31/05/2026
Centre d'Incendie et de Secours Echternach
Asatzzenter Echternach
31/05/2026
02/05/2026
🔥🚒 Traditioun huet eng fest Plaz an eiser lëtzebuergescher Kultur!
Zesumme mat eise Jugendpompjeeën hu mir den 1. Mee gefeiert 🌳🌿☀️
Awer och op esou engem Dag bleift d’Sécherheet eis Prioritéit!
👨🚒 Eis Permanence war duerchgehend top besat:
🚒 HLF | 🚒 TLFW | 🚑 RTW – all Equippen zu all Moment asazbereet!
👉 Fir d’Sécherheet vun den Iechternacher Bierger an de ville Visiteuren ze garantéieren.
🌿 Als schéinen Ofschloss vum Dag hu mir eiser Buergermeeschtesch Carole Hartmann e Meekranz iwwerräicht.
🚒💪
05/04/2026
Mir wënschen Iech schéin Ouschterdeeg. 🐰🐣
Haut waren eis Memberen an d’Jugendpompjeeë aktiv an hunn d’Visiteuren um Car-Sonndeg 🚗 mat Iessen a Gedrénks versuergt!
E grousse Merci un all Member, déi sech och um Feierdag Zäit geholl hunn an zum gudde Verlaf bäigedroen hun!
22/02/2026
Ons Buerg as faerdeg, an ward drop den Owend um 19:00 verbrannt zeginn.
Mir versuergen Iech awer schon said den Mëtten 12:00, mat allem wat Herz begehrt. Vum Kuch mat Kaffi an Glühwein bis zum Chili con carne, Grillwuppen mat Fritten as alles dobei.
Mir frëen ons ob ären Besuch.
🍻🍾🥂🍟🌭🍰☕️
14/02/2026
31/12/2025
365 Deeg am Asatz fir d‘Matbierger.
Och den Owend sinn niewent dem HLF, zwou Ambulanzen am Asatz.
No engem asatzreichem Daag, hoffen mir daat Nuecht roueg bleiwt.
Des Nuecht stellen mir och nees den Peloton Chef vir den Groupement Sauer.
Mir wënschen Iech een gudden Rutsch an daat neit Joer, virun allem eng gudd Gesondheet an nemmen daat Bescht fir 2026.
23/12/2025
De C.I.S. Iechternach wënscht Iech an äre Familljen schéi, roueg a virun allem sécher Feierdeeg.
Genéisst déi gemittlech Momenter, passt op Iech op, an denkt drun: mir si rond ëm d’Auer fir Iech do, och wärend de Feierdeeg.
🔥✨ 🚒👨🏻🚒Schéi Feierdeeg 👩🏻🚒🚑✨🔥
15/12/2025
Mir soen e grousse MERCI un all déi Leit, déi sou zahlräich op de Kreschtmaart zu Iechternach komm sinn an eise Stand besicht hunn , fir eppes ze iessen oder ze drénken an e flotten Ament mat eis ze deelen. Är Präsenz an är gutt Stëmmung hunn dëse Kreschtmaart fir eis ganz besonnesch gemaach ❤️
E ganz grousse Merci geet och un eis Liwweranten a Partner. Als Amicale Pompjeeën Iechternach ass et eis wichteg, lokal Produzenten a Betriber z’ënnerstëtzen, déi mat Qualitéit, Engagement a Vertrauen zu eise Manifestatioune bäidroen.
PartyService Osweiler
Metzlerei Lucien Saeul
Echternacher Brauerei
Caves St Remy - Desom
Moutarderie de Luxembourg
Luxlait
Boulangerie-Pâtisserie Marques
Gedrénks Buttek Weber
Maison Franssens
Merci un iech alleguerten – ouni iech wier dat alles net méiglech 🚒
🆕💫🎅🏻🧑🎄🌟✨🆕
Dir hudd keng Loscht ob kahlen Glühwein, dann kommt bei ons un den Stand! Mir hunn dest Joer den Glühwein och an der Thermoskann! Sou kennt dir gemitterlech drenken, an hudd emmer ee warmen Glühwein bei Hand🍷 🔥 🎅🏻🧑🎄
12/12/2025
Amicale an Jugend Pompjeeë vum C.I.S. Iechternach sin prett vir Iech um Krëschtmaart ze empfänken! Kommt bis lanscht, vum Glühwein , Schocki, Gegrills mat Fritten an Chicken Nuggets, hun mir alles wat d‘Seil begehrt! Bis geschwenn 👨🏻🚒👩🏻🚒🚒🚑
🌭🍗🍔🍟🍺🍾🥂🍷
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
