30/04/2026
LU:🪻 Bedeeleg och du Dech aktiv um Naturschutz a gewann flott Präisser 🐝
🏁 Matmaachen ass ganz einfach:
Wiss wuesse loossen, d’Natur beobachten, Fotoe maachen an eroplueden.
Firwat ass de "Méi net am Mee" wichteg ?
Duerch dës einfach Moossnam gëtt eng méi naturschounend Fleeg vu Wise gefërdert. Bléiend Fläche bidde Liewensraim a Narungsquelle fir vill heemesch Déieren, wéi Wëllbeien, Päiperleken a Kéiseker 🦋🦔.
FR:🪻 Participez à la protection de la nature et gagnez de superbes prix 🐝
🏁 La participation est très simple :
Laissez pousser votre pelouse, observez la nature, prenez des photos et publiez-les.
Pourquoi l'initiative « Méi net am Mee» est-elle importante ?
Cette mesure simple favorise une approche plus respectueuse de la nature dans l'entretien des pelouses. Les zones fleuries offrent des habitats et des sources de nourriture à de nombreux animaux indigènes, tels que les abeilles sauvages, les papillons et les libellules 🦋🦔.
14/04/2026
🦋 Aktioun Päiperlek 2026 🦋
D’Gemeng Miersch mëscht dëst Joer rëm bei der Aktioun Päiperlek vu Sicona mat. Et ginn dohier gratis Stauden verdeelt fir Päiperleken an Ärem Gaart unzezéien.
1 Kuerf Stauden pro Stot – d’Unzuel ass limitéiert an et geet nom Prinzip: den éischten ass vir 🕗 also mellt Iech un ënner follgendem Link :
---------------------------------------------
La commune de Mersch participe à nouveau à l’Aktioun Päiperlek de Sicona. À ce titre, seront distribués gratuitement des vivaces pour attirer les papillons dans votre jardin.
1 panier de vivaces par ménage – le nombre est limité et attribué selon le principe du premier arrivé, premier servi 🕗 dès lors, inscrivez-vous à travers le lien ci-dessous :
https://forms.office.com/e/28MXPagfYk
05/03/2026
🔧🚲 Repair Café Mersch
Samedi 7 mars 2026 de 9h à 12h, venez au Repair Café spécial vélos !
Apportez votre vélo pour une petite réparation ou un entretien et apprenez à réaliser vous-même les petites réparations avec l’aide de bénévoles.
Le Repair Café classique reste également ouvert pour vos objets du quotidien.
📍 Exceptionnellement au CDNS Vëlobuttek (Gare de Mersch)
24, rue de la Gare – L-7535 Mersch
♻️ Réparons ensemble au lieu de jeter !
⸻
🔧🚲 Repair Café Miersch
Den Samschdeg, 7. Mäerz 2026 vun 9:00 bis 12:00 Auer ass Vëlo Repair Café!
Kommt mat Ärem Vëlo fir eng kleng Reparatur oder Maintenance a léiert, wéi dir kleng Aarbechten um Vëlo selwer maache kënnt, mat Hëllef vu Benevolen.
De klassësche Repair Café bleift och op fir aner Objeten.
📍 Ausnahmsweis am CDNS Vëlobuttek (Gare vu Miersch)
24, rue de la Gare – L-7535 Miersch
♻️ Reparéiere mir zesummen amplaz ze geheien!
23/12/2025
🎄🌿 Schéi Feierdeeg 🌿🎄
De Service écologique wënscht iech schéi, roueg a naturnoh Feierdeeg.
Bleift gesond a genéisst d’Zäit mat äre Léifsten.
17/12/2025
🌿 Inspiring Speech for Nature Event 🌿
E Freideg, den 19. Dezember
📍 SoNo Café, Miersch
⏰ 18:00 – 20:00
45 Minutte inspiréierende Virtrag (op Däitsch) iwwer d’Wiederentdeckung vun dengem eegene Naturel an e holistesche Liewensstil.
💶 Entrée: 50 €
📩 Infos & Umeldung: [email protected]
06/10/2025
🛠️ Sidd Dir u Repair Cafés interesséiert? 🛠️
Dann kommt op d’Informatiounsversammlung vum Repair Café.
📅 Wéini: Samschdes, de 18. Oktober 2025
🕙 Auerzäit: 14 Auer - 17 Auer
📍 Wou: SoNo Café, 33, rue de la Gare, L-7535 Miersch, um 2. Stack
Kommt laanscht a lauschtert Iech d’Konzept vum Repair Café un a hëlleft mat enger Equipe dës flott Gemeinschaftsinitiativ op d’Been ze stellen.
Egal ob Dir Reparaturfäegkeeten hutt oder net – wann Dir Loscht hutt, un dëser Initiativ deelzehuelen, sidd Dir häerzlich wëllkomm! 🤝
⸻
🔧 Vous êtes intéressé(e) par les Repair Cafés ? 🔧
Alors, venez à la réunion d’information du Repair Café.
📅 Quand : Samedi, le 18 octobre 2025
🕙 Heure : 14h00 - 17:00
📍 Où : SoNo Café, 33 rue de la Gare, L-7535 Mersch, au 2e étage
Venez découvrir le concept du Repair Café et aidez-nous à constituer une équipe pour cette belle initiative communautaire.
Que vous ayez des compétences en réparation ou non, si vous souhaitez participer à cette initiative, vous êtes les bienvenu(e)s ! 🤝
05/06/2025
🔔D'Loft ass ee vun eisen 9 Ëmwelttheemen un deene mir schaffen, an dat stelle mir Iech haut vir!
🌬 Mir wëssen et all - ouni Loft kee Liewen ! Mee déi selwecht Loft déi eis all Dag erlaabt ze ootmen an ze liewen gëtt vun eisem eegene Verhale verschmotzt. Loftverschmotzung duerch Smog a klengen onsiichtbare Partikele sinn eng Realitéit, déi mir haut scho spieren
Mee wat kënne mir konkret fir eis Loft maachen, vläicht och zesumme mat der Natur? Mir kënnen manner oft op den Auto zeréckgräifen, manner Fleesch iessen, manner Spraydousen benotzen… All déi Verhalen reduzéiere wou mir wëssen datt se CO₂ ausstoussen. Mee, mir kënnen nach e vill méi groussen Impakt hunn andeems mir méi Beem planzen an d'Bëscher schützen! D'Bëscher späicheren am Prozess vun hirer Fotosynthees 1/3 vun de gesamten CO₂-Emissiounen an hirer Biomass. Dat gëtt och nach Kuelestoffsequestratioun genannt. D’Natur kann also en riesen Ënnerscheed machen. Also gëllt et, eis wäertvoll ze Bëscher schützen 🌳
15/05/2025
(LU)
Feiert den internationalen Dag vum Buch andeems Dir e Buch iwwer Ëmweltschutz liest. 📚 Wësst Dir scho, dass et am Gemengepark e Bicherschaaf vum Mierscher Lieshaus gëtt? Kommt a kuckt!
(FR)
Célébrez la Journée mondiale du livre en lisant un ouvrage sur la protection de l’environnement. 📚 Saviez-vous qu’il y a une boîte à livres du Mierscher Lieshaus dans le parc communal ? Venez y jeter un œil !