01/12/2025
The more, the merrier!
Le CDSE constitue un Centre de ressources pour les équipes de soutien, les enseignants, les professionnels, les parents et - pour tous les élèves.
Ils pourront y trouver des informations et être guidés tout en profitant de ressources spécialisées.
01/12/2025
The more, the merrier!
22/10/2025
D'lescht Joer hu mir un verschiddene Solidaritéitsaktiounen deelgeholl.
Mir waren ënner anerem mat engem Stand vun der Annexe Jonglënster op de Winterlights an der Stad dobäi an och op der Laangwiss zu Jonglënster. An eist Fest vun der Frëndschaft war den zousätzleche flotten Highlight!
Dank dësen Engagementer hu mir zesummen iwwer 14.700 € fir de gudden Zweck gesammelt. 🙌
Mat dësem Erléis hu mir konkret gehollef:
🎁 Zwee Drëttel vum Benefice vum Fest goufen un eisen Haaptpartner Entwécklung duerch Gerechten Handel fir de Projet Sakhi Trust a Südindien gespent.
💬 Den aneren Drëttel ass un d’Trauerwee asbl gaang, déi Mënschen an hirer Trauer professionell ënnerstëtzt.
E grousse Merci un all déi sech fir dës Aktiounen agesat hunn a sou zum Erfolleg bäigedroen hunn.
07/03/2025
🌟 De CDSE ënnerstëtzt d’Elteren – STEP-Formatioun! 🌟
Eis Missioun ass net nëmmen d’Kanner ze betreien, mä och den Elteren eng Hëllefstellung bei der Erzéiung ze ginn. Duerfir bidde mir de STEP (Systematic Training for Effective Parenting)-Programm un, exklusiv fir d'Elteren vun de Kanner déi mir begleeden. Dëst ass eng Geleeënheet, zesummen nei Weeër ze entdecken a sou fir méi Harmonie a Versteesdemech an de Familljen ze suergen.
💡 Wat STEP bréngt:
• Effektiv Kommunikatioun: Méi Versteesdemech tëscht Elteren a Kanner.
• Stäerkung vun der Familljendynamik: Méi Zesummenhalt an Ënnerstëtzung.
• Praktesch Léisungen: stressfräien Ëmgang mat alldeeglechen Erausfuerderungen.
Staark Familljen an eng positiv Ënnerstëtzung sinn d'Grondlag fir d'Wuelbefanne vun eise Kanner. Den STEP-Programm ass e weidere Schrëtt, fir dës Ziler z'erreechen.
17/01/2025
🌟 Weiderbildung am CDSE! 🌟
Eis Prioritéit ass et, d’Kanner a Jugendlecher op hirem Wee ze stäerken. Dofir engagéieren sech eis Mataarbechter*innen an enger kontinuéierlecher Weiderbildung, wéi haut an der Formatioun zur Entwicklungstherapie/Entwicklungspädagogik (ETEP) – engem Programm, deen op d’Entwécklung vu Kanner a Jugendlecher mat sozio-emotionalem Fërderbedarf ausgeriicht ass.
Mat dëser Formatioun léieren eis Leit:
✔️De Fokus op d’Stäerkten a Potenzialer vun de Kanner ze setzen
✔️Eng Aschätzung vun der Entwécklungsstuf vum Kand a bestëmmte Beräicher ze maachen
✔️Individualiséiert Fërderziler opzestellen
✔️Duerch ënnerschiddlech Interventiounsstrategien op de Besoien vum Kand anzegoen a virun allem:
✔️Eng positiv Léiererfarung ze schafen an d’Freed um Léieren ze fërderen.
13/01/2025
🎉Den CDSE stellt an!
Mir sichen ee/eng Coordinateur/Coordinatrice (m/f/d).
Méi Informatioune fannt Dir op dëse Links:
https://govjobs.public.lu/fr/postuler/postes-ouverts/postes-vacants/decentralise/2025/A1/Janvier/20250107-psychologuemfdcoordinateurrice-336706.html
https://govjobs.public.lu/fr/postuler/postes-ouverts/postes-vacants/fonctionnaires/2025/A1/Janvier/20250107-psychologuemfdcoordinateurrice-336701.html
Psychologue - Coordinateur de l’Unité de Diagnostic, de Conseil et de Suivi (m/f) (réf. F00033273) Qui recrute ?Centre pour le développement socio-émotionnel
17/12/2024
🎄 Eis Präsenz um Chrëschtmaart – En Erfolleg fir de gudden Zweck! 🎄
Déi Jonk vun der Annexe Jonglënster vum CDSE waren och dëst Joer nees mat engem Stand um Stater Chrëschtmaart. Alles wat si ugebueden hunn war selwer gemaach an deemno war d’Freed immens grouss wéi gutt hir Produkter ukomm sinn. Et war ee groussen Erfolleg! 🎉
De Gewënn vun dëser Aktioun geet u Sakhi Trust, eng Organisatioun, déi a Südindien Fraen a Jonker hëlleft.
Mir soen all deenen déi bei eise Stand laanscht komm sinn ee grousse Merci. Dir ënnerstëtzt domat eis Jonk déi bei esou Aktiounen léieren sech fir aner Mënschen anzesetzen.
18/10/2024
📣 Den CDSE stellt an!
Mir sinn op der Sich no engem/enger Expert.e en sciences humaines (m/f/d). Méi Informatiounen dozou fannt dir op dësem gouvjobs link.
Expert en sciences humaines (m/f) Qui recrute ?Centre pour le développement socio-émotionnel
17/10/2024
😃 Mir freeën eis Iech matdeelen ze kënnen, dass den CDSE dësen Samschden 19ten Oktober 2024, un der “3. Nationale Konferenz für Tageseltern” vun der Agence Dageselteren deelhëlt.
D’Konferenz fënnt am Forum Geesseknäppchen vun 08:00 bis 12:30 Auer statt.
D’Agence Dageselteren organiséiert Gespréichsgruppen , déi d’Méiglechkeet bidde sech iwwer den Ëmgang mat den Emotiounen am Alldag auszetauschen.
De CDSE huet an dem Kontext ee Stand an informéiert zu dësem Thema unhand vu Material a Bicher fir mat de Kanner iwwer hir Emotiounen ze schwätzen.
😃 Nous avons le plaisir de vous informer que le CDSE participera ce samedi 19 octobre 2024 de 08h00 à 12h30, à la « 3e Conférence nationale de l'assistance parentale » de l’”Agence Dageselteren”.
Cette conférence aura lieu au Forum Geesseknäppchen de 08h00 à 12h30.
L'agence des assistantes parentales organise des groupes d'échange, offrant l'opportunité de discuter la gestion des émotions au quotidien.
Nous sommes ravis de contribuer à la prise de conscience sur ce sujet en présentant du matériel et des livres pour travailler les émotions avec les enfants.
Den CDSE ass haut an muar (Freideg 12.07 + Samschten 13.07) um Alles normal - Lëtz Celebrate Inclusion! Mir freeën eis op äre Besuch! 😃
04/07/2024
📌Mir stellen an !
Fir eis Equipe ze verstäerken, si mir op der Sich no engem/enger Psychologe/In Coordinateur/trice de l’Unité de Diagnostic, de Conseil et de Suivi, a Vollzäit.
Du hues gäre Kontakt mat Leit, kenns dech mam Lëtzebuerger Schoulsystem aus, hues op d’mannst 5 Joer Beruffserfarung a kanns déi dräi Amtssproochen?
Da passt däi Profil genau bei dës Annonce!
Méi Infoen fënns du hei op dësem Link :
Psychologue (m/f) Coordinateur de l’Unité de Diagnostic, de Conseil et de Suivi) (réf. F00030391) Qui recrute ?Centre pour le développement socio-émotionnel
14/06/2024
D’Fest vun der Frëndschaft huet dësen Mëttwoch fir d’zweet zu Mënsbech op eisem Site statt fonnt.
Mir sinn immens houfreg iwwert de groussen Undrang vu Schoulklassen a Leit déi des Aktioun ënnerstëtzt hunn an duerch hiert Engagement dat ganzt méiglech gemaach hunn.
Et gouf villes Guddes z’iessen proposéiert an och vill Aktivitéite vu Sport bis Musek hunn fir Stëmmung gesuergt !
Mir soe jidderengem deen sech agesat huet fir de gudden Zweck een groussen Merci, an hoffentlech bis d’nächst Joer.