LSAP Monnerech

LSAP Monnerech

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de LSAP Monnerech, Organisation politique, Bergem.

D‘LSAP Sektioun Gemeng Monnerech op Facebook 🌹

President: Maurice Schwarz
Vize-Presidenten: Danielle Bastian & John van Rijswijck
Sekretär: Olivier Bohler
Caissier: Tom Steffen

16/05/2026
Photos from LSAP Monnerech's post 30/04/2026

🌹LSAP AKTUELL - Wat leeft am Gemengerot vum 24.04.2026 ?

-LSAP Wuertmeldung zur Erneierung vun der N13 / der Grand-Rue tëscht Biergem a Steebrécken. 🚧
-Natur- a Klimapakt. Wichteg a richteg! 🌱
-LSAP Interventioun zu neien abordabelen Wunnengen fir Jonker an der Maison Loutsch zu Monnerech. 🤝
-LSAP Interventioun zu engem Reportage op 100,7 wéinst enger méiglecher Kläranlag zu Biergem. 💧

Photos from LSAP Monnerech's post 06/04/2026

Ouschtercup vum 🐣⚽️!

Och 2026 nees e groussen Erfolleg! Merci dem Veräin fir d‘Organisatioun vum Tournoi am Intérêt vun der Jugend an dem Sport 🏆

Photos from LSAP Monnerech's post 21/03/2026

Haut um Konscht - an Hobbymaart zu Biergem. 🎨

Vill Exposanten, engagéiert Veräiner a gutt Stëmmung 🌹

Photos from LSAP Monnerech's post 19/03/2026

🌹LSAP AKTUELL - Wat leeft am Gemengerot vum 13.03.2026 ?

-LSAP Interventioun zur Problematik mat de Valorluxtuten. Befestegungsréng als konkrete Propos.
-LSAP Wuertmeldung zu de Renovatiounen vun eise Sportshalen an der Wichtegkeet vun Alternative fir eis Veräiner.
-LSAP Wuertmeldung zur Konventioun vun der Gemeng mam ONA.

Photos from LSAP Monnerech's post 16/03/2026

Eng chargéiert Woch mat vill LSAP! 🌹

Den 12. Mäerz hat d’LSAP Sektioun Gemeng Monnerech hir Generalversammlung. Mir hunn op en aktiivt an erfollegräicht Joer 2025 zeréckgekuckt – mat flotte Momenter wéi dem Monnerecher Quiz an eisem Pasta-Iessen.

De Marc Biever gouf fir 40 Joer Memberschaft an der LSAP geéiert 📃

Merci un all eis Membere fir hiren Engagement! 💪🌹

De Comité vun der Sektioun ass follgenden: Bastian-Juchem Danielle, Bohler Olivier, Brescia Silvia, Dias Diana, Gaggioli Carlo, Hardt Dany, Klein Thomas, Ontano Luca , Pizzaferri René, Schwarz Maurice, Steffen Tom, Van Rijswijck John. 

De 14. Mäerz war eis Sektioun och gutt um LSAP Nationalkongress vertrueden.
Do goufen nei Parteipresidenten an en neie Grondsazprogramm gestëmmt.
Eise Sektiounspresident Maurice Schwarz gouf dobäi an der Parteileedung confirméiert. 🌹

Photos from LSAP Monnerech's post 06/03/2026

⚡️ Solarstroum besser notzen 🌱

E gutt besichten an informativen Owend ronderëm PV-Anlagen, Solarstroum an Energiegemeinschaften.

Energiegemeinschaften sinn eng flott Méiglechkeet, nohalteg Energie gemeinsam a solidaresch ze notzen. 🤝

Merci fir ären Interessi.

Zesummen – solidaresch an nohalteg.🌹

Photos from LSAP Monnerech's post 13/02/2026

🌞 Solarstroum besser notzen – zesummen, solidaresch an nohalteg!🌱⚡️

Wëlls Du wëssen, wéi ee Solarstroum méi effizient notze kann a wéi Energiegemeinschaften funktionéieren?

Dann komm op eisen Informatiounsowend zu Monnerech!

👉 Informatiounen & Austausch
👉 Erfarunge vun engem Awunner aus der Gemeng
👉 Fachwëssen vun engem Energieberoder

Mell dech gären un – mir freeën eis op en informativen an flotten Austausch! ⚡️🌱

https://forms.gle/2TisVCuuLEnqFKVB9

Photos from LSAP Monnerech's post 08/02/2026

🌹LSAP AKTUELL - Wat leeft am Gemengerot vum 30.1.2026 ?

-LSAP Wuertmeldung zum neien syntheeteschen Terrain fir den FC Monnerech.
-LSAP Interventioun zur Bushaltestell Pafenheck.
-LSAP Interventioun zur Sécherheet um Feldwee Biergem–Steebrécken.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Bergem ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


Bergem