31/05/2026
D'Equipe vum CISL Lëtzebuerg op Passassion de commandement🚒. Den 1. Juni wiesselt den Numm un der Spëtzt vum CIS Lëtzebuerg. Hei en flotten Artikel vun .letzebuerg https://www.rtl.lu/news/national/annick-baustert-gett-nei-kommandantin-vun-den-stater-pomjeeen-272409075
07/05/2026
Neizougang am CIS Lëtzebuerg:
Säit Mee ass eisen neien ITW (IntensivTransportWagen) operationell 🚑. Den ITW ass eng speziell Ambulanz déi wéi eng Intensivstatioun equipéiert ass. Domadde kenne mir Intensivpatienten, déi schwéier krank sinn transportéieren. 🩺 Zousätzlech kenne mer mat dëser Ambulanz och adipös Patienten adequat en charge huelen. Iwwregens steet des Ambulanz just 3 mol am Land: am CIS Esch-Alzette, am CIS Nordstad an bei eis.🇱🇺
📸Photos by
01/05/2026
🇱🇺 🌟 Portrait: Wann aus engem Stage eng fest Astellung gëtt – dem Andy säi Wee
Seng Plaz fannen. Weiderkommen. Unerkennung kréien.
Beim weist dem Andy säi Wee, datt Chancen e Liewenswee kënne veränneren.
Vun engem Stage vun zwou Wochen zu enger fester Astellung: Haut ass hie voll an d' Equipe integréiert, am Häerz vum Siège vum CGDIS
E konkrete Wee, Schrëtt fir Schrëtt opgebaut, deen et verdéngt gedeelt ze ginn.
https://www.elisabeth.lu/actualites/du-stage-en-atelier-a-un-poste-fixe-au-cgdis/
🇫🇷 🌟 Portrait : Quand un stage devient un emploi durable – le parcours d’Andy
Trouver sa place. Évoluer. Être reconnu.
Au CGDIS, le parcours d’Andy montre que les opportunités peuvent changer une trajectoire.
D’un stage de deux semaines à un poste fixe, il est aujourd’hui pleinement intégré dans son équipe, au cœur du fonctionnement du siège.
Un parcours concret, construit pas à pas, qui mérite d’être partagé. 👇
Yolande Coop, groupe elisabeth
22/04/2026
E Samsde war bei eis rëm de ganzen Dag Übung vir eis fräiwëlleg Pompjeeën. 👩🚒 Um Programm stoungen niewent Fallbeispiller, eng Aweisung an eisen neien Intensivtransportwagen (ITW) mat senge ganze Gerätschaften an d'Rettung mëttels eiser Dréileeder. 🚑
E grousse Merci un dëser Stell un eis Escher Kolleegen () déi mat hirem ITW an Stad komm sinn, an eis ënnerstëtzt hunn.🤝 🚒
05/04/2026
No iwwer 36 Joer am Déngscht vun der Ville de Luxembourg an dem CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours wert den Claude Karpen, Chef d'équipe vun der Equipe Nr. 4, onsen CIS deemnächst an seng wuel verdéngten Pensioun verloossen. Den RTL Lëtzebuerg huet dozou en kléngen flotten Artikel erstallt deen dir hei fannt.
No 36 Joer Beruffspompjee an d’Pensioun: "E jonkt Meedchen huet meng Hand gehalen an net méi lassgelooss"
No méi wéi 36 Joer geet de Claude Karpen vum CGDIS an d’Pensioun. Hien kuckt zeréck op eng Carrière mat dausende vun Asätz am Déngscht vun aneren.
26/12/2025
En klengen Reportage vun RTL Lëtzebuerg aus onser Kasär wärend den Feierdeeg, vill Spaß beim Kucken ! 🚒
Op Chrëschtdag am Nationalen Asazzenter: "D’Asätz dobausse kenne kee Feierdag"
Chrëschtdag hunn haut vill Leit am Krees vun der Famill oder Frënn verbruecht.
23/12/2025
De ganzen CIS Lëtzebuerg wënscht jidderengem schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an dat neit Joer ! 🍾
07/12/2025
Heiansdo kënnt et wéi e Klischee vir – d’Kaz am Bam an d’Pompjeeën op der Plaz.
Awer haut war et tatsächlech genee esou!👨🚒
Eis Equipe 3 huet sech net huele gelooss, zesumme mat de Membere vum GIS GRIMP (der Spezialeenheet fir Héichten- an Déiftenrettung) unzepaken an d’Kaz aus hirer onsécherer Lag ze befreien. 🐈🚒
Liest hei den Artikel dozou
Spektakulär Rettungsaktioun: Am Neiduerf hunn d'Pompjeeën eng Kaz aus engem Bam gerett