrennen.

Solle mir och äre Beemche mathuelen?
Dann leet e fir ee Samsdeg sichtbar virun är Hausdier oder an är Garagenafaart.

Et sief drun erënnert dass mir just Beemercher mathuelen! Keng Dekoratioun a keen anert Holz oder Plastik!

Merci am Viraus,
Mir wënschen iech ee schéint neit Joer.

D‘Jugendpompjeeën Fiels 🌲🚒🚒🌲

18/11/2025

Wéi all Joër verkaafen mir och dëst Joër rem Chrëschtbeemecher, regional&frësch gehaën!

An natierlech och gratis Heem geliwwert.

👇🏻Weider Detailer👇🏻

🌲🎄🚒🚒🌲🎄

Photos from Jugendpompjeeën CIS Fiels's post 04/05/2025

Nierwt eisen Übungen all 2. Samsdeg, haaten mir och weider flott Aktivitéiten mat eise Kanner.

Ugefaang mat eisem Filmowend Ufank Abrëll ass et weider gaang mam Völkerball-Turnéier organiséiert vun den Kollegen vun den Pompjeeën Mensder, bei deem mir déi gudd 3.Plaatz beluecht hun!

Oofschléissend hu mir zesummen mat de Frënn vun de Fielser Pompjeeën un eiser traditioneller 1.Mee-Feier deelgholl.

Alles an allem rem gudd gepaacken Wochen déi de Kanner vill Spaß gemaach hun.🤗🚒

09/01/2025

Dëse Samsden fueren mir vun 10:00-15:00 wéi all Joër rem duerch déi ganz Gemeng Fiels Beemecher asammelen fir eist Buergbrennen.

Sollen mir och äere Beemchen mathuelen?
Dann leet en fir ee Samsdeg sichtbar virun äer Hausdier oder an äer Garagenafahrt.

Et sierf drun arënnert dass mir just Beemecher mathuelen! Keng Dekoratioun an keen aanert Holz oder Plastik!

Merci am Viraus,
Mir wënschen iech ee schéint neit Joër.

D‘Jugendpompjeeën Fiels 🌲🚒🚒🌲

Photos from Jugendpompjeeën CIS Fiels's post 30/11/2024

Den 1. Advent steet virun der Dier an domat sin mir och mat eiser 1. Liwwerung 🌲🌲 bei beschtem Wanterwierder ënnerwee gewierscht.

Neechste Weekend geet et mat der neechster Liwwerung weider! Mir freeën eis!

Währenddeems déi Grouss geschafft hun,hun eis Jugendpompjeeën sech eng Auszäit vum Übungsalldaag geholl an haaten puer flott Stonnen op der Äispiste zu Befort!

Ee gelongenen Daag fir déi ganz Équipe, mir soën Merci un Jiddereen deen drun bedeelegt war.

Virun allem och ee grousse Merci un den Service Technique vun der Gemeng Fiels dass mir eis Beemecher opgrond vun der grousser Unzuël hun dierfen bei hinnen am Haff iwwer Nuecht stockéieren!

Wann och Dir nach interesséiert sidd un engem 🌲 dann zeckt net an loosst et eis wëssen!
Infoën fannt dir hei op eisem Site oder eisem Flyer.
🚒🎄🌲⛸️

Photos from Jugendpompjeeën CIS Fiels's post 03/11/2024

Reckbleck September/Oktober 2024.

D’Summervakanz ass lues a lues op ën Enn gaang an domat ass eist 2. Semester fir 2024 gestart.

Als klengen Résumé haaten mer 4 Übungen, dovunner eng direkt no der Summerpaus zesummen mat der Jugend vum CIS Waldbëlleg.

Desweideren hun eis Kanner ganz fläisseg gehollef beim Äpel raafen fir d’Quetschefest.

D’Kanner an d’Jugendleeder waren zu all Moment mat freet an Motivatioun derbäi waat natierlech nach méi Spaass gemaach huet.

Alles an allem ass et weder Grouss nach Kleng langweileg gin an domat freeën mir eis zesummen op déi neechst Aktivitéiten!
💪🏻🚒🚒

Photos from Jugendpompjeeën CIS Fiels's post 06/07/2024

D’Summervakanz steet virun der Dier an dofir hu mir eis et net huelen gelooss fir Haut bei enger gudd besichten Übung an guddem Wierder eis SER(Standard-Einsatz-Regeln) Brand nach eng kéier méi gemittlech am praktëschen ze trainéieren.

Mam Resultat, d’Kanner sin glecklech an zefridden = dann sin mir et och😊🧑🏻‍🚒🚒

05/07/2024
Photos from Jugendpompjeeën CIS Fiels's post 23/06/2024

Zesummen mat den Pompjeeën hun mir wéi all Joër un de Feierlechkeeten vun Nationalfeierdaag deelgeholl.🚒🇱🇺

Photos from Jugendpompjeeën CIS Fiels's post 22/06/2024

Eis Jugendübung vun demoien.

Eng kuerz Widderhuelung vum Foussdengscht fir dass och alles den Owend am Cortège klappt.

An uschléissend hu mer eis mam Thema Patiententransport/Bergung beschäftegt.

🚒🚑

16/06/2024
Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Larochette ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


4, Rue D‘Ernzen
Larochette
L-7615