Centre nature et forĂȘt A Wiewesch

Centre nature et forĂȘt A Wiewesch

Partager

We are starting a new adventure 
 🏞
Follow us now @ANFLUX D’ANF garantĂ©iert dĂ©i beschtmĂ©iglech Exaktheet vun den Informatiounen op dĂ«sem Site.

DĂ«se Site gĂ«tt gerĂ©iert vun der Naturverwaltung (ANF) a soll d'Bierger*innen iwwer d'Aarbecht vun der Naturverwaltung informĂ©ieren. D’ANF kann net responsabel gemaach ginn, wa verschidden Informatioune feelen oder Feeler hunn. D’ANF kann och net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun Informatiounen duerch aner Quellen. D’ANF kann net responsabel gemaach gi fir de Gebrauch vun den Informatioune

03/03/2025

[Pour đŸ‡«đŸ‡· regarde dans les commentaires 👇]

Dësen Account ass net méi aktiv. Dir fannt eis elo op den Accounts vun der Naturverwaltung.

Administration de la nature et des forĂȘts

Mir soe Merci fir dĂ€i bestĂ€nnege Support an hoffen, dass du eis bei eiser nĂ€chster Aventure begleets. 🏞

30/01/2025

De neie Programm ass do!

NĂ€chsten Freideg, den 7. Februar vun 14:00 bis 16:00 Auer, lueden mir iech hĂ€erzlech an op eng spannend Wanderung duerch d'RFI Manternacher Fiels. WĂ«sst Dir, wat eng RFI ass an firwat se esou entscheedend fir eis Ëmwelt ass? De Fierschter Luc Roeder wĂ€ert iech dĂ«s a weider Froen Ă«nnerwee beĂ€ntwerten.

Denkt drun, iech dem Wieder entspriechend unzedoen an virun allem Àr Bullisschong matzebréngen!

Umeldung: Dir kĂ«nnt iech bis Donneschdeg per E-Mail op [email protected] aschreiwen. Verpasst net dĂ«s eenzegaarteg Chance, mĂ©i iwwer eis Natur ze lĂ©ieren!

[Pour đŸ‡«đŸ‡· regarde dans les commentaires 👇]

De Januar geet zwar esou lues op een Enn, mee d’Abenteuer gi grad erĂ©ischt esou richteg lass! đŸŒ±âœš

Mir starte mat engem Kalenner voller spannender AktivitĂ©iten an eise fĂ«nnef Naturschutzzenteren uechter d‘Land – an DU bass ageluede, derbĂ€i ze sinn! 🎉

Ob Kreativ-Workshops, Outdoor-Abenteuer oder sportlechen Erausfuerderungen – et ass fir jiddereen.ngt eppes Besonnesches derbĂ€i. 🌿

Looss eis zesummen antauchen an dĂ©i faszinĂ©ierend Welt vun der BiodiversitĂ©it an eis gemeinsam asetze fir den Erhalt vun den impressionanten Aarten dĂ©i mat eis zesummeliewen🩋🌳

Bass du bereet dëst Joer onvergiesslech Momenter an der Natur ze erliewen?

Fann all Detailer op 👉 nature.lu

💬 WĂ©i eng AktivitĂ©ite gĂ©ifst du gĂ€ren dĂ«st Joer ausprobĂ©ieren? Looss eis et an de Kommentarer wĂ«ssen!

Centre nature et forĂȘt A Wiewesch | Centre nature et forĂȘt Biodiversum | Centre nature et forĂȘt Burfelt | Centre nature et forĂȘt Ellergronn | Centre nature et forĂȘt Mirador | MinistĂšre de l'Environnement, du Climat et de la BiodiversitĂ©

27/01/2025

[Pour đŸ‡«đŸ‡· regarde dans les commentaires 👇]

De Januar geet zwar esou lues op een Enn, mee d’Abenteuer gi grad erĂ©ischt esou richteg lass! đŸŒ±âœš

Mir starte mat engem Kalenner voller spannender AktivitĂ©iten an eise fĂ«nnef Naturschutzzenteren uechter d‘Land – an DU bass ageluede, derbĂ€i ze sinn! 🎉

Ob Kreativ-Workshops, Outdoor-Abenteuer oder sportlechen Erausfuerderungen – et ass fir jiddereen.ngt eppes Besonnesches derbĂ€i. 🌿

Looss eis zesummen antauchen an dĂ©i faszinĂ©ierend Welt vun der BiodiversitĂ©it an eis gemeinsam asetze fir den Erhalt vun den impressionanten Aarten dĂ©i mat eis zesummeliewen🩋🌳

Bass du bereet dëst Joer onvergiesslech Momenter an der Natur ze erliewen?

Fann all Detailer op 👉 nature.lu

💬 WĂ©i eng AktivitĂ©ite gĂ©ifst du gĂ€ren dĂ«st Joer ausprobĂ©ieren? Looss eis et an de Kommentarer wĂ«ssen!

Centre nature et forĂȘt A Wiewesch | Centre nature et forĂȘt Biodiversum | Centre nature et forĂȘt Burfelt | Centre nature et forĂȘt Ellergronn | Centre nature et forĂȘt Mirador | MinistĂšre de l'Environnement, du Climat et de la BiodiversitĂ©

22/12/2024

DĂ©i lescht KĂ€erz um Adventskranz brennt – mir freeĂ«n eis op eng gemittlech ZĂ€it mat FrĂ«nn a Famill. AllerhĂ©chsten ZĂ€it fir eis, d'Team A Wiewesch, Merci ze soen!

Merci fir dat Joer, dat war – fir dĂ©i vill BegĂ©inungen a GesprĂ©icher. Merci fir dĂ©i flott AktivitĂ©iten, dĂ©i nĂ«mme flott gi wann dir matmaacht.
Merci un eis engagéiert Guiden, déi sech nees e spannende Programm fir 2025 iwwerluecht hunn an eis 2024 mat Begeeschterung an d'Natur bruecht hunn.
Merci fir de ville Besuch op eise MĂ€ert.
Merci de ville Kanner, déi eis iwwert d'ganz Joer besiche kommen. Merci den engagéierten Aussteller a Verkeefer op eise MÀert.
Merci de VerÀiner, déi eis ëmmer nees ënnerstëtzen.
Merci de Gemenge fir all HĂ«llef – riets a lĂ©nks.

Einfach M E R C I u jiddereen deen dëst Joer zu dem gemach huet wat et war.

Iwwert d'Vakanz loosse mer eis Dieren zou. Mir sinn de 6. Januar nees fir iech do.

Mir wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer!

12/12/2024

Bis op e puer Klengegkeeten si mer ansech prett fir muer đŸŒČ

Ab 16:00 Auer sinn eis Diren fir Iech op, mat Handwierkskonscht, Chrëschtdekoratioun, selwer gemaachtem Moschtert, gudden Drëppen, holze Waistëpp, an an an

Eppes Gutts ze Iessen an ze Drénken gëtt et natierlech och, dobai ënnerstëtzen eis wéi gewinnt d'VerÀiner vun hei an aus der Géigend.

Fir d'Kanner hu mer wéi et schonn Traditioun ass Kanneratelier wou se eppes klenges Bastele kennen.

D'Bausteng fir e gelongengen Owend sinn do - lo feelt just nach Dir!

Photos from Centre nature et forĂȘt A Wiewesch's post 01/12/2024

Hoppla! Elo ass et schonns Dezember! ZÀit zréckzekucken...
Dësen November war wierklech voller Aktivitéiten an Erfarungen! Hei e klenge Réckbléck op d'Evenementer, déi bei eis am Naturschutzzentrum A Wiewesch waren :

đŸ‘©â€đŸ«đŸ‘šâ€đŸ”Ź Schoulklassen hu mat Begeeschterung erausfonnt, wĂ©i aus KĂ€re Brout gĂ«tt, d'Geheimnisser vun der Woll entdeckt, an d'SchĂŒler aus der Gemeng MĂ€ertert hunn den "Dag vum Bam" gefeiert 🌳, andeems se Äppel- a Bierebeem geplanzt hunn.
âœ‚ïžđŸ•Żïž KreativitĂ©it stoung am MĂ«ttelpunkt: Egal ob beim Sallef maache, mat Beiewuess schaffe oder an eiser gemittlecher Holzatelier-AtmosphĂ€r.
🚜🎄 Mir krute super ËnnerstĂ«tzung vun der Gemeng MĂ€ertert fir eise ChrĂ«scht"beemchen" opzestellen, an och wann de SchnĂ©i ❄ nĂ«mme kuerz do war, huet en eis schonn op dĂ©i festlech ZĂ€it agestĂ«mmt.
đŸ›ïžđŸŽš Eis PrĂ€paratioune fir de Wantermaart den 13. Dezember si voll am Gaang, a mir schaffen och un engem ofwiesslungsrĂ€iche Programm fir dat nĂ€chst Joer .

Mir si gespaant, wat den Dezember elo alles mat sech brĂ©ngt, an hoffen, Iech bei deene kommende GeleeĂ«nheete begrĂ©issen ze kĂ«nnen! 😊✹

22/11/2024

Fir all dĂ©i Leit dĂ©i keng FĂ«nster hu fir eraus ze kucken: SCHNÉI! Esouguer bei eis! Fir de SchnĂ©imĂ€nnche geet et net grad duer, mee wee brauch schonn sou een, wa mir sou lĂ©if DĂ©iercher am SchnĂ©i stoen hunn 😍

Mir wënschen iech e schéine Weekend, an freeën eis drop fir e puer vun Iech den Owend am Holzatelier fir Familljen perséinlech kennen ze léieren

Photos from Administration de la nature et des forĂȘts's post 04/11/2024
Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Manternach ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


12, Syrdallstrooss
Manternach
6850

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00