ADR Bezierk Süden

ADR Bezierk Süden

Partager

Südbezierk vun der ADR. Fir all d'Gemengen aus den Kantoner Esch an Capellen

Photos from ADR Bezierk Süden's post 04/03/2026

hei e klengen Abléck an de Süd-Kongress vun der ADR. Vill Stëmmung, interessant Gespréicher an eng helle Wull u Léit.
Merci u Jiddereen den do war an un déi di gehollef hunn.

Photos from ADR Bezierk Süden's post 14/12/2025

Leschten Freiden hunn d‘Sektioune Käerjeng a Péiteng déi éischt ADR-Generalversammlung fir de Réckbléck 2025 ofgehal! E flotten Owend mat interessante Gespréicher a laachende Gesiichter. Mir blécke mat vill Hoffnung an Zouversiicht an d'Zukunft a wëllen den Zesummenhalt innerhalb an tëscht de Sektiounen nach méi stäerken, well mir eis Gemenge gär hunn, well mir Lëtzebuerg gär hunn! 🇱🇺

25/10/2025

ADR Südbezierk 💪

24/07/2025

Leschte Kommitee virun der Summerpaus.

Den ADR Südbezierk wënscht Iech eng schéi Summervakanz.😊

12/06/2025

Südbezierk ADR wéi ëmmer super interessanten Owend ❤️🥰

01/06/2025
Photos from ADR Bezierk Süden's post 01/06/2025

Grousse Merci un Iech all déi bis op Braderie zu Déifferdeng laanscht komm sinn 🥰

30/03/2025

👇

12/03/2025

👉 Aktuell Situatioun beim TICE!

Eis Transportministesch huet entscheet d‘Konventioun vum TICE déi 2024 ausgelaf ass, net ze verlängeren!

Mä wat bedeit dat konkret fir Aarbechter a Client?

Wéi bekannt ass, falen elo verschidde wichteg Buslinnen, ënnert anerem d’Citybussen zu Diddeleng sou wei och zu Esch d’Linnen 12 a 17 ab 2026 ewech!

Déi 2 Buslinnen hunn nawell e relative groussen Impakt fir all Matbierger zu Esch, deen dorop ugewisen ass.

Zousätzlech gëtt d’Linn 15 ab 2028/29 och komplett gestrach.

Laut internen Aussoe sinn zousätzlech eng rutsch Aarbechtsplaze betraff. Vun aktuellen 354 Chauffere soll bis 2030 op 330 Chauffere reduzéiert ginn.

Dovunner betraff sinn ënner anerem all CDD’s Kontrakter.

Eis Transportministesch Yuriko Backes hat versprach datt kee vum TICE seng Aarbechtsplaz verléiere géif!

Den ëffentlechen Transport soll laut Regierung ausgebaut ginn an awer ginn etlech Buslinnen ofgeschaaft an dat op Käschte vun all Mataarbechter an all Matbierger.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


25, Rue Notre-Dame
Luxembourg
L-2240