Demokratesch Partei Déifferdeng

Demokratesch Partei Déifferdeng

Partager

Eng responsabel a wäitsiichteg Politik fir d’Leit - mat de Leit. 🇪🇺🇱🇺 Wëllkomm op der Like Page vun der DP Déifferdeng.

22/12/2025

🇱🇺 D’DP Déifferdeng wënscht Iech an Äre Léifsten schéi Feierdeeg an e neit Joer voller Freed, Zesummenhalt a Gesondheet. ✨

🇫🇷 Le DP Differdange souhaite à vous et à vos proches de très belles fêtes ainsi qu’une nouvelle année placée sous le signe de la joie, de la solidarité et de la santé. ✨

🇬🇧 DP Differdange wishes you and your loved ones a joyful holiday season and a New Year filled with happiness, solidarity and good health. ✨

Photos from Demokratesch Partei Déifferdeng's post 12/12/2025

🇱🇺 ENDLECH E NEIT LIEWEN FIR DE LOMMELSHAFF

D’lescht Woch huet de Gemengerot eng Konventioun zu dësem Sujet mam Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend guttgeheescht. 🤝

👉 D’Schafung vun zwee sozial-therapeutesch Zentre fir Kanner a Jugendlecher, souwéi vun engem Zentrum fir Kanner a jonk Leit mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung um Site vum Lommelshaff zu Déifferdeng gouf validéiert. 🧩

No Jore vum Stëllstand gratuléiere mir dem Ministère fir dës Initiativ, déi erméigleche wäert, d‘Gebai virum Verfall ze retten. 🙌🏚️➡️🏫

De Staat wäert de Projet zu 100% finanzéieren, mat engem viraussiichtleche Montant vu 16,3 Milliounen €. 💶🏗️

———- ———- ———- ———- ———-

🇫🇷 ENFIN UNE NOUVELLE VIE POUR LE ‘LOMMELSHAFF’

La semaine dernière le conseil communal a approuvé une convention à ce sujet avec le Ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse. 🤝

👉 La création de deux centres socio-thérapeutiques pour enfants et adolescents, ainsi que d’un centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme sur le site du ‘Lommelshaff’ à Differdange a été validée. 🧩

Après des années d’immobilisme, nous félicitons le ministère pour cette initiative qui permettra de sauver le bâtiment de la ruine. 🙌🏚️➡️🏫

L’État financera le projet à 100%, notamment pour un montant prévisionnel de 16,3 millions €. 💶🏗️


10/12/2025

📣 Le DP Differdange est régulièrement à votre écoute dans tous les villages et quartiers de la commune de Differdange.

10/12/2025

🇱🇺 BUDGET OUNI VISIOUN 💡
EIS DEVISE ASS „GESTALTEN, NET VERWALTEN“

Hei am Resumé puer Elementer wou d’Demokratesch Partei kritiséiert.

📝 Koalitiounsaccord: Vill wichteg Projete ginn net ugepaakt oder stinn nëmme „pour mémoire“ am Budget.
(Barrière PN15, Shared Space, Maison des associations, botanesche Gaart, Liichtathletikstadion, Parkinger, Jugendherberg, Nei Schoul am Zentrum, Maison sociale…)

🎨 Kreativwirtschaft: Grousst Potenzial, mee wou bleift de Plang? D‘DP fuerdert säit Joren zweete Kreativ-Cluster am Zentrum.

🏘️ Ale Stadkär: Vill Lokaler stinn eidel, an et gëtt kee Konzept fir d’Beliewen.

🚦 Mobilitéit: Testphase problematesch; Verkéiersberouegung geet just Hand an Hand mat engem Wegfale vun der Barrière tëscht Déifferdeng an Uewerkuer (PN15).

🅿️ Parkplazen: Wou bleift d‘Parkhaus um Contournement an den ënnerierdesche Parking beim Kulturzentrum?

🏫 Schoulraum: Et besteet massive Mangel, Container sollte just Noutléisung sinn.

🏗️ Infrastrukturen: Vill Onkloerheeten a Schandflecker wéi z.B. d‘Oppe Schwemm oder d‘Place Jehan Steichen zu Uewerkuer.

💰 Finanzen: Gewëss Recettë sinn onrealistesch (z. B. Verkaf „Karro“). Fonds de réserve gëtt trotz feelende wichtegen Investitiounen ugeluecht.

🏠 Logement: Héich Subventioune ginn net genuch genotzt a méi Mixitéit ass néideg.

👉 Positiv: Staark staatlech Investitiounen (Lommelshaff, EIDE, LPEM, Science Center).

📌 Fazit: Et sollt elo net geknéckt ginn, mee lo sollt Déifferdeng prett gemaach gi fir d’Zukunft.
D’Zukunft kann een net viraussoen, mee et kann een se preparéieren. Awer leider net mat dësem Budget.

——- ——- ——- ——- ——- ——- ——- ——- ——-

🇫🇷 BUDGET SANS VISION 💡
NOTRE DEVISE EST « AGIR, PAS GÉRER »

Voici, en résumé, quelques éléments sur lesquels le Parti démocratique formule des critiques.

📝 Accord de coalition: Beaucoup de projets importants ne sont pas abordés ou ne figurent qu’« à titre indicatif » dans le budget.
(Barrière PN15, shared space, maison des associations, jardin botanique, stade d’athlétisme, parkings, auberge de jeunesse, nouvelle école au centre, maison sociale…)

🎨 Économie créative: Un grand potentiel, mais où reste le plan ? Le DP demande depuis des années un deuxième pôle créatif au centre.

🏘️ Ancien centre-ville: Beaucoup de locaux sont vides et il n’existe aucun concept de revitalisation.

🚦 Mobilité: Phase de test problématique; l’apaisement du trafic ne peut aller de pair qu’avec la suppression de la barrière entre Differdange et Oberkorn (PN15).

🅿️ Parkings: Où en est le parking à étages au contournement et le parking souterrain près du centre culturel?

🏫 Écoles: Il existe un manque massif; les conteneurs ne devraient être qu’une solution d’urgence.

🏗️ Infrastructures: Beaucoup d’incertitudes et des points noirs, comme par exemple la piscine en plein air ou la place Jehan Steichen à Oberkorn.

💰 Finances: Certaines recettes sont irréalistes (par ex. la vente du « Karro »). Un fonds de réserve est créé malgré l’absence d’investissements importants.

🏠 Logement: Les fortes subventions ne sont pas suffisamment utilisées et davantage de mixité est nécessaire.

👉 Positif: De forts investissements étatiques (Lommelshaff, EIDE, LPEM, Science Center…).

📌 Conclusion: Il ne faut pas être avare maintenant, mais préparer Differdange pour l’avenir. On ne peut pas prédire l’avenir, mais on peut s’y préparer. Malheureusement, pas avec ce budget.

05/12/2025

D’DP Déifferdeng op der Ouverture vum Chrëschtmaart. Nach bis den 21.12.2025 am Zentrum vun Déifferdeng. ❄️✨

01/12/2025

🇱🇺 D’Bildung huet d’Aufgab, jidderengem, onofhängeg vu senger Hierkonft oder senger Hautfaarf, déi bescht Chancen a Perspektiven am Liewe souwéi d’Participatioun ze erméiglechen.
Lëtzebuerg presentéiert säin éischten nationalen Aktiounsplang fir d’Ëmsetzung vun der Internationaler Konventioun iwwer d’Eliminatioun vun alle Forme vu rassistescher Diskriminatioun. Mat 23 Ziler an 118 Aktiounen definéiert de Plang eng koordinéiert Strategie, fir Rassismus am Alldag aktiv entgéintzewierken. D’Moossnamen zilen dorop of, d’Bewosstsinn ze stäerken, ze informéieren an d’Leit ze sensibiliséieren an ze forméieren, fir eng Gesellschaft ze gestalten, an där Rassismus keng Plaz huet.
Am Bildungsberäich heescht dat:
👉 Upassunge vu Schoulprogrammer a Contenuen,
👉 d’Schoul als Plaz, wou Zesummeliewe geléiert gëtt.
Lëtzebuerg setzt domat e staarkt Zeeche fir eng méi gerecht, inklusiv a respektvoll Gesellschaft.

🇫🇷 L’éducation a pour mission de permettre à chacun, quelles que soient ses origines ou la couleur de sa peau, de bénéficier des meilleures chances et perspectives dans la vie, et de rendre possible la participation.
Le Luxembourg présente son premier Plan d’action national de mise en œuvre de la Convention internationale sur l’élimination de toutes les formes de discrimination raciale. Ce plan, qui compte 23 objectifs et 118 actions, définit une stratégie coordonnée pour lutter activement contre le racisme au quotidien. Les mesures visent à renforcer la prise de conscience, à informer ainsi qu’à sensibiliser et former les personnes afin de construire une société où le racisme n’a pas sa place.
Dans le domaine de l’éducation, cela signifie :
👉 adapter les programmes scolaires et les contenus ;
👉 faire de l'école un lieu où le vivre-ensemble est appris.
Le Luxembourg envoie ainsi un signal fort en faveur d’une société plus juste, inclusive et respectueuse.

➡️ http://www.edulink.lu/0jwy

Claude Meisch Max Hahn Georges Mischo
Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l'Accueil Ministère du Travail Luxembourg Gouvernement luxembourgeois

18/11/2025

Et ass esou wäit: Mir fuerderen et säit Joren!

Mir sinn houfreg, och als Oppositioun, iech matdeelen ze kënnen, dass viru Kuerzem déi éischt Kameraen an der Stad Déifferdeng installéiert goufen.

Si stinn op strategesch wichtege Plazen a sinn deemnächst voll funktionell. Dat ass e wichtege Schratt fir méi Sécherheet am ëffentleche Raum, an eng kloer Ëmsetzung vun deem, wat mir jorelaang gefuerdert hunn. 🚨

👉 Natierlech geschitt dat alles am strikte Respekt vum Dateschutz an de gesetzleche Virgaben, fir d’Privatsphär vun allen Awunner ze garantéieren.

Mir bleiwen drun, fir eng méi sécher, modern an nohalteg Stad Déifferdeng! 🔒📹

🇱🇺 MÉI SÉCHERHEET FIR EIS ALL: ENDLECH KAMERA’EN DO WOU ET NÉIDEG ASS ! 📷

Säit laange Jore setzt d’DP-Déifferdeng sech dofir an, dass Kamera’en do opgestallt gi wou et Sënn mécht a néideg ass. 🚨

👉 Dofir si mer frou, dass léiwer spéit wéi ni, déi nächst Etapp an dësem Dossier konnt geholl ginn. Am Gemengerot hu mer gëschter ee positiven Avis ofgi fir Kamera’en am Déifferdenger Zentrum opzestellen! Dat am Respekt vun alle Reglementer zum Schutz vun der Privatsphäre. ⚖️

Endlech ee Schratt an déi richteg Richtung. 💙

🇫🇷 POUR PLUS DE SÉCURITÉ: ENFIN DES CAMÉRAS LÀ OÙ C'EST NÉCESSAIRE ! 📷

Depuis de nombreuses années, le DP-Differdange s'engage à l'installation de caméras là où c'est utile et nécessaire. 🚨

👉 C'est pourquoi nous sommes heureux qu’une étape importante dans ce dossier ait pu être franchie hier lors du conseil communal: le DP Differdange a donné un avis favorable à l'installation de caméras dans le centre de Differdange en respectant les règlements en vigueur! ⚖️

Un pas dans la bonne direction. 💙

08/11/2025

🇱🇺 D’Mobilitéit ass sécherlech eng vun de gréissten Erausfuerderungen an eiser Gemeng. 🚗

Wäit iwwer 500.000 € goufe bis lo budgetiséiert fir eng ‘Grande étude sur la mobilité’.

👉 D’Resultat ass net bekannt, ofgesi vun Testphasen, wou zu Déifferdeng a Nidderkuer ee ‘Sense unique’ agefouert gouf, a fir deelweis chaotesch Zoustänn suergen. 😕

Den Duerchgangsverkéier muss limitéiert ginn, do ginn et keng 2 Meenungen.

Dofir fuerdert d’DP-Déifferdeng säit Joren dass de ‘PN15’ (Barrière tëscht Déifferdeng an Uewerkuer) muss fort, an duerch eng Unterführung Richtung Contournement muss ersat ginn.

Eréischt dann ass et méiglech de Verkéier am Zentrum an doriwwer eraus ze berouegen.

👉 Schluss mam Gewurschtels, et muss gehandelt ginn.

Am Intérêt vun eise Kanner, all eise Bierger, an eise Geschäftsleit.

•••

🇫🇷 La mobilité est certainement l’un des plus grands défis de notre commune. 🚗

Plus de 500 000 € ont déjà été budgétisés pour une « grande étude sur la mobilité ».

👉 Le résultat n’est pas connu, mis à part des phases de test durant lesquelles un sens unique a été instauré à Differdange et à Niederkorn, provoquant parfois des situations quelque peu chaotiques. 😕

Le trafic de transit doit être limité, là-dessus, il n’y a pas deux avis.

C’est pourquoi le DP Differdange réclame depuis des années que la barrière du PN15 (entre Differdange et Oberkorn) soit supprimée et remplacée par un passage souterrain vers le contournement.

Ce n’est qu’à ce moment-là qu’il sera possible de calmer la circulation dans le centre et au-delà.

👉 Assez de bricolage, il faut agir.

Dans l’intérêt de nos enfants, de tous nos citoyens et de nos commerçants.

02/11/2025

❌ (Annulée) ❌

D’DP Déifferdeng invitéiert Iech op hire:
𝔹𝕖𝕒𝕦𝕛𝕠𝕝𝕒𝕚𝕤 ℕ𝕠𝕦𝕧𝕖𝕒𝕦 𝕆𝕎𝔼ℕ𝔻 🍷🍇

Menü: 🍽️
🧀 Kéisbuffet a kale Plat: 25€
🍷 Fläsch : 15€

Wéini? 📆 Freides, de 21. November 2025 ab 19:30

Wou?📍 Am "Café de l’Usine"
👉 (41 rue Emile Mark, L-4620 Differdange)

❌ (Annulée) ❌
*** Umeldung bis de 19. November 2025
per SMS: 691 621 166
oder per Mail: [email protected]

30/10/2025

DP Afterwork an der ‘Walzstrooss’; mir freeën eis op déi nächste Kéier. 💙😎

20/10/2025

🧠🧭 De KI-Kompass ass en neie strateegesche Kader vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, dee fir e responsabelen a pedagogesch sënnvollen Asaz vu kënschtlecher Intelligenz (KI) an de Schoule suerge soll.

Kanner a Jugendlecher stäerke fir d’éischt hir Basisfäegkeeten – liesen, denken, zesummeschaffen –, éier si léieren, d’KI ze verstoen an se verantwortungsvoll unzewenden. De KI-Kompass gesäit eng dräistufeg Integratioun vir:

▶️ Léieren ouni KI (Grondschoul),
▶️ Léieren iwwer KI (ënnescht Secondairesklassen),
▶️ Léiere mat KI (iewecht Secondairesklassen).

🖥️ D’Plattform ki-kompass.lu proposéiert gepréifte KI-Toolen, Formatioune fir Enseignanten, Austauschméiglechkeeten an e Support-Service. De finale Kader gëtt no Consultatiounen Ufank 2026 virgestallt.

06/08/2025

🇱🇺 D’DP Déifferdeng invitéiert Iech op hir Soirée
🥩🍟 HAM, FRITTEN & ZALOT 🥗

📅 Wéini? Mëttwoch, den 24. September 2025
🕖 Um Wéini? 19:00 Auer
📍 Wou? Restaurant Am Theater (1 rue Saint Nicolas, L-4636 Déifferdeng)
💶 Präis: 27€

🥧 Alternativ: Porette-Quiche mat Geessekéis, Fritten & Zalot

📩 Reservatioun: Iwwerweisung op
🏦 BILLLULL – IBAN: LU68 0021 1091 3220 7000

🌐 www.differdange.dp.lu
📧 [email protected]

Kommt laanscht fir e leckeren a gesellege Mëttwochowend mat guddem Iessen a flotter Gesellschaft! 🎉🍷

🇫🇷 Le DP Differdange vous invite à sa soirée
🥩🍟 JAMBON, FRITES & SALADE 🥗

📅 Quand ? Mercredi 24 septembre 2025
🕖 À quelle heure ? 19h00
📍 Où ? Restaurant Am Theater (1 rue Saint Nicolas, L-4636 Differdange)
💶 Prix : 27€

🥧 Alternative végétarienne : Quiche aux poireaux et chèvre, frites & salade

📩 Réservation : Par virement à
🏦 BILLLULL – IBAN : LU68 0021 1091 3220 7000

🌐 www.differdange.dp.lu
📧 [email protected]

Venez passer une soirée conviviale autour d’un bon repas ! 🎉🍷

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


2A, Rue Des Capucins
Luxembourg
1313

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Mardi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Mercredi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00