15/04/2026
Responsabilitéit och am Alldag
Responsabel Politik weist sech net nëmme bei grousse Projeten.
Si weist sech och am Alldag.
Beim Offallreglement hu mir mat Nee gestëmmt, well d’Reschtoffall-Entleerungen vun 26 op 24 reduzéiert goufen.
Fir eis muss Offallpolitik folgendes sinn:
♻️ ekologesch sënnvoll
⚖️ sozial gerecht
👥 biergerfrëndlech
Beim Waasserpräis hu mir eis enthalen, well de Präis op eemol staark geklommen ass.
Mir sinn der Meenung: Upassunge sollen méi moderat a méi reegelméisseg geschéien.
Politik soll virausdenken – net eréischt reagéieren.
08/04/2026
🎭 Veräiner sinn d’Häerz vun eiser Gemeng
Mir gesinn, datt ëmmer méi Aktivitéiten iwwer Kommissioune organiséiert ginn.
Kommissioune si wichteg, virun allem an hierer berodender Funktioun – mee si däerfen d’Veräiner net ersetzen.
Eng Gemeng lieft vum Engagement vun hire Leit. An déi fënnt een virun allem an eise Veräiner.
Dofir ass et wichteg, d’Veräiner ze ënnerstëtzen an net matt hinnnen ze konkurréieren.
05/04/2026
CSV Mäertert - Waasserbëlleg wënscht Iech an Äre Léifste schéin Ouschteren.
01/04/2026
Vun Noperen zu enger Gemeinschaft
Eis Gemeng wiisst. Nei Awunner kommen dobäi.
D’Fro ass: Bleiwe si just Noperen – oder ginn si Deel vun eiser Gemeinschaft?
Mir proposéieren zum Beispill:
🤝 e Buddy-System fir nei Awunner,wou nei Awunner vun engagéierte Bierger, déi schon méi laang an der Gemeng wunnen, begleed ginn an sou d’Lierwen an der Gemeng kennenléiren
ℹ️ Informatiounsowenter iwwer Veräiner an Aktivitéiten
Eng Gemeng lieft net vun Haiser.
Si lieft vun de Leit, déi matmaachen an sech engagéieren.
Wann nei Bierger an d’Veräinsliewe kommen, da gëtt aus Wuesstem Gemeinschaft.
25/03/2026
D’Lernschwimmbecken – eng verpasste Chance
Am neie Sportcampus gëtt kee Lernschwimmbecken realiséiert.
Fir verschiddener ass dat just eng Decisioun.
Fir eis ass et eng verpasste Chance.
Wann e Kand net schwamme kann, geet et net nëmme ëm Sport.
Et geet ëm:
• Sécherheet
• Selbstvertrauen
• Chancëgläichheet
Investitiounen an eis Kanner sinn kee Luxus.
Si sinn d’Fundament vun eiser Zukunft.
18/03/2026
Plaz fir Kanner, Natur a Gemeinschaft
Responsabel Entwécklung heescht net nëmmen nei Gebaier plangen.
Si heescht och sech froen:
- Wou bleift de Raum fir eis Kanner?
- Wou bleift d’Natur?
- Wou bleift d’Séil vun eiser Gemeng?
Mir wëllen net, datt aus eise liewegen Plazen Gummiwüsten ginn.
Mir wëllen:
🌳 Beem a Schied, virun allem och bei den neien Bauprojeten
Gréngflächen si keng Dekoratioun.
Si si Liewensqualitéit.
14/03/2026
D’CSV wënscht allen Visiteuren eng schéin an ënnerhaltsam Nuetscavalcade! 🌙🎭
Genéisst déi flott Atmosphär, d’Luuchten, d’Musek an déi vill kreativ Gruppen. Mir hoffen, datt Dir e schéinen Owend verbréngt a vill Spaass bei der Nuetscavalcade hutt.
D'CSV setzt sech fir d'Erhalen vun Traditiounen an, a freet sech datt esou flott Evenementer d’Gemeinschaft zesummebréngen an eis Bräich weiderliewen loossen.
Mir wënschen Iech eng fantastesch Stëmmung an eng onvergiesslech Nuecht! 🎉
11/03/2026
Responsabel Entwécklung – mat Mooss a Verantwortung
Eis Gemeng entwéckelt sech. Nei Leit kommen dobäi, nei Projeten entstinn.
Dat ass eng Chance. Mee Entwécklung brauch och Viraussiicht, Mooss a Verantwortung.
Mir wëllen:
• datt eis Kanner hei sécher opwuessen
• datt d’Leit sech wuel fillen
• datt Entwécklung net op Käschte vun eiser Liewensqualitéit geet
Entwécklung ass wéi e Floss.
Hie bréngt Liewen.
Mee wann en iwwer d’Ufer trëtt, verléiere mir dat, wat eis Gemeng ausmécht.
Mir setzen eis dofir an, datt eis Gemeng lieweg, naturno a mënschlech bleift.
07/03/2026
📢 Unsere Gemeinde kann mehr – und sie verdient eine Politik mit klarer Richtung.
In den nächsten Wochen werden wir Ihnen Schritt für Schritt unsere Ideen und Überlegungen vorstellen.
Die CSV Mertert-Wasserbillig steht für eine andere Politik: eine Politik mit Verantwortung, mit Weitsicht und mit einem klaren Konzept für die Zukunft unserer Gemeinde.
Wir sind überzeugt, dass Mertert-Wasserbillig eine langfristige Planung braucht, die unsere Gemeinde nachhaltig weiterentwickelt und alle Bürgerinnen und Bürger mitnimmt. Schluss mit kurzfristigen Entscheidungen ohne klare Perspektive – wir wollen eine Politik, die heute handelt und dabei schon an morgen denkt.
💪💪 Gemeinsam können wir unsere Gemeinde stärker, lebenswerter und zukunftsfähiger machen. 🧡
👍 Unterstützen Sie uns, indem Sie unsere Seite liken, unseren Beiträgen folgen und diese mit Familie, Freunden und Bekannten teilen.
05/03/2026
Starkes Zeichen für unsere Gemeinde! 💪🇱🇺
Bei der Generalversammlung der CSV Mertert-Wasserbillig durften wir zahlreiche engagierte Mitglieder begrüßen. Besonders gefreut hat uns die Präsenz von Innenminister Leon Gloden sowie unseres Bezirkspräsidenten Ricardo Marques, die mit ihren Worten wichtige Impulse für die Zukunft unserer Region gesetzt haben.
Gemeinsam arbeiten wir weiter mit voller Motivation für unsere Gemeinde und der Moselregion. Danke an alle Mitglieder für ihr Engagement und die gute Stimmung! 🙌
:
05/03/2026
Zu Mäertert gesäit een elo ganz konkret, wat eng konsequent Logementspolitik brénge kann. Dëse Projet am "Logement abordable" konnt nëmmen duerch den Asaz vun der Regierung realiséiert ginn.
Mat enger staatlecher Enveloppe vu 480 Milliounen Euro investéiert d’Regierung gezielt an nei "bezahlbare" Wunnengen, fir de Wunnengsproblem aktiv unzegoen. De Projet zu Mertert ass e kloert Beispill dovun, wéi de Staat Projeten opkaf a se an de staatleche Locatiounspark integréiert, fir méi bezahlbare Wunnraum fir d’Leit ze schafen.
D’CSV weist domat, datt si net nëmmen iwwer Logement schwätzt, mee konkret handelt. Mat Premier Luc Frieden (CSV)an dem Logementsminister Claude Meisch (DP) gëtt eng Politik ëmgesat, déi Resultater um Terrain bréngt.
De Projet zu Mertert weist:
✔ konkret Investissementer vum Staat
✔ méi Wunnengen fir Biergerinnen a Bierger
✔ Ënnerstëtzung fir de Bausecteur
✔ eng staark Roll vum Staat fir bezuelbare Wunnraum
Mertert ass domat e weidert Beispill, datt d’CSV Verantwortung iwwerhëlt a konkret Léisunge fir de Logementsproblem ëmsetzt.