30/05/2026
👋 De Juni an eisen Naturschutzzenteren
Och am Juni bidden eis 5 Naturschutzzentere vill verschidden Aktivitéiten, bei deenen et drëm geet d’Natur ze erliewen:
👣 Tëscht geféierte Wanderungen, kreativen Atelieren an Erfarungen am Terrain kriss du d’Geleeënheet, d‘Natur aus enger ganz neier Perspektiv z‘entdecken. Heiansdo geet et dobäi drëms, sech ze beweegen, selwer eppes ze schafen, awer och einfach ze verstoen, wat ronderëm ee geschitt.
🌱 Egal ob eleng, mat Frënn oder mat der Famill, bei eiser villfälteger Offer ass fir jiddereen eppes derbäi.
👉 Sich dir eng Aktivitéit eraus a mell dech un, mir freeën eis op dech.
👉 Méi Informatiounen iwwer eise Programm fënns du iwwer de Link an eiser Bio.
-
🇫🇷En juin, nos 5 Centres nature et forêt vous proposent une multitude d'activités pour découvrir la nature :
👣 Entre randonnées guidées, ateliers créatifs et expériences pratiques en plein air, vous aurez l’occasion de découvrir la nature sous un tout nouvel angle. Il s’agit parfois de bouger, parfois de créer quelque chose de vos propres mains, et parfois simplement de comprendre ce qui se passe autour de vous.
🌱 Que ce soit seul, entre amis ou en famille, notre programme offre à chacun une expérience inoubliable en pleine nature.
👉 Choisissez une activité et inscrivez-vous, nous avons hâte vous accueillir.
👉 Vous trouverez plus d'informations sur notre programme via le lien dans notre bio
-
27/05/2026
🌳Dag am Bësch zu Beetebuerg 👏
Mir soe jidderengem Merci, deen eis dëse Weekend um „Dag am Bësch“ vun der Gemeng Bettembourg besicht huet.
A mir freeën eis schonn iech nächst Joer erëm begréissen ze kënnen.
📸Hei fënns du e puer Andréck vun dësem gelongenen Dag
🇫🇷 Un grand Merci aux nombreux visiteurs qui ont participé au « Dag am Bësch » ce weekend.
Et nous nous réjouissons déjà de vous accueillir à nouveau l'année prochaine.
📸 Vous trouverez ici quelques photos de cette journée réussie.
22/05/2026
🌱🦋 Aweiung vum Bestëbsergaart am Lycée Ermesinde zu Miersch
Um internationalen Dag vun der Biodiversitéit blécke mir haut nach emol op den neie Bestëbsergaart am Lycée Ermesinde zu Miersch zréck, deen de leschte Mëttwoch a Presenz vum Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit Serge Wilmes ageweit gouf.
🤝Hei ass zesumme mat de Schüler*innen vun der Firma „Natter“ bannent dem Lycée Ermesinde en naturnoe Gaart entstan, deen d’Biodiversitéit fërdert andeems e besonnesch de Bestëbser Liewensräim bitt.
Sou goufen an de leschte Méint:
🐝méi wéi 200m2 Surface entsigelt
🐝e Weier geschaf
🐝eng Blummewiss, e Staudebeet an eng Lisière fir Päiperleken ugeluecht
Zousätzlech goufe Sandflächen, Dréchemaueren a Doudholz-Strukturen installéiert, fir geziilt Liewensraim fir Bestëbser an aner Aarten ze schafen.
Dës Zort vu Projeten hëlleft net nëmmen zukünfteg Generatiounen ze sensibiliséieren, mee sinn och eng Inspiratioun duerfir, wéi jidder eenzelen dozou bäidroe kann d’Aartevillfalt z’ënnerstëtzen.
🌼 E grousse Merci u jiddereen, deen un dësem Projet bedeelegt wor.
-
-
Lycée Ermesinde Mersch
21/05/2026
🇱🇺 Haut ass den europäeschen Dag !
🗺️Den Natura2000-Réseau zu Lëtzebuerg, dat sinn :
📌 49 Habitat-Schutzgebidder („Zones spéciales de conservation“)
📌 an 18 Vulleschutzgebidder („Zones de protection spéciale“) déi sech plazeweis iwwerschneiden
📌 koordinéiert vun 8 regionale Comités de pilotage
📌 am Ganze méi wéi 70.000 ha geschützte Landesfläch – dat si ronn 27% vun der ganzer Landesfläch
… op deene sech fir de Schutz an den Erhalt vu wichtegen Arten a Liewensraim agesat gëtt.
ℹ️ Méi Informatiounen op natura2000.lu
--
🇫🇷 Aujourd’hui, c’est la Journée européenne !
🗺️ Le réseau Natura2000 au Luxembourg, ce sont :
📌 49 «zones spéciales de conservation»
📌 et 18 «zones de protection spéciale» qui se superposent à certains endroits
📌 accompagnées par 8 comités de pilotage régionaux
📌 plus de 70 000 ha de surface protégée, soit environ 27 % de la surface totale du pays
… dédiés à la conservation et à la protection d'espèces et d’habitats importants.
ℹ️ Plus d'informations sur natura2000.lu
Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité
15/05/2026
🫵👀 Mir sichen dech!
Hues du Loscht deng Kompetenzen am Déngscht vun der Natur anzesetzen?
Als Chargé*e d’études bei der Naturverwaltung schaffs du u konkrete Projeten, fir Ökosystemer nohalteg ze schützen, ze restauréieren an ze verwalten, am Austausch mat Acteuren um Terrain a mat ville Partner.
Du hues e Master an den Naturwëssenschaften (oder en equivalenten Ofschloss),
du bass gutt organiséiertan du hues Loscht dech weider z’entwéckelen?
ℹ️Da bass du genee déi Persoun déi mir sichen, mell dech bei eis:
https://gd.lu/5WgXSv
-
🫵👀 Rejoins-nous!
Souhaite-tu mettre tes compétences au service de la nature ?
En tant que chargé·e d'études à l'Administration de la nature et des forêts, tu travailleras sur des projets concrets visant à protéger, restaurer et gérer durablement les écosystèmes, en collaboration avec les acteurs de terrain et de nombreux partenaires.
Tu es titulaire d'un master en sciences de la
nature (ou d'un diplôme équivalent), tu es organisé(e) et tu as envie de te perfectionner ?
ℹ️Alors tu as exactement le profil que nous recherchons, postule dès maintenant :
https://gd.lu/5WgXSv
06/05/2026
Gëscht Mëtteg gouf eisen neie Sentier Nature Widdebierg offiziell ageweit, dëst a Presenz vum Buergermeeschter vun der Gemeng Fluessweiler Paul Ruppert, dem Buergermeeschter vun der Gemeng Betzder Marc Ries, dem Directeur adjoint vun der Naturverwaltung Mike Molling a Vertrieder vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit. Am Kader vun enger kommentéierter Visitt wor dëst och d’Geleeënheet, fir nach emol am Detail op dëst eenzegaartegt Gebitt anzegoen.
🌳 E puer Fakten ronderëm de Sentier an de Widdebierg :
✅6,3 km laange Rondwee
✅féiert duerch d’Naturschutzgebitt „Widdebierg-Hierden“, dat 2021 classéiert gouf an duerch seng geographesch Lag a biologesch Diversitéit e wichtege Wëlldéierkorridor duerstellt
✅e Gebitt dat fréier vum Mënsch exploitéiert an zum Deel souguer zerstéiert gouf, an deem mëttlerweil awer rëm interessant an naturno Liewensraim entstan si mat enger grousser geologescher a biologescher Villfalt
✅de Site huet doriwwer eraus och eng besonnesch historesch Bedeitung
📌 Loscht, de Widdebierg selwer z'entdecken? Hei fannt dir méi Informatiounen : https://gd.lu/cJTvrS
-
🇫 Hier après-midi a eu lieu l’inauguration officielle de notre nouveau Sentier Nature Widdebierg, en présence du bourgmestre de la commune de Flaxweiler Paul Ruppert, du bourgmestre de la commune de Betzdorf Marc Ries, du directeur adjoint de l’Administration de la nature et des forêts Mike Molling, ainsi que de représentants du ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité. Dans le cadre d’une visite commentée, ce fut également l’occasion de revenir en détail sur ce site unique.
🌳 Quelques faits autour du sentier et du Widdebierg :
✅ circuit de 6,3 km
✅ traverse la réserve naturelle « Widdebierg-Hierden », classée en 2021 ; grâce à sa situation géographique et à sa diversité biologique, elle constitue un corridor écologique important
✅ un territoire autrefois exploité par l’homme et en partie même détruit, où se sont depuis développés des habitats intéressants et proches de la nature, offrant une grande diversité géologique et biologique
✅ le site possède aussi une importance historique particulière
📌 Envie de découvrir le Widdebierg? Plus d'informations ici : https://gd.lu/cJTvrS
Gemeng Fluessweiler Gemeng Betzder Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité
04/05/2026
🐝🦋🐛De Mee an eisen Naturschutzzenteren
De Mee ass an der Natur eng besonnesch aktiv Zäit. Vill natierlech Prozesser lafen elo gläichzäiteg of a sinn entscheedend fir d’Entwécklung vun de Planzen an Déieren.
🐜D’Insektewelt ass elo staark a Beweegung: Päiperleken, Wëllbeien a Käfere si verstäerkt ënnerwee an duerch dëse Wuesstem vun der Insektepopulatioun, hunn déi kleng Villercher eng sécher Fudderquell.
🌤 Duerch d‘mëll Temperaturen entwéckele sech d’Lafbeem séier, a hir Kroune gi voller Blieder. Doduerch kënnt ëmmer manner Luucht op de Bëschbuedem. D’Fréibléier zéien sech no an no zeréck, a loosse Plaz fir Planzen, déi de Schiet gutt verdroen.
👋Komm an ee vun eise 5 Naturschutzzenteren a léier zesumme mat eisen Ekippen, wat de Mee an der Natur alles mat sech bréngt.
ℹ Opgepasst: Eng Umeldung am Virfeld ass néideg.
Déi jeeweileg E Mail Adress fënns du ëmmer ganz ënnen op der Säit.
👉Méi Informatiounen iwwer eise Joresprogramm fënns du iwwer de Link an eiser Bio.
-
Le mois de mai est une période particulièrement active dans la nature. De nombreux processus naturels qui sont déterminants pour le développement des plantes et des animaux se déroulent en parallèle.
🐜Le monde des insectes bouge : papillons, abeilles sauvages et coléoptères sont présents en grand nombre, et cette croissance de la population d'insectes constitue une source de nourriture fiable pour les oiseaux.
🌤 Grâce aux températures douces, les jeunes arbres se développent rapidement et leur feuillage se densifie. En conséquence, moins de lumière atteint le sol de la forêt. Les premières fleurs s'éteignent progressivement, laissant la place à des plantes qui supportent l'ombre.
👋Viens dans l’un de nos 5 Centres nature et forêt et découvre avec nos équipes ce que le mois de mai réserve à la nature.
ℹ Attention : il faut s’inscrire au préalable.
Les adresses électroniques correspondantes se trouvent en bas de chaque image.
👉Plus d’informations sur notre programme annuel sont disponibles via le lien dans notre bio.
-