04/06/2026
MMTP: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
Offizielle Kont vum MMTP Lëtzebuerg
Compte officiel du MMTP luxembourgeois
Ministre: Yuriko Backes
Dëse Site gëtt geréiert vum Ministère de la Mobilité et des Travaux publics (MMTP) a soll d'Bierger iwwer d'Aarbecht vum Ministère informéieren. De MMTP garantéiert déi beschtméiglech Exaktheet vun den Informatiounen op dësem Site. De Ministère kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. De Ministère kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch v
04/06/2026
04/06/2026
D’Ministesch Yuriko Backes huet haut an der zoustänneger Chamberkommissioun
➡️de Projet vum séieren Tram tëscht dem Süden an der Haaptstad
➡️an de Projet de loi zu der Extensioun vum Tram-Reseau iwwert d’Arelerstrooss virgestallt
Den Tram soll no bei de Leit sinn, mat Pôles de mobilité déi souwuel funktionell wéi och lieweg an attraktiv Plaze sinn.
Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg Corinne Cahen Gouvernement luxembourgeois
©Chambre des Députés
03/06/2026
Haut op der World Bicycle Day Pressekonferenz hunn d’Ministesch Yuriko Backes an de Minister Eric Thill gemeinsam déi nei Editioun vum Vëlosummer presentéiert, deen dëst Joer vum 18. Juli bis de 16. August stattfënnt. 📅
Zousätzlech gouf de “Knotenpunktsystem” virgestallt – eng nei Beschëlderung, déi an de nächste Méint progressiv opgestallt gëtt, an de CyclistInne erméiglecht hir eegen Itinerairë méi einfach ze plangen an nozefueren. 📍
Och déi nächst Vëlospisteprojeten, déi an den nächsten 12 Méint wäerten ageweit ginn oder an de Bau goen, goufe virgestallt ➡️ uechtert d'Land gëtt d’Vëlosinfrastruktur weider konsequent ausgebaut – geplangt sinn d’Mise en service vun 20 Km am Joer! 👍🏼🚴
Gouvernement luxembourgeois Ministère de l'Économie Lëtzebuerg Vakanz
03/06/2026
D’Ministesch Yuriko Backes an d’Buergermeeschtesch vun Iechternach Carole Hartmann an hier Ekippen hu gëschter am Kader vun enger Biergerversammlung dat neit Mobilitéitskonzept fir Iechternach souwéi d‘Revalorisatioun vum Stadkär virgestallt.
D’Haaptprioritéite sinn:
✅ d’Offer vum ëffentlechen Transport optimiséieren
✅ eng nohalteg Mobilitéit fërderen
✅ de Verkéier am Stadkär reduzéieren
De Stadkär soll domadder méi convivial ginn, eng attraktiv Plaz fir d’Zesummekommen a d‘Zesummeliewen.
Ville d'Echternach Gouvernement luxembourgeois
🚲 🌍 Happy World Bicycle Day 2026 !
Vëlofueren ass net nëmmen eng flott Fräizäitaktivitéit, et ass och e Verkéiermëttel fir am Alldag, dee vun ëmmer méi Leit genotzt gëtt.
Dofir schaffe mir all Dag dorunner:
👉 D‘Vëlos-Infrastruktur weider auszebauen
👉 D‘Vëlospiste mat engem roude Belag méi sécher an intuitiv ze maache
26/05/2026
D’Ministesch Yuriko Backes huet d'lescht Woch ee Mock-up vun engem hybride Kontrolltuerm um Findel ageweit, dee vun der Administration de la Navigation Aérienne (ANA) entworf gouf. Dëst ass déi éischt Etapp vun engem strategesche Plang, fir d’Moderniséierung vun der Loftverkéier- Sécherheet an hirer Effizienz zu Lëtzebuerg ze garantéieren.
➡️ D’Konzept vum hybride Kontrolltuerm baséiert op engem wesentleche Prinzip: den Asaz vun Technologie, fir de Mënsch ze ënnerstëtzen, ouni dësen ze ersetzen.
Gouvernement luxembourgeois
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Emplacement
Contacter l'entreprise
Site Web
Adresse
4, Place De L'Europe
Luxembourg
1499
