03/06/2026
🇱🇺 Nuit du Sport 🏃♂️🌙
Dëse Samschden fënnt di 2. Editioun vun der Nuit du Sport an de Gemenge Stadbriedemes a Bous-Waldbriedemes statt!
🚧 D’Streck bei deenen zwou Sportshalen ass vun 12:00 bis 24:00 gespaart
🚌 Eng Navette ass vu 15:30 bis 21:30 am Asaz a verbënnt eis Uertschaften🤸♀️ Vill flott Ateliere waarden op Iech – fir Grouss a Kleng
🏀 Highlight: Um 17:30 Auer spillen d'Special Olympics géint eng Ekipp vun Ancienë vum Basket a soss Perséinlechkeeten
🍔🥤 Op béide Sitte gëtt natierlech och fir Iessen a Gedrénks gesuergt
📅 Notéiert iech de 6. Juni a kommt matmaachen 💪😄
🇫🇷 Nuit du Sport 🏃♂️🌙
Ce samedi aura lieu la 2ème édition de la Nuit du Sport, organisée dans les communes de Stadbredimus et Bous-Waldbredimus !
🚧 La route reliant les deux halls sportifs sera fermée de 12h00 à 24h00
🚌 Une navette assurera la liaison entre les deux localités de 15h30 à 21h30
🤸♀️ De nombreux ateliers vous attendent, pour petits et grands, dans une ambiance conviviale
🏀 Moment fort: à 17h30, les Special Olympics affronteront une équipe composée d’anciens basketteurs et d’autres personnalités
🍔🥤 De quoi se restaurer et se rafraîchir sera proposé sur les deux sites
📅 Rendez-vous le 6 juin — venez nombreux participer 💪😄
01/06/2026
🇱🇺 Am Kader vun der Nuit du Sport ass d'Strooss tëscht Bous a Stadbriedemes fir den Trafic gespaart. Zousätzlech gëllt fir en Deel vun der Strooss e Parkverbuet.
🇫🇷 Dans le cadre de la Nuit du sport, la route entre Bous et Stadtbredimus sera fermée à la circulation. Il est par ailleurs interdit de stationner sur une partie de la rue.
🇩🇪 Anlässlich der Nuit du Sport wird die Straße zwischen Bous und Stadtbredimus für den Verkehr gesperrt. Für einen Teil der Straße gilt außerdem ein Parkverbot.
🇬🇧 As part of the Nuit du Sport, the road between Bous and Stadtbredimus will be closed to traffic. Parking on part of the street is also prohibited.
29/05/2026
🇱🇺 30/05/2026: SchleckGranFondo 2026 🚴♂️🚴♂️🚴♂️
Tëscht 🕘 9:00 an 🕛 12:00 Auer kann et zu Verkéiersbehënnerunge kommen. D’Stroossen, duerch déi d’Course féiert, däerfen nëmmen an Course-Richtung befuer ginn 🚧
🚌 Leider ass och den Bustransport betraff: fir fannt hei den entspriechenden Avis
ℹ️ Zousätzlech Informatiounen fannt dir wéi gewinnt op eisem Site:
👉 https://bouswaldbredimus.lu/gf2026/
🇫🇷 SchleckGranFondo 2026 🚴♂️🚴♂️🚴♂️ !
Entre 🕘 9h00 et 🕛 12h00, des perturbations de circulation sont à prévoir. Les routes empruntées par la course seront accessibles uniquement dans le sens de celle-ci 🚧
🚌 L’avis du RGTR est également disponible
ℹ️ Des informations supplémentaires sont disponibles sur notre site :
👉 https://bouswaldbredimus.lu/gf2026/
20/05/2026
🇱🇺 D'Gemengeverwaltung huet am Nomëtte vum 21. Mee 2026 ausnamsweis zou ‼️
🇫🇷 L'administration communale sera exceptionnellement fermée l'après-midi du 21 mai 2026 ‼️
🇩🇪 Die Gemeindeverwaltung bleibt am Nachmittag des 21. Mai 2026 ausnahmsweise geschlossen ‼️
🇬🇧 The municipal administration will be closed in the afternoon on 21 May 2026 ‼️
16/05/2026
Den 12. Mee 2026 hunn d’Schäfferéit aus dem Kanton Réimech am Kader vun hirer Reunioun, déi dës Kéier zu Munneref stattfonnt huet, dat regionaalt Klimaschutz Leitbild ënnerschriwwen ✍️🌳🌻 Dëst Leitbild definéiert gemeinsam Ziler, Prinzippien an Handlungsfelder, ouni an déi operativ Ëmsetzung oder an d’Detailplanung vun den eenzele Gemengen anzegräifen. Konkret Moossnamen, Zäitpläng an d’Budgete bleiwe weiderhin an der Verantwortung vun de jeeweilege kommunalen Instanzen a gi schrëttweis, koordinéiert a bedarfsorientéiert weiderentwéckelt.
De Kanton Réimech setzt op eng verstäerkt regional Zesummenaarbecht, fir gemeinsam a virun allem wierksam den Erausfuerderunge vum Klimawandel entgéintzewierken.
Eng regional Klima-Konferenz, organiséiert vun der Klima-Agence fënnt den 30.06.2026 um 19 Auer zu Munneref am Bierger- a Kulturhaus statt (weider Detailer kommen no).
08/05/2026
Flèche du sud: 13.5.26 - Perturbations de la circulation & bus RGTR
04/05/2026
🇱🇺 Feiert mat eis d'Diversitéit vun eiser Gemeng.
Fir den Europadag den 9. Mee, invitéiert d'Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen, op säin Event "Cuisines du Monde", Op aacht Stänn zerwéieren Awunner vun 12.00 bis 15.00 kulinaresch Spezialitéiten aus hiren Heemechtslänner (esoulang wéi Stock do ass).
An der Buvette, suergt de Frëndeskrees Kamerun fir den Duuscht.
🇫🇷 Venez célébrer la diversité de notre commune.
À l'occasion de la Journée de l'Europe le 9 mai, la Commission du vivre-ensemble interculturel invite à son événement « Cuisines du Monde ». Sur huit stands, des habitants de la commune serviront de 12.00 à 15.00 des spécialités culinaires de leur pays d'origine (dans la limite des stocks disponibles).
A la buvette, le Frëndeskrees Kamerun se chargera des boissons.