08/06/2026
On May 21st & 22nd, 19 students from our Section E (Arts) took part in NormArtFolies at VeWa in Dudelange! 🎨✨
From comics and dance to sculpture and screen printing, they got creative, met students from other schools, and shared inspiring moments with people who have personal experience with mental health challenges.
Two days full of art, connection, and open conversations that helped break down stereotypes and remind us that mental health matters. 💚
Photo credit: Bohumil KOSTOHRYZ
06/06/2026
Gëschter Moien waren flott Workshops fir eis Délégués à la Solidarité!
🔸️ 7e & 6e : Fairtrade Kleedung (Animatrice: eis ancienne LAML Schülerinn Jacquie Linden wat elo bei Fairtrade schafft) a Fairtrade Schokola
🔸 5e & 4e : Entdeckung vum Nepal
🔸 2e & 3e : Virbereedung vun der Visite vun der Nepalesescher Delegatioun am November
05/06/2026
Haut de Moien war den Här Roberto Baldanza vun AEIN am LAML an huet eis News aus dem Projet am Nepal bruecht. 🇳🇵 Mir hunn dëss Geleeënheet genotzt fir him e Cheque ze iwwerreechen! Beim Solidaritéitslaf sinn 14000 € fir de Projet am Nepal gesammelt ginn! Bravo un de Sportsenseignants fir den Asaz an de Schüler déi aktiv gesammelt hunn. De SCAM huet och vum Quizowend erzielt. Si hunn domatt 1387,83 € gesammelt déi si och un AEIN fir de Projet am Nepal spenden. 🏆👏💪🏻 AEIN - Aide à l'Enfance de l'Inde et du Népal
05/06/2026
Am Tetrathlon wou d’Disziplinen Lafen, Sprangen a Werfen an enger flotter Compétitioun organiséiert gi sinn huet eis Schoul eng top Leeschtung bruecht! Mir hunn 4x di 1. Plaz gemaach, souwuel bei de Meedercher (Minimes & Cadettes) wi och bei de Jongen (Minimes & Cadets). D’Anna Romersa (Minimes), d’Leann Jankowski (Cadettes), de Jacob Amor (Minimes) an de Gabriel Vassart (Cadets) waren di Bescht an hire Kategorien🥳. D’Teamwertung bei de Jongen an de Meedercher war och fir de LAML🥇. Op der LAML-App kommen vill flott Fotoen fir ze kucken. En ganz grousse BRAVO eise 39 Schüler am Asaz!
23/05/2026
Déi lescht Ligne droite vum Schouljoer leeft un — an och mir si schonn amgaang, e flott Campusfest ze organiséieren ! 🎉
Natierlech si mir och bis zum Schluss vum Joer ëmmer fir iech do. An ab elo erkennt dir eis nach méi einfach mat eisen neie SCAM-Hoodies 👕
E klenge Reminder, wien dëst Schouljoer 2025–26 am SCAM fir iech do war :
🔹 Bureau de la présidence
* Toni SALOMON - Présidente
* Zille NADASI-KEMENY - Vice-présidente
* Dana NIKITINA - Vice-présidente
🔹 Conseil d'Education (CE)
* Leo KRIES - Représentant
* Line FELTGEN - Représentante
* Toni SALOMON - Remplaçante
* Nar KOKSAL - Remplaçante
🔹 Divers
* Nar KOKSAL - Secrétaire
* Théo WIRTZ - Trésorier
* Flavio MUHA - Responsable Méckerkëscht
* Louise FONTAINE - Responsable LAMLNews
* Louis MOHR - Membre
🔹 Conférence Nationale des Elèves du Luxembourg (CNEL)
* Antoine ZABÉ- Bureau de la CNEL
* Victoria ZANDONA - Représentante
* Giulio SARTORATI - Représentant
🔹 Social-Media
- Leo KRIES - Designer
- Antoine GIANNANDREA
- Antoine ZABÉ
- Carlotta D'ALIMONTE
- Zille NADASI-KEMENY
Wann dir Froen, Iddien oder Problemer hutt, kënnt dir eis zu all Moment uschreiwen iwwer [email protected] oder eis einfach am Gank uschwätzen 😊
Äre SCAM
22/05/2026
We did it! 💪🏆💯👏
Op der nationaler Finale vun de Mini-entreprisen gouf den Engagement an d’Motivatioun vun eise Schüler aus dem LAML belount.
SoilStallion huet d‘Finale gewonnen an sech domadden den Ticket fir op dei international Finale zu Riga gesëchert!
FAVA ass stolz op dei zweet Plaatz an den Financial Management Award. Gleichzeiteg konnt d‘Carlotta vun FAVA de Leadership Award mat Heem huelen!
Mir sin immens stolz op eis Mini-entreprisen dei esou een Succès an der Finale haaten, awer och op all Mini-entreprise dei et net bis an d‘Finale gepackt huet, well och sie hun dësst Joer ganz vill Engagement gewissen an innovativ Produiten entwéckelt.
luxembourg
19/05/2026
Gutt gemaach – si hunn et endlech gepackt! Um Méindeg, 18. Mee 2026, hunn 146 Schüler aus den 11 7ème-Klassen vum LAML hiren offiziellen Diplom kritt, deen den erfollegräichen Ofschloss vum Défi-Projet bestätegt.
Dank hirer haarder Aarbecht an hirer Ausdauer si si houfreg, Iech haut hir Projete virzestellen. Dës si bis den 1. Juni am Preau vum LAML ausgestallt.
Häerzleche Gléckwonsch un alleguerte fir Är grenzelos Kreativitéit a Motivatioun!
16/05/2026
D'6C2, d'6C6 an d'6C7 si gutt zu Holzgau ukomm. Ready fir eng Woch voll Action! 🇦🇹 🏃♂️