Centre d'incendie et de secours Canach

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'organisation

Centre d'incendie et de secours Canach Häerzlech Wëllkomm op der offizieller Facebooksäit vum Centre d'Incendie et de Secours Canach.

Hei fann Dir all wichteg Informatiounen iwwert eise CIS, eis Aktivitéiten, Asätz a villes méi.

10/10/2026
Viru kuerzem hate mir eist Veräinsiessen, dēst stoung des Joer ënnert dem Motto "Merci Roby a Rosch".Lescht Joer am Deze...
09/10/2026

Viru kuerzem hate mir eist Veräinsiessen, dēst stoung des Joer ënnert dem Motto "Merci Roby a Rosch".

Lescht Joer am Dezember hunn de Roby a Rosch eis matgedeelt, dass no no iwwer 40 Joer am Comité vun de Pompjeeë Schluss wier.
Del 2 sinn 1982 an de Comité vun de Pompjee gewielt ginn, domadder war et awer nach net duer gaang. Allebéid hunn weider Verantwortung iwwerholl, de Rosch huet 1985 de Poste vum Chef de Corps iwwerholl,dëst Amt huet e bis 2017 ausgeübt. De Roby huet 1985 de Poste vum Sekretär iwwerholl,war dobai och nach Chef de Corps adj.

Enner hinnen 2 goufen, gouf bei de Pompjeeën zu Kanech vill geleescht:

- de legendäre Jugendcamp 1991
-1994 ass den eichten Beitrag zu Letzebuerv vun der däitscher RTL Show Notruf zu Kanech gefilmt ginn
-1995 Grännung vun enger ASBL.
- Unschaffung vun engem nelen modernen TLF2000
-Fusioun vun de Pompjeeé Lenneng a Kanech
-2004, 100 Joer Feier vun den Lennenger Pompjeeën
-2005 gouf Kanech, am Kader vun der 100 Joer Feier vun de Pompjeeé Kanech ,ob Kopp gestallt
-2002 an 2013 Hëllef bei der Flut zu Grimma
-2014 Grënnung vum First Responder an der Gemeng Lenneng.

No puer Rieden déi duerch laang Weebegleeder gehale goufen, kruten déi 2 nach ee passende Kaddo iwwerreecht.
Ganz verluer sinn déi 2 awer nach net,se bleiwen eis nach als Pompjeeën erhalen.

05/10/2026
🔥🚒 MEET & GREET – kommt laanscht! 🚒🔥Den 18.09.2026 um 17:00 Auer heescht et bei eis: MEET & GREET beim CIS Canach! ❤️‍🔥K...
01/09/2026

🔥🚒 MEET & GREET – kommt laanscht! 🚒🔥

Den 18.09.2026 um 17:00 Auer heescht et bei eis: MEET & GREET beim CIS Canach! ❤️‍🔥

Kommt laanscht, léiert eis Pompjeeën kennen a kritt en Abléck an eis Aarbecht. 👨‍🚒👩‍🚒

Wat erwaart Iech? 👀
🚒 Material an d’Gefierer entdecken
🧯 E puer vun eisen Aufgaben kenneléieren
👩‍🚒👨‍🚒 Eis Ekipp kenneléieren
🥤 Fir eppes ze drénken ass natierlech och gesuergt!

📍 CIS Canach – Rue de l’École, Canach
📅 18.09.2026
⏰ 17:00 Auer

👉 Kommt laanscht – mir freeën eis op Äre Besuch!

18/07/2026

E Samschdeg am Nomëtteg huet zu Stadbriedemes* e Feld net wäit ewech vun engem Haus gebrannt.

Lëschte Samsden haten eis Jugendpompjee hire Beruffspompjee Dag.Moies ass et lass gaang mat engem Appell, duerno  goufe ...
13/07/2026

Lëschte Samsden haten eis Jugendpompjee hire Beruffspompjee Dag.Moies ass et lass gaang mat engem Appell, duerno goufe Jugendpompjee ob Gefierer agedeelt. Nodeems Gefierer kontrolléiert goufen ass et mat Früstück weider gaang . Et huet net laang ob sech waarde gelooss bis Jugendpompjeeën hiren eichten Asaz haten. Nodeems Feier geläscht gouf an Gefierer nees Asazbereet gemaach goufen, ass et weider an Kiche gaang, wou ënner professioneller Opsicht Mëttesiesse preparéiert ginn ass.

Nom raumen a spulle koum deen nächsten Asaz, am Kanecher Wengerstbierg war ee Leefer gefall, dëse misst versuergt ginn, a prett gemaach gi fir den Oftransport. No dem Asaz war eng Erfrëschung néideg , et gouf eng Waaserschlacht gemaach, wou grouss an kleng sech gutt ameséiert haten .Am freien Owend koum dee läschten Asaz fir Schicht, ob engem Bauerenhaff huet et gebrannt. Och dëst war fir Jugendpompjeeën kee Problem, séier war Feier ënner Kontroll.

Zum Schluss gouf mat der Ënnerstëtzung vun der Amicale zesumme mat den Eltere gegrillt.

04/06/2026
13/05/2026

Mir sinn prett.

Och geint Kält an evt.Reen si mir geriicht.

Adresse

18, Rue De L'école
Canach
5414

Téléphone

112

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centre d'incendie et de secours Canach publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à Centre d'incendie et de secours Canach:

Raccourcis

Partager

Services Publics à proximité