29/06/2025
Är Leit fir Miersch zesummen mat der LSAP op der Mierscher Braderie.
Mir sinn eng nei Lëscht zu Miersch. Bestoend aus 8 Memberen vun der LSAP a 7 Memberen ouni Partei.
29/06/2025
Är Leit fir Miersch zesummen mat der LSAP op der Mierscher Braderie.
26/06/2025
Géint d’Verschwende vu Liewensmëttel. Géint d’Verschwendung vu Liewensmëttel kann een direkt, mat ganz einfache Moossnamen, eppes ënnerhuelen.
09/01/2025
Budget 2025 💸💸
Den 16. Dezember gouf de Budget vun der Gemeng Miersch gestëmmt. Eis Conseilleren vun Är Leit fir Miersch hun den ordinaire Budget matgestëmmt, hun awer beim extraordinairen Deel dergéint gestëmmt. Mir hun a puer Beräicher do Kritiken ubruecht:
- Kultur🎻🎪🎭🎨🎬 et feelt un Ambitiounen, lokal a national Kënschtler ze ennerstëtzen an hinnen eng Bün ze bidden!
- Soziale Wunnengsbau 👨👩👧👦🏠🏡 et feelt un ambitiéisen Ziler am Sënn vun deene Leit, déi et am meechte brauchen!
- Schoul a Maison Relais 👩🏫🏫 wou bleiwen d'Pläng fir eng nei Schoul ze bauen? Wéini kennen och d'Kanner aus dem Précoce endlech an Maison relais?
- ökologesch Subventiounen 🌳🚲 wéi ginn d'Leit informéiert? Firwat gëtt de Budgetsposten vun de Subventiounen erofgesat, a net erop?
07/01/2025
Budget 2025 💸💸
Den 16. Dezember gouf de Budget vun der Gemeng Miersch gestëmmt. Eis Conseilleren vun Är Leit fir Miersch hun den ordinaire Budget matgestëmmt, hun awer beim extraordinairen Deel dergéint gestëmmt. Mir hun a puer Beräicher do Kritiken ubruecht:
- Kultur🎻🎪🎭🎨🎬 et feelt un Ambitiounen, lokal a national Kënschtler ze ennerstëtzen an hinnen eng Bün ze bidden!
- Soziale Wunnengsbau 👨👩👧👦🏠🏡 et feelt un ambitiéisen Ziler am Sënn vun deene Leit, déi et am meechte brauchen!
- Schoul a Maison Relais 👩🏫🏫 wou bleiwen d'Pläng fir eng nei Schoul ze bauen? Wéini kennen och d'Kanner aus dem Précoce endlech an d'Maison Relais?
- ökologesch Subventiounen 🌳🚲 wéi ginn d'Leit informéiert? Firwat gëtt de Budgetsposten vun de Subventiounen erofgesat, a net erop?
05/01/2025
🇱🇺 Héichwaasserrisiko / Äerdrutsch tëscht Essen a Cruuchten
Wéinst dem ville Reen an de leschte Stonnen, huet de Peegel vun der Uelzecht een alarmanten Niveau erreecht.
Meteolux huet e Sonndeg matdeelt, dass dat ganzt Land an d'Vigilance Orange fir Héichwaasser gesat ginn ass. Gewarnt gëtt och, datt et e Méindegowend vu 7 Auer un och zu staarkem Wand mat Wandvitesse vu bis zu 90 Stonnekilometer komme kann.
Autoen aus de Parkinger Schlasspech a Lohr eraushuelen
Aus Sécherheetsgrënn ass de Mierscher Park zou. D’Automobiliste sollen hiert Gefier direkt aus de Parkinger Schlasspech, Lohr a Rue de Gosseldange eraushuelen. Donieft sollen d’Awunner aus der Impasse Kayser an dem Lieu-dit Larei zu Miersch e besonnescht A op d’Peegelstänn hunn.
Äerdrutsch op der Streck Essen – Cruuchten
Wéinst dem ville Reen ass de Sonndegmëtten een Deel vum Hang op der Streck Essen – Cruuchten an d’Strooss gerutscht. Bis op Weideres bleift den CR123 fir de Verkéier gespaart. De Buedem an d’Beem musse geraumt ginn.
Risiko vun Iwwerschwemmung géint Mëtternuecht
Laut den aktuelle Wiederprevisiounen (5.Januar um 17h00), klëmmt d’Uelzecht haut den Owend géint 18:00h bis op d’Cote de préalerte.
Géint Mëtternuecht soll esouguer d’Cote d’alerte zu Miersch areecht ginn.
Am Laf vun der Nuecht gëtt mat engem nach méi héije Peegelstand gerechent.
D’Gemeng Miersch réit de Bierger, d’Peegelstänn reegelméisseg op den offizielle Sitten ze consultéieren:
www.inondations.lu
www.meteolux.lu
🇫🇷 Risque d'inondations & glissement de talus
Suite aux fortes pluies des dernières heures, le niveau atteint de l’Alzette est préoccupant.
Meteolux a relevé l'alerte aux inondations à l'orange pour l'ensemble du pays. De plus, une alerte jaune au vent est en vigueur pour lundi.
Voitures à sortir des parkings Schlasspech et Lohr
Par mesure de sécurité l'accès au parc communal à Mersch est fermé. Les automobilistes doivent immédiatement sortir leur véhicule des parkings Schlasspech, Lohr et Rue de Gosseldange. En outre, les habitants de la rue Impasse Kayser et du lieu-dit Larei à Mersch sont particulièrement priés de contrôler le niveau d'eau.
Glissement du talus entre Essen et Cruchten
En raison de fortes pluies, une partie du talus sur la route CR123 entre Essen et Cruchten s’est effondrée ce dimanche après-midi sur la chaussée. La route est fermée jusqu’à nouvel ordre. Elle doit être dégagée de la terre et des arbres.
Risque d'inondations important vers minuit
Sur l'Alzette, les niveaux d'eau atteindront la « cote de préalerte » vers 18h00 aux stations de mesure à Mersch.
Les niveaux d'eau actuels et les prévisions indiquent même un dépassement de la « cote d'alerte » à partir minuit à Mersch.
Au cours de la nuit, le niveau d'eau continuera à grimper.
Au regard des prévisions météorologiques, la Commune de Mersch appelle tous les citoyens à bien observer la progression des niveaux d’eau.
Veuillez consulter régulièrement les sites officiels
www.inondations.lu
www.meteolux.lu
Photo: unsplash.com
07/11/2024
🔜 den 11.11 um 15h ass déi nächst Sëtzung vum Mierscher Gemengerot. d'Sëtzung ass ëffentlech. Kommt also gäeren nolauschteren 👍
10/10/2024
Nächtse Méindeg den 14. Oktober ass um 15h eng ëffentlech Sëtzung vum Gemengerot. Jidereen deen interesséiert ass, kann des Sëtzunge lauschtere kommen an d'Mierscher Gemeng. Des Kéier hun d'Conseilleren vun Är Leit fir Miersch direkt zwee Punkten op den Ordre du Jour bäisetze gelooss. Mir hu gefrot, op et méiglech ass, d'Subsiden fir Reewaasercontainer ze erhéijen. Des virun allem wéinst den erhéischte Waasserpräisser. An enger zweeter Fro, biede mer de Schäfferot, eng ausféierlech Etude zu den scolairen an parascolairen Infrastrukturen ze maachen an all Acteuren mat anzebannen (Gemeng, Enseignanten, Maison Relais Elteren an Regionaldirektioun...) fir laangfristeg gutt opgestallt ze sinn beim Encadrement vun de Schüler vu Précoce bis Cycle 4.
09/10/2024
🇱🇺 Héichwaasserrisiko : de Park ass zou
Wéinst dem ville Reen an de leschte Stonnen, huet de Pegel vun der Uelzecht een alarmanten Niveau erreecht.
Aus Sécherheetsgrënn gouf haut de Mëtten schonns de Mierscher Park zougemaach.
Héichwaasser an der Nuecht vum 9. op den 10. Oktober
Laut den aktuelle Wiederprevisiounen (9/10 um 15h30h), klëmmt d’Uelzecht haut den Owend iwwer d’Cote de préalerte.
Géint Mëtternuecht soll esouguer d’Cote d’alerte zu Miersch areecht ginn.
Opgrond vun de Météoprevisioune réit d’Gemeng Miersch de Bierger an de Visiteuren, déi an der Géigend vun der Uelzecht wunnen, zirkuléieren oder parken, d’Waasserpeegelen am An ze halen.
Mat grousser Warscheinlechkeet wäert de Park (op mannst deelweis) an den nächsten Deeg fir Raum- a Botzaarbechten zou bleiwen. Mir zielen op Äert Versteesdemech.
Consultéiert regelméisseg déi offiziell Sitten:
www.inondations.lu
www.meteolux.lu
🇫🇷 Risque d'inondations : Parc fermé – vigilance
Suite aux fortes pluies des dernières heures, le niveau atteint de l’Alzette est préoccupant. Par mesure de sécurité l'accès au parc communal est dorénavant fermé.
Inondations pendant la nuit du 9 au 10 octobre
D’après les prévisions actuelles (9/10, à 15h30), les niveaux d'eau vont dépasser la « cote de préalerte » ce soir.
Un dépassement de la « cote d'alerte » est prédit vers minuit à Mersch.
Au regard des prévisions météorologiques, la Commune de Mersch appelle tous les citoyens et visiteurs qui circulent, habitent ou se garent habituellement dans les zones limitrophes à l’Alzette de bien observer la progression des niveaux d’eau.
Fort probablement, et pour des raisons de nettoyage, le parc restera (au moins partiellement) inaccessible dans les heures / jours suivant les débordements. Merci pour votre compréhension.
Veuillez consulter régulièrement les sites officiels :
www.inondations.lu
www.meteolux.lu
07/10/2024
Di zwee Conseilleren vun Är Leit fir Miersch, Mathieu Krier an Marvin Caldarella waren di zwee éischt aus dem Mierscher Gemengerot di sech hun dierfte virstellen am neie Nik.
Wéi schaffen si am Gemengerot? Wat hu si bis elo an hirem éischte Joer bewierkt? Wéieng Themen leien hinnen um Häerz?
Followed eis Säit a gitt an de nächste Woche méi iwwert eis Aarbecht gewuer.
P.S. Wells du bei eis matschaffen, matschwätzen, hues Ideen di d'Gemeng no vir brengen, oder dir läit eppes um Häerz, da mell dech bei eis. 🤝
24/06/2024