D’Lëtzebuerger Arméi weist drop hin, datt diskriminéierend Commentairen op dëser Säit net toleréiert ginn. Dofir fuerdere mir d'Visiteure vun dëser Säit op, fir all auslännerfeindlech, rassistesch
, homophob, beleidegend, diffaméiert a sexistesch Remarquen z'ënnerloossen. Dës Commentairë ginn direkt geläscht an un déi zoustänneg Autoritéite weiderginn. Dëse Site gëtt geréiert vu Méindes bis Freides, vun 8 bis 17 Auer. Ausserhalb vun dësen Auerzäiten, d‘Weekender an d’Feierdeeg ass eng Surveillance vum Site garantéiert. D’Lëtzebuerger Arméi äntwert op Commentairen a Froen, esouwäit et méiglech ass. Tout utilisateur de ce site s'engage à ne pratiquer aucune forme de discrimination fondée sur la race, la couleur de peau, la religion, le sexe, l'orientation sexuelle, l'âge, l'origine nationale, le handicap, la situation familiale ou professionnelle. Les paroles injurieuses, racistes, sexistes ou choquantes seront effacées et signalées aux autorités judiciaires. Les contenus commerciaux seront également supprimés. Ce site est géré du lundi au vendredi, de 8h à 17h. En dehors de ces horaires, ainsi que pendant les week-ends et les jours fériés, une surveillance est assurée. L'Armée luxembourgeoise s'efforce de répondre rapidement aux commentaires et questions des utilisateurs, si c'est réalisable. All users of this site agree not to engage in any form of discrimination based on race, skin color, religion, gender, sexual orientation, age, national origin, disability, family status or professional status. Offensive, racist, sexist or shocking comments will be deleted and reported to the judicial authorities. Commercial content will also be deleted. This site is managed Monday to Friday, from 8 a.m. Outside these hours, as well as on weekends and public holidays, monitoring is provided. The Luxembourg Armed Forces strive to respond quickly to comments and questions from users, where possible. Stand Oct. 2025
05/06/2026
Den haitege Salut au drapeau stoung fir eis Militär an d‘Zivilpersonal am Zeeche vun Traditioun, Zesummenhalt an Engagement. 🔥
Ee Moment vun Unerkennung fir de geleeschten Déngscht am Interessi vun eisem Land.
Et war zugläich den éischte Salut au drapeau fir de neien Adjudant de corps vun de Forcen, den Adjudant-Major Sinnes, souwéi den offizielle Changement vun de Kompaniecheffe vun der Alpha.
03/06/2026
Esou gesäit et aus wann eis Militär den Haiserkampf trainéieren! 🔥💪
02/06/2026
Action um LOA Opening! 🔥
Eise Obstacle Course huet fir vill Dynamik a sportlech Leeschtunge gesuergt. Merci un all Participanten fir déi bewise Geschécklechkeet, Ausdauer a Spirit – top Performance! 💪
01/06/2026
Zwee Deeg, zweemol 40 Kilometer, an eng Ekipp déi net opginn huet. Eis Militär hunn dëse Weekend gewisen, wat Ausdauer, Zesummenhalt an Disziplin bedeiten. Fir de lescht Deel vum Wee huet de Generol Steve Thull sech der Ekipp ugeschloss – e staarkt Zeechen vu Respekt a Solidaritéit. 🔥💪
Als feierlechen Ofschloss huet de Generol eise Militär perséinlech d‘Medailen iwwerreecht - eng verdéngten Unerkennung fir hier Leeschtung an hiren Asaz. 🔥
29/05/2026
Beim 1. Schéisstraining zu Lagland hunn eis Rekrutte vun der fir d’éischt praktesch Erfarungen am Ëmgang mat der Waff gesammelt. De Fokus loung op Sécherheet, Disziplin, Konzentratioun an Teamwork. Dës Etapp markéiert e wichtege Schrëtt an hirer militärescher Ausbildung a weist, wéi séier si u Verantwortung a Professionalitéit gewannen. 🔥💪
29/05/2026
Deng Zukunft. Deng Missioun. Bass du ? 🔥
Mir starten eis nei Recrutementskampagn a siche motivéiert Leit, déi bereet sinn Erausfuerderungen unzehuelen, am Team ze schaffen a Verantwortung ze iwwerhuelen. 💪
Op Aktioun, Technik, Sport, Leadership oder international Erfarungen – Mir bidde vill méi wéi nëmmen ee klassesche Beruff!
Bereet deng Grenzen ze iwwerschreiden an Deel vun eppes Groussem ze ginn?
👉 Stay connected a gëff Deel vun eis! 🔥
Directorate of Defence Yuriko Backes Jobs - Lëtzebuerger Arméi
28/05/2026
Eng Delegatioun vun iwwer 100 Membere vun der Lëtzebuerger Arméi war op Lourdes pilgeren. Dës Deeg ware gepräägt vu Gemeinschaft, Austausch a staarke Momenter mat Alliéierten aus der ganzer Welt. 🔥
Nieft de feierlechen Zeremonien a gemeinsame Momenter stoung virun allem ee Wäert am Mëttelpunkt: Zesummenhalt! 💪
Merci un all Participanten fir hiert Engagement an déi flott Representatioun vun der Lëtzebuerger Arméi am Ausland.
27/05/2026
D’Virbereedung leeft! 🔥
Den 20. Mee huet d’Marschekipp vun der Lëtzebuerger Arméi ee gréisseren Training als Preparatioun op déi 57. Editioun vun der Marche Internationale dëse Weekend zu Dikrech organiséiert. Traditionell waren och Ekippen vun der Police an der Douane dobäi. 💪
Mat insgesamt 42 Leit goung et ëm 8 Auer op déi ronn 30 Kilometer laang Streck duerch d’Regioun ronderëm Gréiwels – begleet vu bëssi Reen, awer beschter Stëmmung a staarkem Teamgeescht!
All néideg Informatioun fënns du op : https://www.marche.lu/
Komm laanscht an trëppel mat! 💪🔥
22/05/2026
Dës Woch huet de Chef d’Etat-Major, de Generol Steve Thull sengem 🇱🇹 litaueschen Homolog, dem Generol Raimundas Vaikšnoras, sou wéi sengem 🇷🇴 rumäneschen Homolog, dem Generol Gheorghiță Vlad, d’Medail « Officier de la Couronne de Chêne » iwwerreecht. 💪
Mat dëser Éierung dréckt Lëtzebuerg seng Unerkennung géintiwwer Rumänien a Litauen aus. Si hunn duerch hir exzellent Ënnerstëtzung een optimale logistesche Support an eng effizient Integratioun vun eisen Truppen erméiglecht an domadder hirer Fonctioun am Host Nation Support op eng exzellent Aart a Weis nokomm.
Dës exzellent Zesummenaarbecht erméiglecht der NATO hirem Rôle dissuasiv op der Ostflank gerecht ze ginn an illustréiert op exemplaresch Aart a Weis d’Solidaritéit an den Zesummenhalt tëscht den Alliéierten. 🔥
21/05/2026
Belaaschtung. Präzisioun. Teamgeescht. 🔥
Eis IAS huet beim Exercice Section démontée erneit Disziplin, Wëllen an Asazbereetschaft ënner Beweis gestallt. Esou Traininge fuerdere vun all Persoun voll Konzentratioun, Reaktiounsfäegkeet an Zesummenhalt. 💪💪
D‘Militär beweisen Ausdauer, Komerodschaft a mental Stäerkt – Essenziell Wäerter fir all operationell Missioun.