30/09/2026
✨ E grousse Merci fir eng onvergiesslech Nuit des Lampions! ✨
D’Luuchten si mëttlerweil aus, mee d’Biller, d'Rencontren an déi ganz speziell Atmosphär vun dëser Nuit des Lampions bleiwen nach laang bei eis. 💛🌙 Esou en Owend entsteet net vun eleng. Hannert de Kulisse stieche Woche vu Virbereedung, Kreativitéit, Organisatioun, Opbau, Technik, Logistik – a virun allem ganz vill Mënschen. 💪🎨🔧
E ganz grousse Merci geet un d’Ekippe vun COOPERATIONS ASBL a COOPERATIONS S. Coop, un eis Mataarbechter, un all déi, déi matgebaut, dekoréiert, gekacht, zerwéiert, organiséiert, transportéiert, op- an ofgebaut hunn. 🙌💛
Merci och un Gemeng Wooltz an hir Servicer, un eis institutionell a komerziell Partner, Kënschtler, Techniker, Fournisseuren, Fräiwëlleger an all déi Institutiounen a Leit, déi dës Nuecht mat méiglech gemaach hunn. 🤝🏮
An natierlech: Merci un Iech alleguer, déi komm sidd! Fir Är Virwëtz, Är Begeeschterung an dofir, datt Dir de Gruberbeerig an de Jardin de Wiltz nees mat Liewe gefëllt hutt. ✨🌿
D’Nuit des Lampions ass ëmmer e Gemeinschaftswierk, an dëst Joer huet een dat nees op all Eck gespuert. ❤️ Merci a bis déi nächste Kéier! 🏮🌙✨