10/12/2025
Läscht Woch huet d’AED an der Präsenz vun der Mme Direktesch, Stella Huber, an den Hären Directeurs adjoints Eric May a Romain Felten, follgend nei Kolleeginnen a Kolleegen, déi hire Stage erfollegräich ofgeschloss hunn, zu enger feierlecher Vereedegungszeremonie begréisst:
- Pierre Rasmusen
- Nicolas Bartkowiak
- Laurence Scheirlinck
- André Sousa
- Bryan Correia
- Chris Biskup
- Michael Dos Santos Bernardo
- Irfan Mehovic
- Catherine Gantrel
- Diane Mathay
- Max Brandenburger
Gratulatioun a wëllkomm als Fonctionnaire beim Enregistrement!
16/10/2025
Wéi all Joer war den Enregistrement mat engem Stand op der Semaine Nationale du Logement 2025 vertrueden.
Zesumme mat den Experte vun den Direkte Steieren an dem Kadaster hunn d'Agente vum Enregistrement d’Visiteuren häerzlech empfaangen an hinne kompetent Äntwerten op hir Froe ginn. Eis Experten aus dem Beräich TVA an Enregistrement ware mat Engagement a Fachwëssen um Site, fir d’Bierger optimal ze begleeden an ze informéieren.
Mir hunn eis besonnesch gefreet, dëst Joer nei Broschüren virzestellen, déi mat hirer moderner Opmaachung an hirem informativen Inhalt iwwerzeegt hunn. Si hunn e wichtege Bäitrag dozou geleescht, fir eis Servicer verständlech an attraktiv ze vermëttelen.
D’Participatioun un dësem Event huet eiser Verwaltung eng grouss Visibilitéit ginn, an huet gewisen, wéi wichteg eng transparent an zougänglech Kommunikatioun mat de Bierger ass.
Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!
17/06/2025
Mam Ofschloss vun hirem Stage si véier vun eise Mataarbechter an der Presenz vun der Madamm Direktesch Stella Huber an dem Chef de Service vum RH, dem Här Claude Thull, vereedegt ginn:
- Robin Dos Santos
- Semir Konicanin
- Katia Oliveira
- Lory Gentilini
Mat vill Engagement, Seriositéit a professionellem Asaz hunn si souwuel déi intern Formatioun wéi och d’Formatioun beim INAP erfollegräich ofgeschloss.
Mir gratuléieren hinnen häerzlech a wënschen hinne vill Erfolleg an hirer neier Roll als Fonctionnairen!
23/05/2025
Den 21. Mee si follgend Agenten an der Presenz vun der Madamm Direktesch Stella Huber an dem Chef de Service adjoint vum RH, dem Här Joël Gindt, vereedegt ginn:
- Filipa Batista Araujo
- Christian Jemming
- Philippe Mamer
Dank hirer Beméiung, Seriositéit an Ausdauer hunn si d'Formation interne, souwéi d'Formatioun vum INAP erfollegräich ofgeschloss. Gratulatiounen un eis nei Fonctionnairen!