29/09/2026
Lescht Woch krute mir déi traureg Noriicht, datt eise Veteran, de Steffen Pierre, vun eis gaangen ass.
De Pier war e Pompjee mat Häerz a Séil. Wann Hëllef gebraucht gouf, war hien do. Ob am Asaz, bei eisen Aktivitéiten, Feierläsch Formatiounen, op eise Fester hannert dem Grill oder wann eng Crèche oder Schoulklass bei eis op Besuch koum – op de Pier konnt een ëmmer zielen.
Seng Begeeschterung fir d’Pompjeeën war einfach onverkennbar. A wann de Piipsert geruff huet, war hien dacks ee vun deenen Éischten, déi prett waren. Heiansdo war hien esou séier am Eifer, datt hien emol mat de Schlappen um Asaz stoung oder den Helm am Bau vergiess hat.
Dat war de Pier – éierlech, hëllefsbereet a mat ganzem Häerz Pompjee.
Haut huet déi aal Déifferdenger Garde de Pier op sengem leschte Wee begleet.
Mir soen Äddi vun engem Veteran, engem Kolleeg an engem Mënsch, dee vill zu eiser Gemeinschaft bäigedroen huet. Déi vill gemeinsam Asätz, Momenter a Geschichten wäerten eis nach laang un hien erënneren.
Mir wäerten eise Pierchen och Tiger genannt an dankbarer, gudder an éierevoller Erënnerung behalen.
Maach et gutt, Pier.
Merci fir alles.
Du wäerts eis feelen.
Déi aal Déifferdenger Garde.