Entente Mine Cockerill

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'organisation

Entente Mine Cockerill D‘Entente Mine Cockerill zu Esch-Uelzecht um Site Kazebierg, ass ee historechen Carreau de Mine.

⚒️BOARBELFEIER OP DER COCKERILL 2026 ⚒️Samschdes de 28. November 2026 féiert d‘Entente Mine Cockerill hier traditionell ...
04/11/2026

⚒️BOARBELFEIER OP DER COCKERILL 2026 ⚒️

Samschdes de 28. November 2026 féiert d‘Entente Mine Cockerill hier traditionell Boarbelfeier zu Éieren vun der Hëlleger Barbara, der Schutzpatréinerin vun den Mineuren.

⚒️ 15h30 - Départ vum Cortège vun der Place Pierre-Ponath bei der Galerie „Heinzenbierg“ via de Centre de Natur et Fôret am Ellergronn.
⚒️ 16h00 - Arrivée vum Cortège virun de Gebäier vum Centre de Nature et Forêt am
Ellergronn; Nidderleeë vun enger G***e an eisem Musée wou mer d'Boarbel éieren;
⚒️ 16h20 - Offiziell Usproochen Éierewäin mat enger gudder Kuuscht offréiert vun der Entente. D'Gedrénks (Softdrinks, Schampes, Beier asw.) sinn dest Joër op der Plaaz ze bezuelen entweder cash oder och mat der Kreditkoart.

⚒️Markéiert Iech den Datum an Äre Kalenner.

Gléck Op!

Sonndes den 25. Oktober 2026 woar eng Ekipp vun der Mine Cockerill zu Maybach an Däitschland bei enger Gedénkzeremonie v...
25/10/2026

Sonndes den 25. Oktober 2026 woar eng Ekipp vun der Mine Cockerill zu Maybach an Däitschland bei enger Gedénkzeremonie vum Grouwenongléck vun 1930, a dono zu Fraulautern-Saarlouis op enger Luutebourse.

Gléck Op! 💡⚒️

Freides de 9. Oktober 2026, woar eng grouss Délégatioun vun der SEBES dem (Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûr) ...
10/10/2026

Freides de 9. Oktober 2026, woar eng grouss Délégatioun vun der SEBES dem (Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûr) Sebes.lu bei eis um Carreau de Mine präsent.

Délégatioun woar an 2 kléng Gruppen opgedeelt ginn, se konnten den Centre Nature et Forêt mat engem Guide vun der ANF besichtegen, an de Carreau de Mine Cockerill mat de Guiden vun der EMC.

Gléck Op! ⚒️

🇱🇺 Aus vun eisem Wëllen onofhängege Grënn, musse mär leider déi fir de 15. November 2026 geplangte Luutebourse op der Co...
22/09/2026

🇱🇺 Aus vun eisem Wëllen onofhängege Grënn, musse mär leider déi fir de 15. November 2026 geplangte Luutebourse op der Cockerill am Ellergronn zu Esch annuléieren.
Déi nächst Editioun, wäert am Hierscht 2027 geplangt ginn, a mär géingen eis op Äre Besuch freeën!

Merci fir Äert Versteesdemech.

De Comité vun der Entente Mine Cockerill, Site Kazebierg a.s.b.l..

🇩🇪 Leider müssen wir die am 15. November 2026 geplante Lampenbörse auf dem Grubenareal der Mine Cockerill in Esch-Ellergrund aus Gründen, auf die wir keinen Einfluss haben, in diesem Jahr absagen.
Die nächste Lampenbörse wird voraussichtlich im Herbst 2027 stattfinden. Wir würden uns sehr freuen, Sie dann wieder bei uns begrüssen zu dürfen!

Danke für Ihr Verständnis.

Der Vorstand der Entente Mine Cockerill, Site Kazebierg a.s.b.l.

🇫🇷 Pour des raisons indépendantes de notre volonté, nous sommes contraints d'annuler la Bourse aux lampes de mineurs, prévue le 15 novembre 2026 sur le Carreau de la Mine Cockerill au Ellergrund à Esch/Alzette.
La prochaine édition est prévue pour l'automne 2027, et nous serions heureux de pouvoir vous accueillir à cette occasion.

Nous vous remercions pour votre compréhension.

Le comité de l'Entente Mine Cockerill, Site Kazebierg a.s.b.l.

Gléck Op! ⚒️

Verschidde Memberen vun der Entente Mine Cockerill, dären hier Originnen aus Italien stamen, haten zu Käl bei der "Journ...
21/09/2026

Verschidde Memberen vun der Entente Mine Cockerill, dären hier Originnen aus Italien stamen, haten zu Käl bei der "Journée internationale des Mineurs" Geleeënheet gehat, gutt Gespréicher mat italieenesche Leit dären hier Originnen och aus Italien stamen, an och enger Vertriederin vun der italieenescher Ambassade hei zu Lëtzebuerg, un hier Grousselteren déi och an de Minne geschafft hunn drunn ze erënneren.

Gléck Op! 🇱🇺🤝🇮🇹⚒️ Buona fortuna!

(E puer Impressiounen vum (Alain Meier ) Merci! 📷 ©️

Sonndes de 20. September 2026, woar eng Délégatioun vun der Entente Mine Cockerill op der 35. Editioun vun der „Journée ...
21/09/2026

Sonndes de 20. September 2026, woar eng Délégatioun vun der Entente Mine Cockerill op der 35. Editioun vun der „Journée internationale des Mineurs“ zu Käl, fir zesumme mat de Kollegen aus Frankräich, Däitschland, der Belge, deene Biergleit ze gedenken, déi hirt Liewen am Bierg geloss hunn.

(E puer Impressiounen vum (Alain Meier) Merci! 📷 ©️

Gléck Op! ⚒️

Sonndes de 20. September 2026, woar eng Délégatioun vun der Entente Mine Cockerill op der 35. Editioun vun der „Journée ...
21/09/2026

Sonndes de 20. September 2026, woar eng Délégatioun vun der Entente Mine Cockerill op der 35. Editioun vun der „Journée internationale des Mineurs“ zu Käl, fir zesumme mat de Kollegen aus Frankräich, Däitschland, der Belge, deene Biergleit ze gedenken, déi hirt Liewen am Bierg geloss hunn.
Et woar och eng Geleeënheet fir eis, vill nei international Kontaker ze knäppen.
Leider woaren mär deen eenzege Lëtzebuergesche Biergbauveräin, deen un dëser Éditioun Deel geholl huet.

Gléck Op! ⚒️

[Maquette Carreau de Mine Collart] 🇱🇺 Méindes de 14. September 2026, no 5 Méint Oarbecht ass haut eng Maquette vum Carre...
14/09/2026

[Maquette Carreau de Mine Collart]

🇱🇺 Méindes de 14. September 2026, no 5 Méint Oarbecht ass haut eng Maquette vum Carreau de Mine Cockerill präsentéiert ginn.
D‘Maquette ass am Moossstaf 1:65 nogebaut, an der Zäit vun de Gebridder Charles & Jules Collart ëm 1900, a kann vum Publik bestaunt ginn.

De Maquettist ass de Sekretär vun der Mine Cockerill / Pasquale MARTINI.

🇫🇷Lundi le 14. septembre 2026, après 5 mois de travail, une maquette du carreau de mine Cockerill a été présentée aujourd’hui.
La maquette, réalisée à l’échelle 1:65, représente le site à l’époque des frères Charles & Jules Collart, vers 1900, et peut désormais être admirée par le public.

Le maquettiste est le secrétaire de la Mine Cockerill / Pasquale MARTINI.

Gléck Op ! ⚒️

07/06/2026

Adresse

1, Rue Ellergrund
Esch-sur-Alzette
4114

Téléphone

3522654421

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Entente Mine Cockerill publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à Entente Mine Cockerill:

Raccourcis

Partager