30/04/2026
Mir hate geschter d’Méiglechkeet, eis mam Mouvement des Jeunes Socialistes (MJS) aus der Provënz Lëtzebuerg ze treffen an en Austausch ze féieren. Dës Reunioun ënnersträicht déi grouss Bedeitung vun enger méi staarker Zesummenaarbecht, besonnesch am Kader vum Benelux. Mir freeën eis ganz besonnesch op den Ufank vun enger enker a laangfristeger Zesummenaarbecht. Villmools Merci datt dir komm sidd. 🌹
Nous avons eu l’opportunité de rencontrer le Mouvement des Jeunes Socialistes (MJS) de la province du Luxembourg et d’échanger ensemble. Cette rencontre souligne l’importance essentielle de renforcer notre coopération, en particulier à l’échelle du Benelux. Nous nous réjouissons vivement du lancement d’une collaboration étroite et durable. Merci beaucoup d’être venus. 🌹
15/03/2026
Gëschter um LSAP Nationalkongress hu mir eng nei Spëtzt gewielt an iwwer de neie Grondsazprogramm gestëmmt.
Och d’JSL war zahlräich present a wënscht dem Maxime, dem Georges an der ganzer nei gewielter Ekipp vill Erfolleg.
Et ass flott esou vill engagéiert jonk Fraen a Männer ze gesinn.
Jonk, rout a progressiv. We are the future. ✊🌹📸 Grousse merci u jidfereen fir d’Fotoen!
02/03/2026
De Samsdeg hat d'JSL hiren National-Kongress zu Schieren an der Aaler Schoul.
🔥Mir hunn eng néi Spëtzt gewielt mam Mélissa (.a ) an dem Olivier ()déi d'Presidence iwwerhuelen an dem Mehmed () den néie Generalsekretär gëtt.
🙏E ganz grousse Merci un de Max Molitor, d'Danielle Filbig an de Maurice Schwarz fir hier Aarbecht.
❗Mir hunn och eng Resolutioun unanime ugeholl déi sech fir een Social Media verbuet ausschwätzt fir Kanner ënner 15 Joer.
03/02/2026
🗓️ Save the Date
JSL-Kongress, den 28. Februar zu Schieren am Centre Culturel ‘Al Schoul’
29/01/2026
Dës Woch ass uechter d’Land de jiddeschen Affer aus dem zweete Weltkrich geduecht ginn. An der nämmlechter Woch wënschen sech ADR-Sympathisanten de Retour vun deem Mann dee responsabel war fir den Doud vu méi ewéi 80 Millioune Leit.
Dat ass d’Resultat vun der Hetz an dem Haass deen d’ADR ëmmer erëm verbreet - si sinn den Ursprong vun esou Äusserungen déi oft op eng feig Aart a Weis ënnert engem falschen Numm anonym am Internet verbreet ginn. Dass den Tom Weidig de Kommentar ënnert sengem Post stoe léisst schwätzt fir sech.
Mir stellen eis weider géint dëst degueulasse Aart a Weis. Fir eis gëtt mat all Post vun hirer Partei an hiren Deputéierten ëmmer erëm kloer: Ausser Haass an Hetz huet d’ADR eisem Land näischt ze bidden. Kee Millimeter no Riets!
18/12/2025
🔥 Laut der UNO steiert d’Äerderwäermung op 2,8°C zou, wäit fort vum 1,5°C-Zil, wat virun zéng Joer zu Paräis op der COP ugeholl gouf.
🫨 An dem Kontext ass et nëmme schwéier ze akzeptéieren, dass d’Unzuel u Privatjetten, déi vu Lëtzebuerg aus starten, kontinuéierlech klëmmt. Eng kleng Minoritéit vun Ultraräiche mat hirem schiedleche Verhale mécht awer einfach virun, wéi wann näischt wier – an ouni dass een hiert Verhalen a Fro stellt.
👉Dofir fuerdere mir als Jonk Sozialisten eng gestaffelt Luxussteier vun 300€ bis 2000€ pro Passagéier vun all Privatjet, dee vu Lëtzebuerg aus start. Donieft soll sech Lëtzebuerg op europäeschem an internationalem Niveau fir eng koordinéiert Besteierung vu Privatjetten asetzen.
🤑 Esou eng Steier kéint all Joers méi wéi 2,5 Millioune Recetten an d’Staatskeess bréngen an zum Beispill Programmer, déi de lokalen Tourismus ënnerstëtzen, finanzéieren oder an d’Entwécklungshëllef investéiert ginn. Weltwäit gëtt geschat, dass esou eng koordinéiert Luxussteier op Privatjetten all Joers kéint 40 Milliarden Dollar erabréngen.
🤝 Dës Steier ass ee kloert Zeechen: An enger Klimakris muss jiddereen – Betriber a Privatleit ‒ säi Verhalen änneren. Et geet net,dass eng iwwerräich Minoritéit einfach viru mécht, wéi wann näischt wier.
06/12/2025
🎅🏻Als Jusoen wënsche mir eis vum Kleeschen endlech e kompetenten Aarbechts- a Sportsminister
Dass de Georges Mischo, no de ganze Streidereie mat de Gewerkschaften, säi Ressort am Aarbechtsministère net am Grëff huet, war gewosst. Elo weist sech awer, dass et am Sport net vill besser ass.
A wee mengt, de Georges Mischo géing sech an den nächsten 3 Joer als Minister nach besseren, dee gleeft wierklech nach un de Kleeschen.
02/10/2025
👑💰Et brauch endlech voll Transparenz ronderëm d’Käschte vum Trounwiessel
De ganze Weekend sinn uechtert Land Festivitéiten organiséiert fir den neien Grand-Duc ze feieren. Mee: kee wëll oppen duerleeën, wat dat Ganzt kascht. D’Feierlechkeeten ginn zum groussen Deel mat ëffentleche Suen finanzéiert. Dofir huet d’Allgemengheet eiser Meenung no och e Recht drop, präzis ze wëssen, wéi vill vun den ëffentleche Mëttelen der groussherzoglecher Famill fir hir « Fiesta » zur Verfügung gestallt ginn.
Als Jonk Sozialisten stelle mir eis esouwisou d’Fro, firwat d’Feierlechkeeten vun der Allgemengheet musse bezuelt ginn. An engem Pressecommuniqué hu mir d’Oppeleeen vun de Käschten, esouwéi eng breed gesellschaftlech Debatt ronderëm d’Monarchie am Joer 2025 gefuerdert. De Link bei de Communiqué fënns du an eiser Bio.
Eist Land brauch keng ontransparent Feierkultur fir eng on-demokratesch Institutioun.
15/09/2025
Mäi Kierper - mäi Choix
👊Fir eis als Jonk Sozialisten sinn d’Aussoe vum Kardinol vum leschte Weekend net ze erdroen. All Fra muss d’Fräiheet kënnen hunn iwwert hire Kierper ze bestëmmen. Dofir ënnerstëtze mir och d’Fuerderung fir d’Recht op Ofdreiwung an eis Verfassung aschreiwen ze loossen. Dat huet näischt mat ‘Totalitarismus’ oder ‘Zwangsmeenung’ ze di mee fir eis ass et déi eenzeg Garantie dass eng Fra ëmmer de Choix kann hunn. Dëse Choix gëllt et ze sécheren ier konservativ a réckstänneg Kräften doru wëlle fréckele goen.
03/09/2025
Eis Co-Présidence, d’Danielle Filbig an de Max Molitor am Gespréich mam Tageblatt.
Jonk Sozialisten / „Keine Kopfnicker“: Die Doppelspitze aus Danielle Filbig und Max Molitor im Interview
Für die LSAP war es nach fast zwei Jahrzehnten in der Regierung ungewohnt, nach den Chamber-Wahlen 2023 wieder auf der Oppositionsbank zu sitzen. Für ihre Jugendorganisation, die „Jonk Sozialisten“ (JSL), ist es hingegen nicht ungewohnt, die Mutterpartei zu kritisieren. So sehen es deren Co-Pr...