LTPES - Bibliothèque

LTPES - Bibliothèque

Partager

Op dëser Säit fannt dir déi aktuellsten News aus der Bibliothéik vum LTPES.

21/12/2023

Wärend der Chrëschtvakanz ass eis Bibliothéik zwou Wochen zou. Vum 8. Januar un si mir dann erëm fir iech do.
Schéi Feierdeeg!

01/04/2023

Wärend der Ouschtervakanz ass eis Bibliothéik zwou Wochen zou. Vum 17.4. un si mir dann erëm fir iech do. Schéin Ouschteren!

16/03/2023

Muer Freideg, de 17. Mäerz ass eis Bibliothéik am Kader vun der Porte ouverte ausnamsweis nonstop vun 8 bis 20 Auer op.

23/02/2023

Freides, de 17. Mäerz ass vu 17 bis 20 Auer eis Porte ouverte vum LTPES. Deelt w.e.g. alleguer dëse Flyer op äre Säiten fir dass mir méiglechst vill Leit dorobber opmierksam maache kënnen! Merci am Viraus un iech all fir är Mathëllef beim Verbreeden vun dësem Info-Flyer!

22/12/2022

Wärend der Chrëschtvakanz bleift eis Bibliothéik zwou Wochen zou. Mir wënschen iech schéi Feierdeeg an ee gudde Start fir 2023.

22/11/2022

Wichteg Erënnerung: vum 23. bis 29. November: keng Prêten, keng Reservatiounen a keng Inscriptiounen an eiser Bibliothéik!

Photos 14/11/2022

Wichteg Info: Tëschtent dem 23. an dem 29. November kënnen an alle Bibliothéiken vum Bibnet-Réseau, zu deem och eis Bibliothéik vum LTPES gehéiert, keng Reservatiounen a kee Prêt gemaach ginn wéinst dem Switch vum Gestiounsprogramm ALEPH op den neie Programm ALMA. Reservéiert a léint är Bicher also w.e.g. virun deem Zäitraum aus! Aktiv Prêten ginn automatesch verlängert.

🇱🇺 Tëscht dem 23. an dem 29. November kënne keng Reservatiounen a kee Prêt gemaach ginn. Reservéiert a léint Är Dokumenter virun deem Zäitraum! Aktiv Prêten ginn automatesch verlängert.

🇬🇧 From 23rd to 29th November, online orders and home loans cannot be placed. Please borrow your documents before that time! Active loans will be automatically extended.

🚧 ℹ️ https://gd.lu/6gG1pP

28/10/2022

An der Allerhellëgevakanz hu mir den 31.10., 2.11., 3.11. a 4.11. vun 8:00 bis 13:00 a vu 14:00 bis 17:30 fir iech op.

24/10/2022

Mir wollten iech dorunner erënneren, dass haut Méindeg, de 24.10. eis Bibliothéik vun 12 Auer un wéinst enger Formatioun zou ass.

30/08/2022

Mir wollten iech dorunner erënneren, dass eis Bibliothéik vun dëser Woch un erëm op ass an dat méindes bis freides vun 8:00 bis 17:30 Auer. Wann dir also Bicher ausléine wëllt oder ausgeléinte Bicher nach zréckbrénge musst, da kënnt dir dat vun dëser Woch un gär erëm maachen.

29/07/2022

Eis lescht Ëffnungszäiten virum Congé sinn: 1., 2., 3. a 5. August vun 8:00 bis 10:30 Auer. Duerno ass d'Bibliothéik 3 Wochen zou.

30/06/2022

Wichtegen Opruff: Denkt w.e.g. alleguer dorunner fir déi Bicher, Dictionnairen, Zäitschrëften, Kaartesets, Spiller, Handpoppen an DVDen, déi dir nach bei eis an der Bibliothéik ausgeléint hutt, virun der Summervakanz ofzeginn! Merci fir är Mathëllef!

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Mersch ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


45, Rue De La Gare
Mersch
L-7590

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:30
Mardi 08:00 - 17:30
Mercredi 08:00 - 17:30
Jeudi 08:00 - 17:30
Vendredi 08:00 - 17:30