01/06/2026
📚🎬 Coups de cœur – Juin | Bibliothèque municipale de Differdange
Pour ce mois de juin, notre sélection vous emmène entre frissons, secrets historiques et action spectaculaire :
📖 Das kleine Böse Buch – Magnus Myst
Un roman jeunesse original et plein d'humour, où un mystérieux livre entraîne ses lecteurs dans une aventure aussi drôle qu'inattendue.
📖 L'Orpheline du Temple – Victoria Mas
Un roman captivant inspiré de l'Histoire, qui nous plonge dans le destin bouleversant de Marie-Thérèse, fille de Louis XVI et Marie-Antoinette.
🎬 Ballerina – Réal. Len Wiseman
Un film d'action intense situé dans l'univers de John Wick, mêlant vengeance, suspense et scènes spectaculaires.
Trois coups de cœur, trois univers différents à découvrir, emprunter et partager sans modération !
📍 Disponibles à la Bibliothèque municipale de Differdange
12/05/2026
Am Mount Abrëll hu mir eis am Bib fir Kids Bicher iwwert d'Villercher ugekuckt. Déi héiere mir jo elo nees mei dobaussen.
Am Buch 'Der Specht der ein Kolibri sein wollte' wëllt de klenge Spiecht onbedéngt e Kolibri sinn. Déi si schei faarweg, kënnen hannertsech fléien a kee reegt sech iwwert sie op dass sie ze vill Kaméidi maachen. Wou et awer dun ufänkt mat reenen, ass de klenge Kolibri frou dass en de Spiecht huet deem him elo eng dreschen Höl baue kann. De Spiecht mierkt dass hie genausou richteg ass wei en ass.
Den Hues Kasimir ass am Buch 'Kasimir hat einen Vogel' fläisseg am gaang Iessen ze sammele fir de Wanter. Am Wanter kommen eng Rei Deiere bei hien Iesse froe well se krank sinn oder net genuch hunn. Mee de Kasimir well absolut net deelen. Wou hien e Kuch baakt an eng Noss well uewen drop setzen, mierkt en dass et keng Noss ass mee en Ee. An aus dem Ee kennt e klenge Villchen. Am Ufank ass de Kasimir e genervt well de Villchen him alles duerchernee mécht. Mee no enger Zeit mierkt hie wei flott et ass net eleng ze sinn an zesummen ze spillen. Wei d'Fréijoer kennt, ass de Kasimir frou wann aner Deiere bei hien kommen an hie mécht Fester wou hien säin Iessen deelt.
Am Buch 'Der Zaunkönig' ass et drëm gaang dass d'Villercher wollten e Kinnek hunn. Fir teischt sollt deen de Kinnek ginn deen am héchste géing fléien an dono dee wou am déifsten kéint an de Buedem eragoen. Ee klenge Villchen huet déi aner ëmmer bedupst an deem hien sech z.b an de Plomme vum Adler verstoppt huet, esou net midd ginn ass beim Fléien an esou mei héicht konnt fléien wei den Adler. Dono huet hien sech an engem Mauslach verstoppt. Well déi aner Villercher genervt vun him waren, geet hien elo net mei bei sie mee hält sech elo éischter bei den Zénk op. Déi aner Villercher hunn hien dofir Zaunkönig gedeeft.
Am Grupp 7-10 hu mir eis och dat klengt Buch ‚Seelenvogel ugekuckt.
Am Buch geet et ëm e klenge Seelenvogel, dee ganz déif am Mënsch lieft. Hien huet vill kleng Tiräng an sech – an all Tirang stécht en anert Gefill: Freed, Trauregkeet, Roserei, Angscht, Léift…
Wann eppes am Liewe geschitt, mécht de Seelenvugel dee passende Tirang op. Sou weist hien eis, wéi mir eis fillen. Heiansdo ass et einfach, d’Gefiller ze erkennen, mee heiansdo si se verstoppt oder gemëscht.
All Mënsch huet eng räich bannenzeg Welt vu Gefiller, an et ass wichteg, drop ze lauschteren an se ze respektéieren
05/05/2026
LIESHOND AN DER BIBLIOTHÉIK!
All puer Woche kennt d'Mari, de Lieshond an d'Bibliothéik fir mat de Kanner Geschichten ze liesen. Zieler vun dem Projet si Spaass um Liesen ze entwéckelen, positiv Erfarunge beim Liese mam Hond ze hunn an esou och säi Selbstvertrauen a seng sozial Kompetenzen ze stäerken. Eng Seance pro Kand dauert 30-45 Minutten. Wann d'Kand ukënnt, begréissen d'Kand an d'Mari sech. Do gëtt d'Mari geheemelt a geknuddelt. Mir maachen heiansdo och e klengt Spill zesumme wou d'Mari e Leckerli verstoppt kritt z.B. Wann d'Kand déi éischte Kéier do ass, kucke mir eis e Fotobuch u vum Mari sengem Liewen. Dono kann d'Kand sech e Buch eraussichen, wann et selwer keent matbruecht huet. Mir maachen eis et dann op der Fotell gemittlech, d'Mari leed sech mat op d'Fotell an da kann et mam Virliese lass goen. D'Kand gëtt wärend dem Liesen net verbessert a fillt sech doduerch net bewäert. Et mécht eng positiv Erfarung beim Liesen. Als Ofschloss kann d'Kand, wann et well, e Bild molen oder nach e klengt Spill mam Mari maachen. Wann d'Kand fir déi éischte Kéier do ass, maache mir eng Foto zesumme mam Kand a mam Mari. Da kréie si nach Zäit fir sech Äddi ze soen.
10/04/2026
Liesung vum 7 März mam Thema Ouschteren: Am Grupp 7-10 hu mir eis 2 Bicher ugekuckt: Am Buch "Das Osterküken" well d´Chippelchen onbedengt op Ouschteren op d´Welt kommen. Mee Ouschteren ass all Joer en aneren Dag. Wéini ass et dann dëst Joer? Am Buch hu mir follgend geleiert: Fir teischt muss een den Ufank vum Fréijoer ofwaarden. Wann d´Fréijoer ugefaangen huet, brauch een den nächste Vollmound an dann ass Ouschtere sonndes no deem Vollmound. Schippelchen am Ee huet et effektiv gepackt an ass genau op deem Dag op d´Welt komm. Am Buch " Rübchens Reise ins Glück" ass d´Rübchen am Ufank vun der Geschicht guer net frou. Hat lieft an engem Käfeg, zesumme mat anere ganz villen Hinger, an huet nach ni d´Sonn gesinn. Et geet just drëm vill Eeër ze leen mee soss ass säi Liewen zimmlech traureg. Enges Daags ginn all d´Hinger matgeholl mee d´Rübchen gëtt vergiess. .
Hat ergräift seng Chance a geet lass fir säi Gléck ze sichen an et huet Chance: Et fënnt e léift Meedchen dat ganz léif mat him ass. Rübchen kann elo frou mat aneren Hinger an der Wiss wullen, sech sonnen an et huet och e gemittlechen Stall. Sou e Liewe misst am Fong all Hong hunn. Mir hunn och driwwer geschwat wéi vill Hinger et wierklech net gutt well mir hier Eeër wëllen iessen a wei eng Eeër ee soll kafe wann ee well hunn dass d´Hinger e schéint Liewen haten. Mir hunn och e puer Eeër faarweg gemoolt an eng Ouschterkaart gebastelt.
Och am Grupp 3-6 ass et em Ouschtere gaangen. Et ginn esouvill Bicher dass mir zum Deel moies aner Bicher gekuckt hu wei mëttes. Am Buch "Ach du buntes Ei" huet de Bopa Ouschterhues vergiess dass den Dag drop Ouschteren ass. Eeër sinn elo nach keng gemoolt. An de Liblingspinsel ass verluer. Ouni dee kann hien net molen. All déi aner Deieren hëllefe sichen, mee leider fannen si en net. De Bopa ass scho ganz verzweifelt mee seng Frënn loossen hien net am Stach. Sie fänken u mat molen an huelen dofir alles wat se fannen, hier Schnuff, hier Féiss, Plommen asw. Sie ginn sech esou gutt drun dass all d´Eeër pünktlech fäerdeg ginn. A wou den Hong, deen de ganzen Dag geschlof huet, wakereg gëtt, fannen se och de Liblingspinsel: den Hong louch drop.
Am Buch "Dann rufen alle Hoppelpopp" verstinn sech déi 5 Kanéngercher ganz gutt: Sie schlofen zesummen op enger Plaz, spillen zesummen asw. Do kennt op 1x en Hues a freet wee vun hinnen dann dee Beschte wier. D´Kanéngercher soen dass et dat bei hinnen net gëtt. Den Hues léist awer net lacker a mécht verschidde Spiller mat hinne fir eraus ze fanne ween dee Beschten ass. Sou ass een dee séiersten, een deen intelligentsten, een de couragéierten asw. Vun elo u versti sie sech awer net mei esou gutt an et gëtt vill Gestreits. Mee op 1x kennt en Dachs an d´Kanéngercher sinn a Gefor. Zesumme kréien sie sech geint den Dachs gewiert a sie wëssen elo dass et hinnen am beschte geet wa sie zesummen halen.
"Das schönste Ei der Welt" 3 Hinger wëllen dat scheinstent Hung sinn. Well sie sech guer net kennen eenegen, ween dat schéinst ass, rifft de Kinnek e Concours aus. Ween dat scheinstent Ëëë leet huet gewonnen. Sie ginn sech allen 3 ganz vill Mei, all Ee ass eppes ganz Besonnesches. Dofir decidéiert de Kinnek dass se allen 3 gewonnen hunn.
"Der Hase und der ungebetene Gast": Den Här Hues ass ganz uerdentlech bis aus engem Ee e ganz onuerdentlecht Schippelche schlüpft. An do seet et och nach Mamma zum Hues. Den Hues ass entsat. Alles ass duercherneen an eng Mama ass hien och net. Dofir mécht hien alles fir dem Schippelchen seng Famill ze fannen. Dat geléngt him och mee wou hien dunn eleng doheem ass, fillt en sech eleng an d´Schippelche feelt him. D´Schippelche proposéiert him Frënn ze bleiwen an dat maache sie dann och.
01/04/2026
Coups de cœur – Avril | Bibliothèque municipale de Differdange
Pour ce mois d’avril, nous vous invitons à découvrir une sélection mêlant mystère, mythologie et intrigue captivante.
📖 Nuages baroques – Antonio Paolacci & Paola Ronco
Un roman atmosphérique et élégant, entre enquête et immersion dans une Italie pleine de secrets et de nuances.
🧒 Moi, Méduse – Sylvie Baussier
Un récit jeunesse original qui revisite la mythologie grecque avec sensibilité et modernité, en donnant la parole à une figure souvent mal comprise.
🎬 Konklave
Un thriller intense plongé au cœur du Vatican, où pouvoir, foi et stratégies s’entremêlent dans une atmosphère aussi fascinante que mystérieuse.
Trois univers différents, trois invitations à voyager, imaginer et frissonner.
📍 Disponibles à la Bibliothèque municipale de Differdange
25/03/2026
Nous vous ouvrons nos portes pour une soirée exceptionnelle à l’occasion de la Nuit des Bibliothèques ! 🌙
Au programme :
🎨 Workshops créatifs
🖌️ Concours de dessin
🎁 Cadeaux surprises à gagner
📖 Et bien d’autres activités à découvrir sur place !
Curieux d’en savoir plus ? 👀🎙️
👉 Découvrez l’interview avec Radio 100,7 ici :
D'Nuecht vun de Bibliothéiken
Zu Déifferdeng an der Bibliothéik ass dëse Freiden(27.03) eng Méi lass, mat Workshoppen, engem Molconcours oder nach Kaddoen, déi verdeelt ginn.
24/03/2026
🇱🇺 D’Nuecht vun de Bibliothéiken ass eng landeswäit Aktioun op Initiativ vun der ULBP - Union Luxembourgeoise des Bibliothèques Publiques, bei där Bibliothéiken uechter d'Land owes hir Dieren opmaachen.
🇫🇷 La Nuit des bibliothèques est une action nationale sur initiative de l' ULBP - Union Luxembourgeoise des Bibliothèques Publiques pendant laquelle les bibliothèques à travers le Luxembourg ouvrent leurs portes en soirée.
Editioun 2026:
📍Bibliothèque publique régionale Dudelange
📍Escher Bibliothéik
📍Ettelbrécker Bibliothéik
📍Maacher Bibliothéik
📍Lëtzebuerg City Bibliothèque
📍Bibliothèque Tony Bourg
📍Bibliothéik Eschduerf
📍Bibliothèque Differdange
📍Welubi Weeltzer Ludo-Bibliothéik
📍Médiathèque "Um Weier" (Sandweiler) (bibliothèque scolaire)
Ville d'Esch
explore esch