07/06/2026
„Demokratesch Fräiheete si keng Selbstverständlechkeet. Mir mussen eis ëm si këmmeren an se fleegen. Dat ass eis gemeinsam Aufgab – fir haut a fir déi kommend Generatiounen!“ (Carole Hartmann)
Demokratie am Mëttelpunkt beim Nationalkongress | Demokratesch Partei
Fir den Optakt vun der Tripartite sinn d'Sozialpartner dës Woch zu Senneng zesummekomm. D'Kriseninstrument dréit d'Handschrëft vun der Demokratescher Partei, wéi e Bléck an d'Geschichtsbicher weist.
03/06/2026
Fir den Optakt vun der Tripartite sinn d’Sozialpartner dës Woch zu Senneng zesummekomm.
🖋️ D’Kriseninstrument dréit d’Handschrëft vun der Demokratescher Partei, wéi e Bléck an d’Geschichtsbicher weist.
Méi zum Historique op DP.lu
29/05/2026
🔵 Den DP-Ball steet fir den Austausch mat iech.
Mir wëlle wëssen, wat iech besonnesch um Häerz läit 💡 Dofir ass d’Demokratesch Partei am Moment uechter d'Land ënnerwee.
Den 23. Mee hu mir fir d'Escher Kiermes an der Uelzechtstrooss mat iech diskutéiert.
📸 Fotogalerie: flic.kr/s/aHBqjCUUTY
28/05/2026
„Mat de breede Stroossen ass de Garer Quartier e bësse wéi eist Paräis“, sot d’DP-Politikerin Corinne Cahen dës Woch am Interview mam Tageblatt. 💬
Wann een iwwer eng Opwäertung vum Quartier géif nodenken, misst een en als Ganzt gesinn an un engem Gesamtkonzept schaffen, sou d’Deputéiert a Stater Schäffin, déi ënnersträicht, dass si un de Garer Quartier gleeft a weider dofir kämpft. 💪
27/05/2026
Fridden oder Fräiheet? Fortschrëtt oder Nohaltegkeet?
💡 D’Demokratesch Partei ass uechter d'Land ënnerwee, fir mat iech an d’Gespréich ze kommen an iwwer Politik ze diskutéieren. Den 10. Mee ware mir um Käler Blummefest.
Wou géift dir d’Prioritéit setze mam DP-Entscheedungsball? A wat sinn är Hoffnungen a Wënsch fir d’Zukunft?
📸 Déi ganz Fotogalerie: flic.kr/s/aHBqjCUZMu