CSF Süden

CSF Süden

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de CSF Süden, Organisation politique, Luxembourg.

Photos from CSF Süden's post 01/06/2026

Den Owend huet CSF Gemeng Suessem zesumme mat der Associatioun "Mäi Wëllen Mäi Wee" op eng informativ an interessant Konferenz mam Thema „Liewensenn an Dignitéit“ invitéiert.

Am Kultur- a Geschichtshaus „A Gadder“ kruten d’Participanten en Abléck an d’Aarbecht vun der Associatioun an an déi gesetzlech Kaderen zu Lëtzebuerg ronderëm d’Liewensenn. Dobäi goufen Themen ewéi Palliativfleeg, Patientenrechter, d’Patienteverfügung, d’Bestëmmunge fir d’Enn vum Liewen, Euthanasie an assistéierte Suizid erkläert an diskutéiert.

E wäertvollen Owend mat villen Informatiounen, Reflexiounen an engem oppenen Austausch, dee gewisen huet, wéi wichteg Dignitéit, Respekt a Mënschlechkeet bis zum Schluss sinn.

Photos from CSF Süden's post 31/05/2026

D’CSF Süden seet e grousse Merci un Simone Franck a seng Equipe fir deen häerzlechen a flotten Empfang beim Brunch vun der CSF Mamer.

Et war e ganz gelongene Moien mat engem exzellente Brunch, ville flotte Gespréicher an enger immens angeneemer Atmosphär am Pavillon Brill. Esou Momenter weisen, wéi wichteg den Austausch an d’Zesummenhalt an eiser Gemeinschaft sinn.

Nach eng Kéier e grousse Merci un déi ganz Equipe fir déi perfekt Organisatioun an déi waarm Gaaschtfrëndlechkeet!

Photos from Martine Deprez's post 30/05/2026

Martine Deprez

18/05/2026

Mir wënschen alle Schüler vill Courage a Succès🍀fir d'Premièresexamen.

15/05/2026

D'CSF Sektioun Suessem invitéiert häerzlech den 01. Juni op eng
Diskussiounsronn zum Thema
„Liewensenn an Dignitéit", zesumme mat der Mäi Wellen Mäi Wee - Association pour le Droit de Mourir dans la Dignité.
E wichtegen Austausch iwwer mënschlech Dignitéit, Fräiheet vun Entscheedungen a Verantwortung um Enn vum Liewen.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

Adresse

Luxembourg