LSAP Gemeng Kielen

LSAP Gemeng Kielen

Partager

LSAP Gemeng Kielen

09/03/2026

mat de Kolleegen vun der LSAP - Gemeng Mamer an der LSAP Stengefort op der Marche “Frae beweege vill”, déi am Kader vum internationale Fraendag vun de jeeweilegen Chancegläichheetskommissiounen aus deenen 3 Gemengen organiséiert gouf.

Villmools Merci fir d’Organisatioun!
📸Gemeng Mamer

Photos from LSAP Gemeng Kielen's post 06/03/2026

🗳️Dës Woch hu mir eis alljärlech Generalversammlung ofgehalen. De President Marc Bissen ass a senger Ried am Numm vum ganze Comité op dat viregt Joer an der Sektioun agaangen an huet donierft en Ausbléck op dat kommend Joer ginn. Donierft huet hien och d’Aktualitéiten aus dem Schäfferot beliicht. Villmools Merci dem Liz Braz, Süddeputéiert an Escher Gemengeconseillère, fir deen interessanten Témoignage aus der Nationalpolitik.
Mir gesinn eis de 14.03 op eisem Nationalkongress!

23/01/2026

um Neijoerschpatt vun der Gemeng🥂🎈
De Buergermeeschter ass a senger Ried op déi vill Projeten agaangen, déi mir als Koalitioun de Moment am gaange sinn virun ze dreiwen. Eis Gemeng wiisst, a seng Infrastrukturen mat. Mir setzen eis weider dofir an fir déi Erausfuerderungen fir eis Gemeng bäschtméiglech ëmzesetzen.

05/01/2026

🎈💫d'LSAP Kielen wënscht alles Guddes am neie Joer 2026

Mir hoffen, dass dir dat neit Joer alleguer gutt ugefaangen hutt.
Als LSAP Kielen wäerte mir eis och am neie Joer fir e bessert Zesummeliewen an eiser Gemeng asetzen.
Mir invitéieren iech och alleguer op eisen Neijoerspatt, den 12.01.2026 um 19.00h am Festsall zu Ollem.

Du wëlls bei eis matmaachen? Da mell dech gären un iwwert: https://lsap.lu/devenir-membre/

25/12/2025

🎄🥂D’LSAP Kielen wënscht iech an äre Léifsten schéi Feierdeeg🎅🏻

Photos from LSAP Gemeng Kielen's post 09/10/2025

Léif alleguer,
Et ass netméi laang,dann ass de Rouden Owend do. Fir dass mir eis kennen op dee flotten Owend matiech beschtméiglech virbereeden, géinge mir iech bieden, falls dir dat nach netgemaach hutt, iech unzemellen. Dat mat dir ganz einfach iwwer Telefon oder SMSop den: 621 790 641
Hei de Link bei d’Veranstaltung:
https://fb.me/e/3FxPm5odT

Mir freeën eis iechalleguer den 18. zu Ollem ze empfänken 😊

27/09/2025

um Inklusiounsfest, organiséiert vun der Inklusiounskommissioun🎈
Bravo fir déi gutt Organisatioun😃💪

14/09/2025

um Quetschefest zu Keespelt🍻🥳

Photos from LSAP Gemeng Kielen's post 10/08/2025

um Keespelter Duerffest organiséiert vun der KREA🎈☀️

18/07/2025

🇱🇺 Eng Schwämm kënnt op Kielen!

Haut ass am Gemengerot en Accord de principe unanime gestëmmt ginn, deen d'Zesummesetzung vun engem Syndicat tëschent der Gemeng Kielen an der Gemeng Koplescht fir eng Schwämm ze baue méiglech mécht. Kielen brauch eng Schwämm. Als LSAP hate mir eis agesat fir de Projet vun der Schwämm ëmzesetzen. All Kand soll d'Méiglechkeet kréie Schwammen ze léieren. Deem si mir Haut mat dësem Vote am Gemengerot e Schratt méi no komm.



🇫🇷 Une piscine arrive à Kehlen !
Aujourd’hui, le conseil communal a voté unanimement un accord de principe ouvrant la voie à la création d’un syndicat entre la commune de Kehlen et celle de Kopstal pour la construction d’une piscine. Kehlen a besoin d’une piscine. En tant que LSAP, nous nous sommes engagés à faire avancer ce projet tant attendu. Chaque enfant doit avoir la possibilité d’apprendre à nager. Avec ce vote au conseil communal, nous faisons un pas de plus vers cet objectif.

14/07/2025

🎈 um Schoulfest 2025🥳

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

Adresse

Luxembourg