06/05/2026
Den Index wäert am Juni falen, et dierf awer net Tripartite benotzt gi fir en ausfalen ze loossen.
D’Piratepartei ëmfaasst all gesellschaftlech Schichten a gehéiert zu kengem traditionelle politesche Lager. Pirate schaffen themen- a léisungsorientéiert u
D'Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech säit der Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter an, e verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen. Mir fuerdere méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdere mer eng grondleeënd Reform vum Urheberrecht a Patentwiesen. Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewen setzen sech d'Piraten och fir d
06/05/2026
Den Index wäert am Juni falen, et dierf awer net Tripartite benotzt gi fir en ausfalen ze loossen.
28/04/2026
🎬 De Film Fund verdeelt 180 Milliounen u Steiergelder.
📊 Mee wann een Donnéeën kuckt, da gesäit een, dass ëffentlech Suen ëmmer nees un déi selwecht Acteuren fléisse.
⚓💜 D’Piraten kucken, wien hannert de Firmen steet – fir Fairness an Transparenz ze garantéieren.
🇱🇺
27/04/2026
🦫 Nutria zu Lëtzebuerg – Déiereschutz muss Prioritéit hunn.
🦫Dës Déieren goufen viru laanger Zäit importéiert a sinn haut Deel vun eiser Natur. Ee mënschegemaachte Problem. Elo ginn dës Déieren agefaangen.
An duerno? Mir wëlle wëssen, ob d'ANF se dout mécht. 💀
❗ Dat wier fir eis net akzeptabel.
⚓🌱 Ëmweltmanagement däerf net automatesch heeschen, Déieren ze eliminéieren. Et brauch Léisungen, déi d’Liewe respektéieren.
Mir kënnen d’Ausbreedung reguléieren, ouni systematesch Déieren ëmzebréngen.
💜D’Piraten setzen sech fir eng Politik an, déi Déiereschutz eescht hëlt an no Alternativen sicht, amplaz op Doud ze setzen.
Iwwerdriwwe Rechnungen vu der Gemeng:
Mir hu dagéint gestëmmt!
Vill Leit hunn eis haut kontaktéiert fir déi nei ze heisch Rechnungen vu der Gemeng.
Zu Recht!
CSV/LSAP huet d‘Präisser kräfteg erop gesatt, als eenzeg Partei dagéint waren mir.
Mir Pirate sti fir eng anner Berechnung vum Wassserpräis, manner ze bezuele fir Familjen an méi ze bezuelen fir d‘Chantiers, Promoteuren, Millionären etc …
Gemengerot vum 31.03.2025
4.3
Règlement général des tarifs : révision du chapitre II « Canalisation et station d’épuration » – deuxième lecture – décision.
Décision: Accord par 15 voix ‘Oui’,
4 voix ‘Non’ (Piraten).
https://petange.lu/administration/seances-du-conseil-communal/2025-2/