30/10/2026
🇱🇺 D’Menopause gehéiert zum Liewe vu ville Fraen – an awer gëtt nach ze wéineg driwwer geschwat.
Fir dësem Sujet méi Raum ze ginn, hat d’Gemeng Monnerech gëschter zesumme mat der Sozial- an der 3. Alters- a Gesondheetskommissioun op eng Konferenz agelueden.
D’Ekipp vu Lëtz Menopause huet déi verschidde Phase vun der Perimenopause bis zur Postmenopause erkläert a konnt den Interesséierten e puer Tipps mat op de Wee ginn.
Och d’Gesondheetsministesch Martine Deprez war dobäi an huet mat e puer perséinleche Wierder hir eegen Erfarunge mam Public gedeelt.
En häerzleche Merci u Lëtz Menopause an un all déi, déi sech Zäit geholl hunn, fir dobäi ze sinn. Well oppen driwwer schwätzen hëlleft, méi Verständnis ze schafen an Tabuen ofzebauen. 💜
🇫🇷 La ménopause fait partie de la vie de nombreuses femmes – et pourtant, on en parle encore trop peu.
Pour donner davantage de place à ce sujet, la commune de Mondercange a organisé hier une conférence en collaboration avec la Commission sociale et la Commission du troisième âge et de la santé.
L’équipe de Lëtz Menopause a expliqué les différentes étapes, de la périménopause à la postménopause, et a partagé quelques conseils pratiques avec les personnes présentes.
La ministre de la Santé, Martine Deprez, était également présente et a partagé son expérience personnelle avec le public.
Un grand merci à Lëtz Menopause ainsi qu’à toutes les personnes qui ont pris le temps de participer. Car en parler ouvertement permet de mieux comprendre la ménopause et de briser les tabous. 💜
Lëtz Menopause asbl
https://letzmenopause.lu/particuliers