01/05/2026
1.Mee-Feier 2026 bei beschtem Wierder☀️😎.
Nierft dem Här Buergermeeschter kruut d’Gemeng Fiels selwer och ee Meekranz vun eis gebonnen.🚒💪🏻
Mir wënschen iech ee schéinen Feierdaag.
Jugendpompjeeën CIS Fiels Gemeng Fiels
17/03/2026
Assemblée générale fir d’Joër 2025.
Nierwt der grousser Botz Moies, haate mir leschte Samsdegowend eis Assemblée générale fir d’Joër 2025.
Nierwt de Neiwahlen vum Comité fir de Wiessel zu enger Asbl duerchféieren ze kënnen, hun mir awer och 2 Memberen geéiert.
Den Francisco huet zwar schon puer Asätz um Compteur an awer kruut heen an der Versammlung vum Gemengenvertrieder Luc Clemen an dem Zenterchef Patrick Fisch offiziell säin Helm iwwereegt!
De Marc huet no laangen Joëren aktiv am Jugendberäich entscheed seng Schung als Jugendleeder un de Nol ze hänken an d’Zepter un eng jonk motivéiert Moniteurséquipe weiderzegin.
Marc mir soën dir Merci fir deng vill Arbecht déiste fir eis Jugend geleescht hues!
Mir wënschen dir eng wuelverdengten Jugendleeder-Pensioun!👌🏻
17/03/2026
Leschte Samsdeg hu mir zesummen mat den Jugendpompjeeën CIS Fiels un der Grousser Botz, organiséiert vun der Gemeng Fiels deelgeholl.
D’Jugendpompjeeën hu sech un der Sammlung vum Ooffall bedeelegt an déi Grouss hun de Grill geschmass fir dass no gedoëner Arbecht keen huet mussen hongrëg heemgoën!🌭🌭
Merci un d’Gemeng Fiels fir déi gudd Zesummenarbecht!👌🏻
03/03/2026
CGDIS Run 2026🏃♀️🏃♂️🚒
Leschte Sonndeg hunn och Membere vun eis um CGDIS Run 2026 deelgeholl. Op grouss oder kleng hunn si bei beschtem Wierder gewise wat an hinne stécht! 💪🏻💪🏻
Centre d'incendie et de secours Larochette
Jugendpompjeeën CIS Fiels
21/02/2026
Wéi all Joër hu mir den Owend virum Buergbrennen eist Kräiz gebonnen.
Fir Haut stin just nach déi lescht Préparatiounen un.
Géint de Reen a Keelt ass virgesuergt.
Och fir Iessen a Gedrenks ass beschtens gesuergt!
Dofir kommt eis Haut ab 18:00 besichen a verbrengt ee flotten Owend bei eis um Buergbrennen an der Fiels um Parking vun der Sportshal. (Plateau Birkelt)
D‘Buerg gett um 19:30 ugefaang.🔥
Mir freeën eis op Iech,
Bis den Owend!🚒🔥🚒
05/01/2026
Dëse Samsden, den 10. Januar fuere mir vun 09:00-15:00 wéi all Joer rëm duerch déi ganz Gemeng Fiels Beemercher asammele fir eist Buergbrennen.
Solle mir och äre Beemche mathuelen?
Dann leet e fir ee Samsdeg sichtbar virun är Hausdier oder an är Garagenafaart.
Et sief drun erënnert dass mir just Beemercher mathuelen! Keng Dekoratioun a keen anert Holz oder Plastik!
Merci am Viraus,
Mir wënschen iech ee schéint neit Joer.
D‘Jugendpompjeeën Fiels 🌲🚒🚒🌲
12/12/2025
Gläich geet et lass!👌🏻
De ganzen Weekend iwwer sin mir mat engem Stand um Fielser Wantermaart vertrueden. 🎄❄️🎄
Kommt bis laanscht an genéisst e puer flotter Stonnen a gemittlecher Ronn mat engem gudden Äppeljack oder enger gudder Portioun Kniddelen..mat oder ouni Speck.😉
Mir freeën eis op äere Besuch!❄️🎄🚒🚑
🇱🇺Wantermaart an der Fiels ✨
Dës Woch ass et esouwäit. Dofir invitéiere mir Iech ganz häerzlechst dëse Weekend eise Wantermaart an der Fiels op der Place Bleech besichen ze kommen. 🎄
Déi Offiziell Ouverture fënnt de Freiden um 19h statt.🎊
Natierlech kënnt Dir eis awer schonn éischter, ab 17h besichen an entdecken, ee waarmt Gedrénks genéissen 🥂 oder ee gudde Maufel iesse kommen. 🍟
Mir freeën eis op Iech a wënschen ee schéinen 3ten Advent! ✨
🇫🇷Marché d'hiver à la Fiels ✨
Cette semaine, c'est enfin le moment. Nous vous invitons donc cordialement à venir visiter notre marché d'hiver, ce week-end sur la Place Bleech. 🎄
L'ouverture officielle aura lieu vendredi à 19h. 🎊
Bien sûr, vous pouvez déjà venir plus tôt, dès 17h, pour découvrir et déguster une boisson chaude 🥂 ou manger un bon en-cas. 🍟
Nous nous réjouissons de vous voir et vous souhaitons un beau 3ème dimanche de l'Avent ! ✨
25/11/2025
Sidd dir nach op der Sich no engem schéine Chrëschtbeemchen fir bei iech Doheem? Dann zeckt net a bestellt bei eise Jugendpompjeeën.🚒🎄🎄🚒
Frësch an regional Beemecher an allen Gréissten an natierlech gratis heemgeliwwert!👌🏻💪🏻
Wéi all Joër verkaafen mir och dëst Joër rem Chrëschtbeemecher, regional&frësch gehaën!
An natierlech och gratis Heem geliwwert.
👇🏻Weider Detailer👇🏻
🌲🎄🚒🚒🌲🎄
23/11/2025
Zesumme mam Centre d'incendie et de secours Larochette an den Jugendpompjeeën CIS Fiels si mir ganzer 5 Mol nominéiert ginn!🚒🌳🚒
Mir soen all deene Veräiner Merci fir d’Nominéierung bei dëser flotter Aktioun.
Mir hunn decidéiert een Don un natur&ëmwelt ze maache fir dass si Beem fir eis kënne planzen.🌳🌳
Mir nominéiere kee weidere Veräin.
Mir wëllen awer jiddereen dozou motivéiere bei dëser Aktioun, duerch d’Planze vun engem Bam oder duerch een Don, matzemaachen an esou eiser Natur ze hëllefen.🙏🏻💪🏻🌳
Gemeng Fiels
Pompjeeën Angelduerf
CIS Colmar-Schieren
CIS Nordstad
Freiwillige Feuerwehr Fels am Wagram
18/11/2025
Wéi all Joër verkaafen mir och dëst Joër rem Chrëschtbeemecher, regional&frësch gehaën!
An natierlech och gratis Heem geliwwert.
👇🏻Weider Detailer👇🏻
🌲🎄🚒🚒🌲🎄