30/10/2026
🚉 Moderniséierung vun de Garen: weider Verspéidungen
Aus der Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum Deputéierte Ben Streff (QP Nr. 4816) geet ervir, dass d'Aarbechten un der Gare zu Waasserbëlleg eréischt 2030 ufänken a viraussiichtlech 2036 ofgeschloss solle ginn, amplaz wéi ursprénglech geplangt 2032.
Fir d'Gare zu Mäertert an d'Verleeung vum Arrêt ass nach kee konkreten Zäitplang bekannt. Dës Aarbechte sollen eréischt duerno ufänken.
💶 Besonnesch bemierkenswäert ass, dass zanter 2016 scho bal 20 Milliounen Euro an de Projet zu Waasserbëlleg investéiert goufen, dovu knapp 9 Milliounen Euro fir Etüden, ouni fir de Bierger siichtbaart Resultat.
De Schäfferot bedauert dës weider Verspéidung ausdrécklech a kann dësen Zäitplang net als zefriddestellend akzeptéieren. De Gemengerot huet sech dofir ausgeschwat, eng gemeinsam Motioun auszeschaffen, fir d'Regierung opzefuerderen, béid Projete prioritär ëmzesetzen.
👉 Méi Informatiounen am RTL-Bäitrag: https://bit.ly/4e49mGX
🚉 Modernisation des gares : de nouveaux re**rds
Il ressort de la réponse à la question parlementaire du député Ben Streff (QP n° 4816) que les travaux à la gare de Wasserbillig ne débuteront qu'en 2030 et devraient s'achever en 2036, au lieu de fin 2032 comme initialement prévu.
En ce qui concerne la gare de Mertert et le déplacement de l'arrêt, aucun calendrier concret n'a encore été communiqué. Ces travaux ne devraient commencer qu'ultérieurement.
💶 Il convient également de souligner que près de 20 millions d'euros ont déjà été investis dans le projet de Wasserbillig depuis 2016, dont près de 9 millions d'euros pour des études, sans résultat visible pour les citoyens.
Le collège des bourgmestre et échevins regrette expressément ce nouveau re**rd et ne peut accepter ce calendrier comme satisfaisant. Le conseil communal s'est prononcé en faveur de l'élaboration d'une motion commune demandant au gouvernement de donner la priorité aux deux projets.
👉 Plus d'informations dans l'article de RTL : https://bit.ly/4e49mGX
Amplaz 2032 sollen d'Aarbechten zu Waasserbëlleg réischt 2036 fäerdeg sinn, zu Mäertert géing et réischt dono lassgoen.