Freedom Not Fear Luxembourg

Site Web

Freedom Not Fear Luxembourg D'Demonstratioun wärt um 14h op der Gare zu Lëtzebuerg ufänken, vun wou aus mer dann wärten en Ëmzuch bis an d'Uewerstaat maachen. SWIFT) musse verhënnert bzw.

An ganz Europa gëtt all Joer eng Freedom Not Fear (Freiheit statt Angst) Demonstration organiséiert vir géint d'verdachtsonofhängeg Iwwerwaachung vun all Bierger ze protestéieren. D'Facebook Event:
https://www.facebook.com/events/1494026164161239/

Eisen Twitter Account:
https://twitter.com/fnfLU


Eis Fuederungen
==========


En Ofbau vun der momentaner Iwwerwaachung! E Stopp vun der Vorratsdatenspeicherung

Nach ëmmer ginn a Lëtzebuerg d’Kommunikatiouns- a Verbindungsdonnéeën vun all Telefon, Handy an Internetverbindung ouni Verdacht fir 6 Méint gespäichert. Dës Praxis ass en schwéieren Agrëff an d’Privatsphär, d’informationell Selwerbestëmmung an ass inkompatibel mat der Onscholdsvermuddung. D’Vorratsdatenspeicherung ass an Däitschland an Tschechien dowéinst schonn als verfassungswiddereg erklärt ginn. Mir fuerderen d’lëtzebuerger Regierung an eis EU-Députéiert op, d’Vorratsdatenspeicherung ze stoppen. Géint Iwwerwaachung, och op EU Niveau! D’lëtzebuerger Regierung muss sech an der EU fir méi Privatsphär an Dateschutz asetzen. Projete wéi den Austausch vu Passagéierdaten tëscht der EU an den USA (PNR – Passenger Name Record) oder den Informatiounsaustausch mat Drëttlänner ouni Kontrollméiglechkeeten (z.B. gestoppt ginn. Fuerschungsprojeten, déi d’Ziel hunn weider Iwwerwaachungsmesurë géint all EU Bierger op ze bauen (z.B. INDECT) dierfen net vun der EU finanzéiert ginn! E Stopp vun weideren Iwwerwaachungsmesuren! Schülerdatebank

Den Gesetzprojet iwwert d’Schülerdatebank geséit vir Profiler vu Schüler ze erstellen. Et ass op kee Fall akzeptabel, datt esou detailléiert Profiler vun net kriminellen Persounen erstallt gëtt. Dowéinst fuerderen mir en direkten Stopp vum Projet! ACTA 2.0

Mat groussen Campagnen huet d’europäesch Bevëlkerung gewisen, dat se net mat ACTA averstanen ass an huet et gepackt d’Ofkommen ze kippen. Dëse Wonsch gëllt et ze respektéieren. All weider Texter déi Elementer vun ACTA erëmhuelen mussen ofgeleent ginn! Vernetzung vun Datebanke mat perséinlechen Informatiounen

D’Regierung plangt ëmmer méi Datebanke mat ëmmer méi perséinlechen Informatiounen, déi och ënnereneen verbonn solle ginn. Nieft dem geplangten nationalen a kommunale Persouneregister solle Schüler a Studenten an der Schülerdatebank kategoriséiert ginn a biometresch Donnéeën op enger elektronescher Carte d’Identité gespäichert ginn. Besonnesch kritesch ass d’Vernetzung vun Datebanken, déi fir d’Erstelle vu ganze Perséinlechkeetsprofiler benotzt kënne ginn. Mir fuerderen en Iwwerdenke vun der aktueller Politik an d’Iwwerschaffe vun de Gesetzprojeten an dësem Beräich! Videoiwwerwaachung am ëffentlechen Raum

Den ëffentlechen Raum gëtt ëmmer méi staark a permanent videoiwwerwaacht. Technologien ewéi beispillsweis biometresch Gesiichtserkennung bréngen eng Rëtsch Geforen mat sech déi d’Politik thematiséieren muss. Eng Verbreedung vun der Videoiwwerwaachung am ëffentlechen Raum muss verhënnert ginn. Et muss méiglech sinn, sech onageschränkt am ëffentleche Raum ze beweegen ouni iwwerwaacht ze ginn! Zensur am Internet

Et muss weider méiglech sinn, seng Meenung frei an anonym auszedrécken. Et dierf net ob Drock vu groussen Firmen eng Zensur vum Internet agefouert ginn! Eng Evaluatioun vun den momentanen Iwwerwaachungsmesuren! D’Bierger an den ëffentlechen Raum ginn ëmmer méi iwwerwaacht. Beweiser fir eng erhéichten Sécherheet existéieren awer net! Mir fuerderen dowéinst eng Iwwerpréifung vun de momentanen Iwwerwaachungssystemer. Rechter schützen! Milliounen Datesätz ginn dagdeeglech vu privater an ëffentlecher Stell gesammelt. Dës Datesammlerei muss gestoppt, den Datenaustausch tëscht Administratiounen an Drëttlänner hannerfrot an d’informationell Selwerbestëmmung gestärkt ginn. D’Perséinlechkeetsrecht, d’Recht iwwer informationell Selwerbestëmmung an d’Onscholdsvermuddung gouffen staark vernoléissegt. Dës Rechter mussen nees méi respektéiert ginn an dierfen net weider ënnert dem Deckmantel vun der Bekämpfung vun Kriminialitéit an Terrorismus léiden.

11/10/2026

Videoüberwachung wird oft als Allheilmittel gegen Kriminalität verkauft. Der Escher Schöffenrat aus DP, Grünen und CSV lässt derzeit neue Visupol-Kameras rund um den Bahnhof installieren; weitere 62 sollen im Stadtzentrum folgen. Schon heute werden Teile

Visupol in Esch/Alzette: Allheilmittel Videoüberwachung?Videoüberwachung wird oft als Allheilmittel gegen Kriminalität v...
11/10/2026

Visupol in Esch/Alzette: Allheilmittel Videoüberwachung?
Videoüberwachung wird oft als Allheilmittel gegen Kriminalität verkauft. Der Escher Schöffenrat aus DP, Grünen und CSV lässt derzeit neue Visupol-Kameras rund um den Bahnhof installieren; weitere 62 sollen im Stadtzentrum folgen. Schon heute werden Teile Eschs dauerhaft überwacht, etwa im Stadtteil Belval-Université.

Videoüberwachung wird oft als Allheilmittel gegen Kriminalität verkauft. Der Escher Schöffenrat aus DP, Grünen und CSV lässt derzeit neue Visupol-Kameras rund um den Bahnhof installieren; weitere 62 sollen im Stadtzentrum folgen. Schon heute werden Teile

1984 war keine Betriebsanleitung !
09/10/2026

1984 war keine Betriebsanleitung !

Nach Bonneweg und dem Bahnhofsviertel soll nun auch die Oberstadt deutlich stärker überwacht werden. Die blau-schwarze Mehrheit will die gesamte Fußgängerzone und umliegende Straßen mit Kameras ausstatten – auch der Boulevard Royal ist im Gespräch. 📹

Wo genau die Geräte hinkommen, muss noch geklärt werden. Gleichzeitig fehlen weiterhin konkrete Zahlen dazu, ob und wie stark Kameras die Kriminalität tatsächlich eindämmen.

👉 Mehr dazu im Artikel: https://www.tageblatt.lu/Luxemburg/DP-und-CSV-wollen-Videoueberwachung-in-Oberstadt-massiv-ausweiten-110229.html

📸 Editpress-Archiv/Julien Garroy, Didier Sylvestre

D’Videoiwwerwaachungskameraen fun der Poliss  ob der Escher Gare schloen bei „ongeweinlechem“ Verhalen AlarmZu Letzebuer...
02/10/2026

D’Videoiwwerwaachungskameraen fun der Poliss ob der Escher Gare schloen bei „ongeweinlechem“ Verhalen Alarm

Zu Letzebuerg gett dei staatlech Videoiwwerwaachung emmer mei ausgedehnt. Elo sollen och biometriesch Systemer ob den Visupolkameraen fun der Poliss benotzt gin, Esou ass virgesin datt dei nei 27 Iwwerwaachungskameraen em d’Escher Gare mat enger „reconnaissance automatique de mouvements inhabituels" équipéiert sollen gin. Bei „verdächtigem“ Verhalten soll dann een Alarm béi engem Polissbeamten ausgeléisst ginn.
Dat ass aus verschiddene Grënn problematesch. Wat als „ongewéinlech“ oder „verdächteg“ gëllt, decidéiert net e Mënsch am Eenzelfall, mee en Algorithmus no Critèren, déi d’Ëffentlechkeet net kennt. Wie sech anescht beweegt wéi d’Majoritéit, zum Beispill well en waart, sech ophält oder sech net un duerchschnëttlech Muster hält, kann en Alarm ausléisen. Domat verstäerkt sech den Upassungsdrock. Dobäi kënnt de Risiko vu Falschalarm an enger Viraussetzung duerch Virurteeler.

Wie man verschwindet: Der Aufstieg der Anti-Überwachungs-Mode
20/09/2026

Wie man verschwindet: Der Aufstieg der Anti-Überwachungs-Mode

Lesen Sie unseren Bericht über adversarielle Mode. Wir haben die führenden Modestücke gegen Überwachung getestet, darunter Reflectacles, AntiAI Clothing, Yelo Pomelo, Cap_able Design, Oogaly und RiotAssembly.

Geheimdienstreform:  Zeitenwende für SpioneBundesnachrichtendienst und Verfassungsschutz sollen „echte“ Geheimdienste we...
18/08/2026

Geheimdienstreform: Zeitenwende für Spione

Bundesnachrichtendienst und Verfassungsschutz sollen „echte“ Geheimdienste werden, sagt Innenminister Dobrindt. Jetzt zeigt der Entwurf für die Komplettreform, was das heißt: Zurückhacken, Abschnorcheln, Kameras anzapfen – und das mit weniger öffentlicher Kontrolle als zuvor.

Bundesnachrichtendienst und Verfassungsschutz sollen „echte“ Geheimdienste werden, sagt Innenminister Dobrindt. Jetzt zeigt der Entwurf für die Komplettreform, was das heißt: Zurückhacken, Abschnorcheln, Kameras anzapfen – und das mit weniger öffentlicher Kontrolle als zuvor.

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Freedom Not Fear Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager