03/06/2026
🇱🇺🤝🇪🇸 Um Virowend vum Conseil vun den EU-Inneminister hat ech eng bilateral Entrevue mat mengem spueneschen Homolog, dem Inneminister Fernando Grande-Marlaska zu de Sujeten:
🇪🇺 Schengen
🌍 Ëmsetzung vum EU-Migratiouns- an Asylpakt
🛂 Règlement Retour
🛡️ Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit
💬 D‘Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg a Spuenie soll weider verstäerkt ginn. Mir sinn eis eens, dass d’Grenzkontrollen am Schengenraum mussen ophalen. Nëmmen duerch eng gemeinsam europäesch Approche an eng verantwortungsvoll Migratiounspolitik kënne mir déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit meeschteren.
©️📷 SIP / Kary Barthelmey et Ministère des Affaires intérieures
lu | | Léon Gloden
***
🇱🇺🤝🇪🇸 I had a bilateral meeting with my Spanish counterpart, Interior Minister Fernando Grande-Marlaska, on the following topics:
🇪🇺 Schengen
🌍 Implementation of the EU Pact on Migration and Asylum
🛂 Return Regulation
🛡️ Fight against organised crime
💬 Cooperation between Luxembourg and Spain should be further strengthened. We agree that border controls within the Schengen area must come to an end. Only through a common European approach and a responsible migration policy can we successfully address the major challenges of our time.
25/05/2026
🇱🇺🤝🇬🇷 Op Invitatioun vum griichesche Minister fir Migratioun an Asyl, Thanos Plevris, war ech fir eng Aarbechtsvisitt zu Athen. Bei engem bilateralen Echange mam griichesche Minister goung et v.a. ëm:
🌍 D‘Emsëtzung vum EU-Pakt fir Migratioun an Asyl
🛂 D’Situatioun am Mëttelmierraum
💬 Donieft hunn Echangë stattfonnt mat Vertrieder vum Héije Kommissariat vun de Vereenten Natioune fir Flüchtlingen (UNHCR) an der Internationaler Organisatioun fir Migratioun (IOM).
👮♀️ Ee lëtzebuergeschen Agent vu Frontex, dee momentan op Missioun a Griichenland ass, huet vu senger Aarbecht um Terrain erzielt.
📸 Ministère des Affaires intérieures
Gouvernement luxembourgeois | Embassy of Luxembourg in Athens | UNHCR GREECE | IOM Greece | Υπουργείο Μετανάστευσης & Ασύλου | Θάνος Πλεύρης | Léon Gloden
25/05/2026
🇺🇳🇱🇺🇬🇷 Gutt Echangen a Griicheland mat de lokale Büroe vun UNHCR, der internationaler Organisatioun fir Migratioun (IOM) an engem lëtzebuergeschen Agent, deen aktuell a Griicheland am Asaz fir Frontex ass.
🌍 Ech hu konkret Ablécker an d’Situatioun am Mëttelmierraum an an déi grouss humanitär Erausfuerderunge kritt, mat deene Griicheland konfrontéiert ass, besonnesch wat de Schutz vu Flüchtlingen ugeet, den Zougang zu Gesondheetsversuergung an Integratiounsprojeten.
🛂 Et war och eng gutt Geleeënheet, fir d’Gestioun vun den externen EU-Grenzen um Terrain besser ze verstoen.
🤝 Merci fir den interessanten Austausch!
UNHCR GREECE | IOM Greece | Frontex, the European Border and Coast Guard Agency | Police Luxembourg | Embassy of Luxembourg in Athens
***
🇺🇳🇱🇺🇬🇷 Valuable exchanges in Greece with the local offices of the UN Refugee Agency, the International Organization for Migration, and a Luxembourgish agent, currently working for Frontex in Greece.
🌍 I gained concrete insights into the situation in the Mediterranean region and the major humanitarian challenges Greece is facing, particularly regarding the protection of refugees and asylum seekers, access to healthcare, and integration projects.
🛂 It was also a good opportunity to better understand the management of the EU’s external borders on the ground.
Thank you for the exchanges!
22/05/2026
🗝️Offiziell Aweiung vum Centre d‘intervention et de secours Manternach zu Berbourg🚒
👍Modern an adequat Infrastrukturen sinn Investissementer an déi zivil Sécherheet an domadder Resilienz vum Land.
👨🚒👩🚒Dofir brauche mir e starke CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours deen déi néideg Infrastrukturen huet.
🙏 Merci der Gemeng Manternach fir Realisatioun vun dësem Projet!
🫶 Merci de Pompjée‘n déi all Dag fir Sécherheet vun eise Bierger suergen an stëll Helden sinn.
20/05/2026
🏘️ Mir felicitéieren dem Nadine Braconnier als nei Buergermeeschtesch vun der Gemeng Käerjeng. 🤝
Léon Gloden | Gouvernement luxembourgeois | Gemeng Käerjeng
15/05/2026
🔈Interessant Gespréicher a gutt Stëmmung op den „Soirées de dialogue pour élus locaux » an de Gemenge Gemeng Parc Housen an Commune de Mertert-Wasserbillig .
Eis Gemenge sti viru groussen Erausfuerderungen 🏫 – grad dofir ass et wichteg, am direkten Austausch mat de lokale Vertrieder ze bleiwen, nozelauschteren an zesumme Léisungen ze diskutéieren. 🗨
✅ Wat mir schonn ëmgesat hunn:
📈 Méi finanziell Moyene fir d’Gemengen – Staark Finanze fir staark Gemengen
👉Méi Congé politique
🏫 Méi Resilienz fir d‘Gemengen
🚀 Wou mir zesummen dru schaffen:
💪 Stäerkung vun den Gemengeservicer
🧾 Méi einfach Prozedure fir méi a méi séier ze bauen
🤝Den Inneministère ass de Partner vun de Gemengen.
Gemeng Parc Housen Commune de Mertert-Wasserbillig Léon Gloden