27/04/2026
🇱🇺 Den 26.04 huet den Nationalkongress vun „déi Lénk“ stattfonnt. Natierlech waren och „déi Lénk Suessem“ mat dobäi – mir loossen eis jo keng Geleeënheet entgoen, e bëssen frësch Loft an d’Politik ze bréngen 😉
Hei e puer Andréck vum Dag.
🇫🇷 Le 26.04 a eu lieu le congrès national de « déi Lénk ». « déi Lénk Suessem » étaient bien sûr aussi présents — parce qu’on ne rate jamais une occasion d’apporter un peu d’air frais en politique 😉
Voici quelques impressions de la journée.
07/04/2026
« D’Myriam Cecchetti betount, datt et grad an dësen Zäiten immens wichteg wier d’Leit ze politiséieren an iwwer Politik ze informéieren. Ausserdeem wier een als Oppositioun virun e Fait accompli gestallt ginn, […]. »
👇
Suessemer Gemeng verdeelt keng Compte-rendue vun de Gemengerotssëtzunge méi
An der Suessemer Gemeng ginn d'Compte-renduen aus de Gemengerotssëtzungen zukünfteg net méi systematesch un all Stot verdeelt. D'Oppositioun schwätzt vun enger Zort Zensur, d'Buergermeeschtesch vun enger logescher Entscheedung.
27/03/2026
🇱🇺 Op der Generalversammlung vun déi Lénk Suessem gëschter sinn e puer Posten nei besat ginn: ënnert anerem iwwerhëlt de Boris Lombardi d’Koordinatioun vun der Sektioun, zesumme mam Patrizia Arendt. Mir haten och d’Chance d’ Ana Correia an den André Marques bei eis begréissen ze kënnen: mir soe Merci fir de Besuch!
12/03/2026
Léif Membres a Symptahisant.inn.en
2 wichteg Datume fir an äre Kalenner : eis Generalversammlung, de 26. Mäerz 2026 um 19 an der Brasserie du Boulodrome am Metzerlach
an eise Kongress de 26. Abrëll 2026 zu Mamer.
Detailer an den Ordre du jour komme no!
An dësen Zäiten ass et wichteg, dass mir als Lénker présent sinn.
Bei Transportufro net zécken an eng Mail un [email protected] maachen
Mir gesinn eis,
Mat solidaresche Gréiss
30/01/2026
🇱🇺 Den 29 Januar haaten mer eisen Traditionellen Neijoerspatt vun déi Lénk Suessem.
16/01/2026
🇱🇺 Den 15 Januar 2026 war den traditionellen Neijoerspatt vun déi Lénk . Et war net nemmen extrem staark besicht mee och déi Lénk Suessem waren erem staark vertrueden. Mär wënschen en schéint neit Joër.
09/01/2026
Mir gesinn eis bei déi Lénk👇
19/12/2025
🇱🇺 Firwat ass en ondifferenzéierten Altersheempräis sozial ongerecht obwuel all Mënsch dat selwecht bezuele muss ?
Gläichheet a Gerechtegkeet sinn net dat selwecht an um Beispill vun den ondifferenzéierte Präisser fir Leit déi awer net déi selwecht Rent hunn ass kloer: ween eng kleng Rent huet bezilt proportional méi.
Mir brauchen eng genee Opschlësselung vum Pensiounspräis! Wéi héich sinn déi eenzel Deeler : Loyer, Prestations de base … Dësen Exercice muss endlech gemaach gin, an aller Transparenz; mat de Pensionären, hieren Vertrieder.innen an all de Parteien aus dem Gemengerot!
Méi dozou an eiser Stellungnahm am éischten Kommentar.