07/03/2024
ʙʀᴇᴛᴢᴇʟꜱᴏɴɴᴅᴇɢ🥨
🇱🇺Bretzelsonndeg gëtt op Halleffaaschten gefeiert. Dëst Joer fält Bretzelsonndeg op den 10. Mäerz. Vun de Männer gëtt erwaart dass si hirer Freiesch eng Bretzel schenken. Wann d'Léift reciproque ass, ass et un der Fra hirem Tour dem Mann fir Ouschteren een Ouschteree ze schenken. Opgepasst an engem Schaltjoer sinn d'Rolle vertosch. Dowéint léif Damen vergiesst net dëst Joer ass et un iech eng Bretzel ze verschenke 😉
🇬🇧Bretzelsonndeg (Pretzel Sunday) is celebrated on the fourth Sunday of Lent (Half Lent). This year, Bretzelsonndeg takes place on 10th March. Men are expected to give their adored a pretzel. If the love is mutual, it is up to the woman to give the man an Easter egg for Easter in return If the love is mutual, it is up to the woman to give the man an Easter egg for Easter in return. Beware, in a leap year, the roles are reversed. Therefore, dear ladies, do not forget that this year it is up to you to give a pretzel 😉
📷Vio Duda
16/02/2024
ʙᴜᴇʀɢʙʀᴇɴɴᴇɴ🔥
🇱🇺Op Buergsonnden, dem éischte Sonnden an der Faaschtenzäit, neierdéngs och schonns den Dag virdrun, ginn owes uechter d'Land op de Koppen d'Buerge gebrannt. "Buerg" huet hei näischt mat Ritterbuergen ze dinn,mee kënnt vum laténgeschen "combuere", verbrennen ("combustion"). D'Buerg soll schonns bei de Kelten d'Form vun engem Kräiz gehat hunn, ënnert déer traditionell dem Wanter seng Däischtert verbrannt - awer och mol de Jonggesellen hiert Häerz gewiermt - gi sollt. Och haut si Jonk an Al nach Feier a Flam fir dëse Brauch, wou d'Leit sech erëmfanne fir gemittlech zesummen ze feieren. Jiddwereen ass wëllkomm !
🇬🇧On "Buergsonndeg," the first Sunday of Lent, and recently also the day before, throughout the country, bonfires are lit on the hills in the evening. "Buerg" has nothing to do with knight's castles, but comes from the Latin "combuere," meaning to burn ("combustion"). The bonfire is said to have already taken the form of a cross among the Celts, under which the darkness of winter was traditionally burned - but sometimes also warmed the hearts of bachelors. Even today, young and old are still passionate about this tradition, where people gather to celebrate together in a cozy atmosphere. Everyone is welcome!
14/02/2024
ꜰᴜᴇꜱᴇɴᴛ🎉
🇱🇺Op Äschermëttwoch ass d'Fuesent eriwwer an d'Faaschtenzäit fänkt un. An de Kierchen gëtt de Pällem fir d'Äschekräiz verbrannt. Zu Réimech gëtt awer deen Dag och nach d'Fuesent verbrannt. An zwar, no engem Ëmzuch, op der Muselbréck, a Form vun engem als Fuesgeck verkleetene Stréimännchen - an dëst Joer, wéi all Schaltjoer, ass et eng Stréifrächen.
🇬🇧On Ash Wednesday, the carnival season is over and Lent begins. In churches, the palm branches are burned for Ash Wednesday. However, in Remich, the carnival is also burned on that day. After a procession on the Moselle bridge, a straw man dressed up as a carnival fool - and this year, like every leap year, a straw woman is burnt.
08/02/2024
ꜰᴜᴇꜱᴇɴᴛ🎉
🇱🇺Haut op Fetten Donneschdeg geet d'Fuesent zu Lëtzebuerg esou richteg lass. Wéi de Numm et seet gëtt haut am Schmalz Fuesent gebak. Op verschiddene Platzen hei am Land gin d'Kanner do derfir haut vun Dir zu Dir heeschen. Eng weider Traditioun um Fetten Donneschdeg ass dass d'Männer gäre mol hier Krawatte vun de Fraen ofgeschnidde kréien. Zwee weider Héichpunkter kommen nach: Fuessonndeg a Fuesméindeg, mat Kavalkaden, Fuesbaler, Boken a Verkleedungen. Fuesgecken, vill Freed !
🇬🇧 Today, on Fat Thursday, carnival reaches its peak. As the name suggests, the carnival is baked in lard today. In various places in the country, children therefore go from door to door asking for it. Another tradition on Fat Thursday is that women cut off the men's ties. Two other highlights are Carnival Sunday and Shrove Monday, which are marked with cavalcades, balls and colourful costumes. Enjoy your carnival!
05/02/2024
ꜰᴜᴇꜱᴇɴᴛ🎉
🇱🇺Net nëmmen d'Léift geet duerch de Mo mee d'Fuesent och. Zu Lëtzebuerg. gëtt d'Fuesent gebak. Domadder gemengt si Fueskichelcher wéi "Verwurrelter" an och “Nonnefäscht“, déi selbstverständlech net duerfe feelen. D'Verwurrelter gin och "verwurrelt Gedanke" genannt, well een em d'Fuesent vum vill Feiere mol kann duercherneen gin. Genee esou wéi wann een "wéi d'Pan an der Fuesent" drun ass.
🇬🇧Love is not sole going through the stomach, so does carnival. In Luxembourg, carnival means baking. This refers to “Verwurrelter" and "Nonnefäscht"doughnuts traditionally eaten during the Luxembourg carnival season, known as "Fuesent". The name of Verwurrelter also known as "Verwurrelt Gedanken" (literally: scrambled thoughts) comes from the puzzled thoughts allegedly inspired by carnival. Same goes for the typical saying "wéi d'Pan an der Fuesent" (literally: like the frying pan at carnival), speaking of people as busy as a frying pan during the carnival season.
02/02/2024
Schätz vun der Kultur: Dat immateriellt Kulturiewe vu Lëtzebuerg
Haut ass Liichtmëssdag, eng gutt al Lëtzebuerger Traditioun, déi awer nach net am Inventaire vun eisem immaterielle Kulturierwen optaucht. Fir an deen Inventaire ze kommen, mussen e puer Leit sech der Saach unhuelen an eng gutt dokumentéiert Demande um Kulturministère eraginn. Do lant d’Schre...
02/02/2024
ʟɪɪᴄʜᴛᴍᴇꜱꜱᴅᴀɢ🏮
🇱🇺Nom fläisseg bastele vu Liichtebengelen an Lampiongen zéien haut d’Liichtekanner mat Houfert duerch d’Stroossen a kréien hoffentlech als Belounung Séissegkeeten. Sidd also virsichteg a passt gutt an de Stroossen op si op.
🇬🇧After diligently making lanterns, the children proudly parade through the streets today and hopefully receive sweets as a reward. Be careful while driving and keep an eye out for them on the streets.
25/01/2024
ʟɪɪᴄʜᴛᴍᴇꜱꜱᴅᴀɢ🏮
🇱🇺Den 2. Februrar ginn hei zu Lëtzebuerg d’Kanner duerch d’Stroossen vun Haus zu Haus liichten. Dobäi sange si „Léiwer Herrgottsblieschen“ oder och alt mol aner Lidder wéi z.B. „Mir Kanner komme liichten a gi vun Haus zu Haus“. De „Blieschen“ vun „Herrgottsblieschen“ bezeechent dobäi den Hellege Blasius, ee vun de 14 Nouthëllefer, deem säin Fest den Dag drop ass, awer schons um Virowend gefeiert gëtt🎶
🇬🇧On the 2nd of February for Candlemas, children here in Luxembourg go through the streets from house to house and bring light. They sing "Léiwer Herrgottsblieschen" but also other songs such as "Mir Kanner komme liichten a gi vun Haus zu Haus". The "Blieschen" of "Herrgottsblieschen" song also refers to St Blasius, one of the 14 holy helpers, whose name day is the day after🎶
23/01/2024
ᴋᴇɴɴʙᴀᴋᴇꜱᴛᴇᴇ🐖
🇱🇺Lëschte Sonnden war d'Kënnbakesteeë zu Houfelt am Kader vum Antoniusfest. Des Traditioun huet e reliéisen Hannergrond:den hellegen Antonius, de "Schwéngstun", gëtt als Schutzpatréiner vum Véih veréiert. Och de Vältes ass de Patréiner net just vun de Verléiften, mee och vun de Schwäin. An der Zäit wéi och nach haut ass besonnesch zu Bukels de Sonnden ëm de 14. Februar e Pilgerdag. D’Fleesch, dat déi Gleeweg matbruecht hunn, goung soss als Affer un d’Kierch. Och nach haut ginn d'Kënnbake virun der Stee geseent an dann fir e gudden Zweck versteet.
🇬🇧Last Sunday was the pork jowl auction in Hoffelt as part of the local St.Anthony feast. This tradition has a religious background : St. Anthony is honoured as the patron saint of swines. Also St. Valentine is not only the patron saint of lovers but of swine herds too. In the past as well as today, the Sunday around the 14th of February is a pilgrimage day, especially in Bockholtz. The meat that the believers brought with them went to the church as an offering. Even today, the pork jowl is still blessed before being auctioned off for charity.
19/01/2024
ᴡᴀɴᴅᴇʀꜱᴄʜᴇɪꜰᴇʀᴇɪ🐑
🇱🇺Wien awer beim Dreiwen net däerf feelen, ass de Border Collie. Dëse sougenannte „Koppelgebrauchshond“ koordinéiert d’Beweegunge vun den eenzelen Déieren a bréngt den Trapp sécher op déi nächst Fläch🐶
🇬🇧The Border Collie is an essential part of the herding process. The paddock dog coordinates the movements of the individual animals and brings the flock safely to the next area🐶
18/01/2024
ʟɪɪᴄʜᴛᴍᴇꜱꜱᴅᴀɢ🏮
🇱🇺Den 2. Februar, um Virowend vum Dag vum Hellege Blasius, feieren d'Kanner Liichtmëssdag. Mat Liichtebengelcher a Lanter an der Hand ginn si vun Haus zu Haus a begeeschtere mat hirem Gesang sou dass se mat Séissegkeeten an och mol engem Su belount ginn. Dëse Brauch soll d'Mënschen u Christus als d'Liicht vun der Welt matten an der Daïschtert erënneren.
🇬🇧On 2nd February, the eve of St. Blaise’s day, children celebrate Liichtmëssdag (Candlemas). They go from door to door, bearing a lantern pole and lanterns, singing in exchange for sweets and coins. The children's passage with their lanterns serves as a reminder that Christ defined himself as the light of the world who brings light in darkness.
©️Guy Wolff